Op den Inhalt sprangen

Boufer

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Bouferdeng)
Boufer
Schëld aus Richtung Hielem
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Bofferdange
de: Bofferdingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Miersch
Gemeng Luerenzweiler
Buergermeeschter Marguy Kirsch-Hirtt
(Är Leit)
Awunner 1.172
  1. Januar 2023
Héicht 280 m
Koordinaten 49° 41’ 22’’ N
      06° 08’ 25’’ O

Boufer ass eng Uertschaft an der Gemeng Luerenzweiler.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Boufer läit am Uelzechtdall, tëscht der Uelzecht an dem Gréngewald a stéisst un d'Dierfer Hielem am Norden, Heeschdref am Süden, Mëlleref am Westen an Aasselscheier am Osten. D'Uertschaft läit op der Staatsstrooss (N7, Route de Luxembourg). Sou wéi vill Dierfer um rietsen Uwänner vun der Uelzecht tëscht der Stad a Miersch, déi un de Plateau vum Gréngewald oder un d'Sandsteekoppen am Norden dervu stoussen läit Boufer deelweis am ënneschten Deel vum Westhank vum Millebierg a gréisstendeels riets vun der N7.

Stroossen[änneren | Quelltext änneren]

D'Boufer Gaass (rue Théodore Pescatore), haut eng Sakgaass ass dem Ferdinand Pescatore no, fréier bis op d'Uelzecht erofgaangen, wou eng Fuert fir op Mëlleref eriwwer bestoung,[1] déi d'Kieme lénks a riets vun der Uelzecht matenee verbonnen huet. (De Flouernumm op dem Mëllerëffer Uwänner vun der Uelzecht ass "Boufer Fuurt"[2]). Op der Mëllerëffer Säit ass näischt méi dovun ze gesinn, wärend op der Boufer Säit op enger schmueler Sträif déi bis bei d'Uetzecht geet an déi mat Hecken a Pëppelen zougewuess ass, fréier e Wee war.

D'Wäissbaach (haut rue du Moulin), sou genannt no der Baach mat dem selwechten Numm, geet erop bei d'Iewescht Millen an an d'Dauschkaul. Als Feldwee féiert d'Strooss da weider op d'Kopp wou s'op der Héicht vum Südportal vum Tunnel Grouft op e Kiem stéisst, dee bei de Bauaarbechte vun der Nordstrooss deelweis zerstéiert gouf, fir da südlech vun der Aasselscheier op den CR124 ze stoussen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Wichteg Famillje vu Boufer waren d'Pescatoren, déi zu Boufer Terrainen haten an héich Beamten a Politiker waren, an d'Reuteren, déi d'Iewescht Mille bedriwwen hunn.[3] Aus der leschter Famill ass de Staatsminister Émile Reuter ("Papa Reuter" genannt[4]) ervirgaangen.

Antiquitéit[änneren | Quelltext änneren]

1933 sinn zu Boufer Keramikstécker an eng Vas entdeckt ginn, déi de Paul Medinger deemools als keltesch betruecht huet.[5] An engem Rapport huet de Medinger och réimesch Griewer zu Boufer ernimmt.[6]

Mëttelalter[änneren | Quelltext änneren]

1267 gëtt Boufer zesumme mat Eesebuer eng éischt Kéier an engem Dokument erwäänt, duerch dat d'Wittfra vum Tholomann vu Steesel ("Tholomann dictus de Steinsele") den Zéngtel vun deenen zwou Uertschafte vum Abt vu St. Maximäin zu Tréier op Liewenszäit accordéiert kritt.[7]

1371 huet den Henri Scholtes vun Dummeldeng dem Klouschter Bouneweg eng Wiss tëscht Boufer an Heeschdref geschenkt.[8]

1376 huet de Jean de Mensdorf seng Terraine vu Boufer der Abtei Almënster vermaacht.[9]

Am 14. Joerhonnert gëtt Boufer och am Compte rendu par le cellerier de Luxembourg mat enger maresse (Mouer oder Weier) an anere Lännereien zitéiert.[10]

Fréi Neizäit[änneren | Quelltext änneren]

1669 huet Boufer als Konsequenz vun dem franséischen Afall angeeblech kee Véi méi, fir d'"Landschatzung" ze bezuelen.[11]

1684 gëtt Boufer an de ganze Mierscher Dall vun de Fransousen ënner dem Maréchal de Créqui evakuéiert.[12]

1701 kritt den Zammermann N. Kirsch vu Boufer den Optrag, d'"Zimmerei" fir d'Kierch zu Schéimerech ze maachen.[13]

