Guyane
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem franséischen iwwerséischen Besëtztum Guyane a Südamerika. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Guyane (Homonymie). |
| Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Basisdaten | |
|---|---|
| Offiziell Sprooch | Franséisch |
| Haaptuert | Cayenne |
| Fläch | 86.504 km² |
| Awunnerzuel | 195.506 (2005) |
| Bevëlkerungsdicht | 2,26 Awunner pro km² |
| Arrondissementer | 2 |
| Kantonen | 19 |
| Gemengen | 22 |
| Prefekt | Jean-Pierre Laflaquière |
| President vum Regionalrot | Antoine Karam |
| President vum Generalrot | Pierre Désert |
| Währung | Euro (€) 1 Euro = 100 Cent |
| Zäitzon | UTC – 3 h |
| Internet-TLD | .gf |
| Internationale Postcode | +594 |
| Kaart | |
Franséisch-Guayane (och Franséisch-Guyana, franséisch Guyane française [gɥiˌjanfʀɑ̃ˈsɛːz] oder Guyane) ass en Iwwerséidepartement an eng Regioun vu Frankräich, am Norde vu Südamerika um Atlanteschen Ozean tëscht Brasilien a Suriname bei 4° nërdlecher Breet a 53° westlecher Längt.
Franséisch-Guayana ass e vollintegréierten Deel vum franséische Staat a gehéiert och domat zur Europäescher Unioun.
Inhaltsverzeechnes |
Geographie [änneren]
Den Departement huet eng Fläch vu 86.504 km² an ass domat ongeféier sou grouss wéi Éisträich. En huet eng 378 Kilometer lang Küst um Atlantik, 730 Kilometer Grenz mat Brasilien [1] a 510 Kilometer mat Suriname.
Den héchste Punkt ass de Mont Bellevue mat 850 m iwwer dem Mier. Am Süde vum Land erstreckt sech eng kleng Mëttelgebiergskette mat maximalen Héichten ëm 800 m, de Massif Tabulaire. Déi wichtegst Flëss si vu Westen no Osten de Maroni, deen d'Grenz mat Suriname mécht, de Sinnamary, den Approuague a den Oyapock, deen op der Grenz mat Brasilien ass.
Franséisch-Guayana huet dat gréisst zesummenhängend Bëschgebitt vu Frankräich a vun der Europäescher Unioun. 90 % vum Land si mat tropesche Reebëscher bedeckt. De wäitaus gréissten Deel vun der Bevëlkerung lieft op der Küst, wou déi gréisst Agglomeratioune sinn.
Wichtegst Stied [änneren]
- Cayenne, 62.996 Awunner (2006), Haaptstad
- Saint-Laurent-du-Maroni, 19.211 Awunner (1999)
- Kourou, 19.107 Awunner (1999)
- Matoury, 18.032 Awunner (1999), gehéiert zur Agglomeratioun Cayenne
- Remire-Montjoly, 15.555 Awunner (1999), gehéiert zur Agglomeratioun Cayenne
Referenzen [änneren]
- ↑ Säit iwwert d'Grenze mat Brasilien (franséisch)
Um Spaweck [änneren]
| Commons: French Guiana – Biller, Videoen oder Audiodateien |
01 Ain · 02 Aisne · 03 Allier · 04 Alpes-de-Haute-Provence · 05 Hautes-Alpes · 06 Alpes-Maritimes · 07 Ardèche · 08 Ardennes · 09 Ariège · 10 Aube · 11 Aude · 12 Aveyron · 13 Bouches-du-Rhône · 14 Calvados · 15 Cantal · 16 Charente · 17 Charente-Maritime · 18 Cher · 19 Corrèze · 2A Corse-du-Sud · 2B Haute-Corse · 21 Côte-d'Or · 22 Côtes-d'Armor · 23 Creuse · 24 Dordogne · 25 Doubs · 26 Drôme · 27 Eure · 28 Eure-et-Loir · 29 Finistère · 30 Gard · 31 Haute-Garonne · 32 Gers · 33 Gironde · 34 Hérault · 35 Ille-et-Vilaine · 36 Indre · 37 Indre-et-Loire · 38 Isère · 39 Jura · 40 Landes · 41 Loir-et-Cher · 42 Loire · 43 Haute-Loire · 44 Loire-Atlantique · 45 Loiret · 46 Lot · 47 Lot-et-Garonne · 48 Lozère · 49 Maine-et-Loire · 50 Manche · 51 Marne · 52 Haute-Marne · 53 Mayenne · 54 Meurthe-et-Moselle · 55 Meuse · 56 Morbihan · 57 Moselle · 58 Nièvre · 59 Nord · 60 Oise · 61 Orne · 62 Pas-de-Calais · 63 Puy-de-Dôme · 64 Pyrénées-Atlantiques · 65 Hautes-Pyrénées · 66 Pyrénées-Orientales · 67 Bas-Rhin · 68 Haut-Rhin · 69 Rhône · 70 Haute-Saône · 71 Saône-et-Loire · 72 Sarthe · 73 Savoie · 74 Haute-Savoie · 75 Paräis · 76 Seine-Maritime · 77 Seine-et-Marne · 78 Yvelines · 79 Deux-Sèvres · 80 Somme · 81 Tarn · 82 Tarn-et-Garonne · 83 Var · 84 Vaucluse · 85 Vendée · 86 Vienne · 87 Haute-Vienne · 88 Vosges · 89 Yonne · 90 Territoire de Belfort · 91 Essonne · 92 Hauts-de-Seine · 93 Seine-Saint-Denis · 94 Val-de-Marne · 95 Val-d'Oise · 971 Guadeloupe · 972 Martinique · 973 Guyane · 974 Réunion · 976 Mayotte