1752 refuséiert Boufer, de "Kartoffelzehnten" ze bezuelen.[14]

1766 brenne Boufer an Hielem of.[15]

Laangt 19. Joerhonnert (1789-1918)[änneren | Quelltext änneren]

1797 gëtt d'Boufer Kapell vun de revolutionären Autoritéite sequestréiert a 1798 hire Miwwel verkaf.[16]

1813 huet de Joseph-Antoine Pescatore, 1773 an der Stad gebuer, zu Boufer d'Huarts-Schlass mat dem Domaine kaf. Amplaz vum Schlass huet e sech e Landhaus vum Architekt Jean-François Eydt baue gelooss.[17] Am Chevalier l'Évêque de la Basse Moûturie sengem Itinéraire du Luxembourg germanique gëtt dat Gebei ernimmt: "On remarque [à Bofferdange] la jolie maison de campagne de Mme veuve Pescatore."[18]

1836 ass zu Kedung Kebo op Java den Nikolaus Sandt gestuerwen, deen an der Kinneklecher Nidderlännesch-Indescher Arméi gedéngt hat. Hie war anscheinend de 15. August 1794 zu Boufer op d'Welt koum.[19]

1857 krut de Jean-Nicolas Vandernot, anscheinend den 20. Juni 1790 zu Boufer gebuer, als Veteran vun den napoleoneschen Arméien d'Médaille de Sainte-Hélène.[20]

1861 huet de Luerenzweiler Gemengerot decidéiert, zu Boufer eng Schoul no Pläng vum Charles Arendt bauen ze loossen.[21]

1862 ass d'Zuchlinn Stad-Ettelbréck ageweit ginn, déi duerch Boufer geet. Am selwechte Joer gouf och ugefaangen, d'Schoul ze bauen.

1865 huet d'Koppel Joseph Pescatore (Jong vum Joseph-Antoine Pescatore) an Theresia Eugénie Dutreux vum Architekt Oscar Belanger e Schlass baue gelooss,[22] dat haitegt Altersheem. Si hu sech hei mat Gaardebau beschäftegt. Schonn 1851 hat d'Eugénie Dutreux (1810-1902) eng Mention honorable fir Dëppeplanzen an eng Bronzemedail fir Gaardebauaccessoire kritt.[23] 1853 hat de Joseph Pescatore de Cercle agricole et horticole du Grand-Duché de Luxembourg (op Däitsch: Acker- und Gartenbauverein) matgegrënnt an duerno eng Zäit laang presidéiert.[24] 1874 war d'Theresia Eugénie Dutreux, elo Wittfra, déi éischt Fra, déi Member vun der Société de botanique du grand-duché de Luxembourg war.[25] No 1886 huet de Gaardenarchitekt Édouard André ëm d'Boufer Schlass e Gaart ugeluecht.[26]

1886 ass mam Bau vun enger klenger Kierch ugefaange ginn. De Grondstee gouf wärend der Kiermes vu Luerenzweiler geluecht. Den 20. Juni 1887 gouf d'Boufer Kierch (nach ëmmer wéi virum Neibau "Kapell" genannt), eng Filial vun där vu Luerenzweiler, ageweit. D'Initiativ fir de Bau goung op d'Pescatoren zeréck, déi och den Terrain gestëft hunn. D'Kierch gouf vum Architekt Pierre Kemp am neigotesche Stil geplangt a vun de Bridder Kintzelé vu Luerenzweiler gebaut. Si ass dem hellege Jousef geweit.[27]

1893 gouf d'Waasserleitung vun Hielem op Boufer weidergefouert.[28]

1897 koum de Mathias Bintner, gebuer de 24. Februar 1873 zu Boufer, aus dem Déngscht an der Kinneklech Nidderlännesch-Indescher Arméi op Lëtzebuerg zeréck, nodeems e verwonnt gi war.[29]

Am 19. Joerhonnert ware Boufer a Luerenzweiler wéinst hire Kierfmécher bekannt.[30]

1901 gouf op de Wise vun der Famill Pescatore e belsche Bewässerungsapparat getest.[31]

1903 ass de Viehversicherungs-Verein von Helmdingen-Bofferdingen gegrënnt ginn.[32] Am September vum selwechte Joer hunn d'Visitandinnen (ee 1610 gegrënnte reliéisen Uerden) d'Pescatoresschlass nom Doud vun der Eugénie Dutreux, der Wittfra vum Joseph Pescatore, opkaf.[33] Véier Méint virdrun, am Juni 1903, waren d'Visitandinnen aus Frankräich erausgepucht ginn.[34]

1907 ass d'Joffer Franziska Ruppert als Delegéiert vum Lehrerinnenunterstützungsverein gewielt ginn.[35] Doropshi krut se d'Bronzemedail vum Ordre de la couronne de chêne, wat zu Boufer mat enger Ovatioun gefeiert gouf.[36]

1908 sinn d'Fräiwëlleg Pompjeeë vun Hielem-Boufer gegrënnt ginn.[37]

1914 hu sech zu Boufer 57 Jofferen a Schoulschwësteren aus dem Land versammelt, fir iwwer d'Zeechnen an d'Turnen an der Schoul ze diskutéieren.[38]

Zäitgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

1919 ass fir d'éischt dokumentéiert, dass eng jonk Fra vu Boufer, nämlech d'Madeleine Kirsch, gebuer den 13. September 1898 zu Boufer, eng héijer Schoul, an zwar d'Normalschoul (Joffereschoul), absolvéiert huet.[39]

1920 hunn d'Visitandinnen d'Schlass, dat se nom Éischte Weltkrich verlooss haten, versteeë gelooss. Et ass vun der Alters- und Invalidenversicherung opkaf ginn, déi sech un d'Elisabethinnerinne gewant huet, fir Fleegepersonal ze hunn. 1921 sinn déi éischt Schwëstere vun deem Uerden op Boufer koum.[40] Dat selwecht Joer goung d'Altersheem op, an deem 1922 22 Männer an 2 Fraen ënnerbruecht waren.[41] 1920 huet och den Théodore Pescatore-Villegas säin Domaine versteeë gelooss, dee vun engem gewësse Michel Kummer opkaf gouf.[42]

1921 ass d'Hortulux, Société luxembourgeoise d'horticulture S.A., an der Stad gegrënnt ginn. Ee vun de Grënnungsmemberen a spéideren Direkter war de Jean Bintner, gebuer den 19. September 1890 zu Hielem, a "Gartenbauingenieur" zu Boufer[43], deen ënner anerem an de botanesche Gäert zu Kew an England geléiert hat.[44] Scho kuerz drop sinn zu Boufer Bamschoulen ugeluecht an Anlage fir d'Hortulux gebaut ginn.[45]

Awunner[änneren | Quelltext änneren]

Nom Recensement vum 1. Dezember 1905 hunn zu Boufer déi heite Persounen a Famillje gewunnt:[46]
Bausch Catharine (Boufer, 5. Februar 1830, ohne Stand, verwitwet);
Bausch Johann (Boufer, 20. Mee 1840, “Landwirth”) a Gillen Katharina (Veianen, 24. Oktober 1852, bestuet den 8. Februar 1880);
Bintener-Federspiel Josephine (Hielem, 8. Oktober 1844, ohne Stand, bestuet den 9 August 1862);
Bintz Catharina (Boufer, 30. Januar 1839, Landwirthin, ledig);
Bruck Joseph (Luerenzwëller, 8. Abrëll 1873, Pflasterer) a Kintzelé Susanna (Hielem, 27. Januar 1879) (bestuet den 20. Januar 1904);
Esch Johann Peter (Boufer, 2. Juni 1858, Landwirth) a Ludig Maria (Sandweiler, 4. Mee 1866) (bestuet den 18. Juni 1889);
Esch Johann (Boufer, 21. Abrëll 1846, Steinhauer) a Schaack Anna (Walfer, 1. Dezember 1853) (bestuet den 28. Februar 1881);
Faber Anton (Gärtner);
Faber Mathias (Hielem, 3. Juni 1830, Tagner) an Anna Maria Bintener (Hielem, 6. Oktober 1836) (bestuet de 15. November 1860);
Faber Nicolas (Boufer, 8. Februar 1837, Tagner) a Wanderscheit Anne (Luerenzwëller, 31. Januar 1840) (bestuet den 29. Januar 1868);
Hames Peter (Senneng, 7. März 1845, Gärtner) a Marie Faber (Boufer, 30. November 1845) (bestuet den 29. Januar 1879);
Kirsch Johann Peter (Dudderhaff, 7. Februar 1862, Ackerer) a Koemptgen Margaretha (Boufer, 1. Juli 1866) (bestuet de 16. Januar 1894);
Kolber-Weydert Anna Maria (Ueweraanwen, 16. November 1834) (bestuet mam Anton Kolber zu Nidderaanwen den 11. November 1863, ohne Stand);
Kommes Pierre (Niederanven, 27. Dezember 1838, Tagner) an Thommes Margaretha (Boufer 13. August 1836) (bestuet den 1. März 1865);
Melmer Mathias (Ettelbréck, 17. Juni 1853, Rottenführer) a Schanen Elisa (Schanen Anna-Maria, Helsem, 6. März 1858?) (bestuet den 9. Mee 1881 zu Walfer?);
Netgen Dionysius dit Dominique (Heeschdref, 14. Mee 1869, Liqueurfabrikant) a Wagner Anna (Boufer, 24. Juli 1873) (bestuet den 19. Abrëll 1898);
Marie Anton Dominick Pescatore (Stad Lëtzebuerg, 30. Mee 1842, Rentner) Feltz (Laroche) Anna Catharina (Sierck, 18. Oktober 1842) (bestuet den 28. Abrëll 1863 an der Stad);
Poeckes Viktor (Hielem, 30. Abrëll 1854, Tagner) a Reichling Margaretha (Boufer, 13. Mee 1859) (bestuet de 27. Mee 1903);
Probst Johann Peter (Fëschbech, 18. Dezember 1860, Ackerer) Kintzelé Maria (Boufer, 1. Juli 1858) (bestuet de 16. August 1886);
Reuter Peter (Landwirth, ledig);
Reuter Théophile (Luerenzwëller, 10. September 1870, Verwalter) a Philippe Marie Anne (Hielem, 8. Oktober 1863) (bestuet de 4. Mee 1898);
Trausch Nicolas (aumônier);
Wagener-Buchholtz Magdalena (Hielem, 4. Mee 1848, ohne Stand) (bestuet den 8. November 1865);
43 Visitandinnen.

Seechen[änneren | Quelltext änneren]

Deckel vum Jacques Kintzelé sengem Buch Di siwe Joffren am laange Muer (1952), illustréiert vum Félix Mersch

Am Nicolas Gredt sengem Sagenschatz des Luxemburger Landes stinn zwou Seeërcher iwwert Boufer: eng iwwert e Schappmännchen an eng iwwert e Gespenst, wat an der Nuecht am Gréngewald säin Onwee gedriwwen huet.[47]
1947 huet den Hielemer Jacques Kintzelé (1874-1965) d'Seechen aus der Regioun (ënner anerem de Schappmännchen) an "De Reitkniecht" (1952 als Di siwe Joffren am laange Muer publizéiert) nei verzielt. Am Mëttelpunkt steet den Nik, de Kniecht "zu Bouffer op der Millen", respektiv "zou Bouffer an der Waißbaach", deen d'Legend vun de Siwe Jofferen erzielt an zum Schluss selwer am laange Muer ëmkënnt. D'Plaz, wou den Nik seng Geschichten erzielt ass "bei Wénkels Hänz zu Hiélem", eng Wiertschaft un der Staatsstrooss, an déi och de "Stäsler" kënnt (de Michel Rodange), deen d'Seeërcher rationaliséiert, awer hinnen net all Wourecht ofsprécht: "Wann och kee Wollef do war, / d'Heck muß gewibbelt hunn."[48]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Boufer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Ferdinand Pescatore, "Le gué de Bofferdange", Luxemburger Wort, 18. März 1959, 14.
  2. Kaart 1:5000
  3. Émile Erpelding, Die Mühlen des Luxemburger Landes (Luxembourg: Saint-Paul, 1981), 426; Zu den dräi Mille laanscht d'Wäissbaach, kuck och: idem, "Die Münstermühle von Bofferdingen", in Cinquantenaire de la Chorale Sainte-Cécile Lorentzweiler 1934-1984 (Luerenzwëller: Chorale Sainte-Cécile, 1984), 129-146.
  4. "Petit canon, tonne!", Escher Tageblatt, 20. Januar 1923, 4; "Bierstreik", De Gukuk, 16. Februar 1924, 1.
  5. "Bofferdange", L'indépendance luxembourgeoise, 4. Abrëll 1933, 3.
  6. Victor Medinger, "Promenade historique en compagnie de Paul Medinger", Hémecht 35, Nr. 1 (1983), 25.
  7. Dokument op der Säit vum Landeshauptarchiv Koblenz
  8. Marcel Noppeney, "Lorentzweiler et ses sections. Aperçu historique", in Fanfare de Helmdange. 25e anniversaire [1953], 51.
  9. Marcel Noppeney, "Lorentzweiler et ses sections. Aperçu historique", 50.
  10. Jules Vannérus, ed.,"Les Comptes luxembourgeois du XIVème siècle", Ons Hémecht, 1. Oktober 1898, 516-517.
  11. Schon, Zeittafel, 174.
  12. Arthur Schon, Zeittafel zur Geschichte der Luxemburger Pfarreien von 1500-1800 (Esch: Kremer-Muller, 1955), 196.
  13. Schon, Zeittafel, 236.
  14. Schon, Zeittafel, 420.
  15. Schon, Zeittafel, 508.
  16. Schon, Zeittafel. V, 139; 148.
  17. Jules Mersch, "Les Pescatore", in Biographie nationale. Fascicule II, ed. Jules Mersch (Luxembourg: Victor Buck), 1949, 460.
  18. Chevalier l'Évêque de la Basse Moûturie, Itinéraire du Luxembourg germanique (Luxembourg: V. Hoffman 1844), 307.
  19. J.P. Trœs, "Die Luxemburger in der Niederländisch-Indischen Kolonial-Armee", Ons Hémecht, 1. Februar 1913, 47.
  20. Charles Schaack, 1792-1795. Les Luxembourgeois soldats de la France (Lëtzebuerg: J. Schroell, 1909).
  21. Marcel Noppeney, "Lorentzweiler et ses sections. Aperçu historique", 45; Zur Schoul, kuck och: André Heiderscheid, "D'Luerentzwëller Schoulen 1884/1885", in Cinquantenaire de la Chorale Sainte-Cécile Lorentzweiler 1934-1984, 67-71.
  22. Jules Mersch, "Joseph (Antoine) Pescatore", in Biographie nationale. Fascicule II, 1949, 503.
  23. "Concours horticoles", Courrier du Grand-Duché de Luxembourg, 1. Oktober 1851, 3.
  24. "Samedi dernier a eu lieu...", Courrier du Grand-Duché de Luxembourg, 24. August 1853, 3; Mersch, "Joseph (Antoine) Pescatore", 503-504.
  25. Recueil des mémoires et des travaux publiés par la Société de Botanique du Grand-Duché de Luxembourg (Luxembourg: Th. Schrœll, 1874), 6.
  26. Marc Schoellen, "Gartendenkmalschutz und Gartendenkmalpflege in Luxemburg", forum 287 (Juni 2009): 37.
  27. "Lorenzweiler", Luxemburger Wort, 7. August 1886, 3; "Bofferdingen", Luxemburger Wort, 28. Juli 1887, 3; "Lorentzweiler", Obermosel-Zeitung, 23. August 1887, 2.
  28. Helmdingen, Obermosel-Zeitung, 28. Februar 1893, 2.
  29. J.P. Trœs, "Die Luxemburger in der Niederländisch-Indischen Kolonial-Armee", Ons Hémecht, 1. Abrëll 1916, 124.
  30. "Ein Wort über die Flechtindustrie in unserm Lande", Luxemburger Wort, 9. November 1892, 1.
  31. "Wiesenbewässerung", Luxemburger Wort, 13. Juli 1901, 1.
  32. Memorial, Nr. 27 (11. Abrëll 1903), 405.
  33. "Bofferdingen", Obermosel-Zeitung, 23. Oktober 1903, 2.
  34. "Les congrégations enseignantes de femmes", Le Temps, 7. Juni 1903, 3.
  35. "Lehrerinnenunterstützungsverein", Obermosel-Zeitung, 9. Abrëll 1907, 2.
  36. "Festfeiern", Luxemburger Wort, 7. Mee 1909, 3.
  37. Sapeurs-pompiers Helmdange-Bofferdange. 75me anniversaire [1983], 30.
  38. "Lorentzweiler", Luxemburger Wort, 25. Abrëll 1914, 3.
  39. "Lehrerinnen-Normalschule", Luxemburger Wort, 3. August 1917, 2; "Lehrerinnenprüfungen", Luxemburger Wort, 13. August 1919, 1.
  40. "Versteigerung eines schönen Besitztums", Luxemburger Wort, 19. Juni 1920, 4; "Bofferdingen", Escher Tageblatt, 2. Juli 1920, 3; Camille Eyschen, "Das Altersheim von Bofferdingen", in Cinquantenaire de la Chorale Sainte-Cécile Lorentzweiler 1934-1984, 150-151.
  41. "Luxemburg", Escher Tageblatt, 24. August 1922, 3; "Altersheim", Obermosel-Zeitung, 28. August 1922, 2.
  42. "Wohnhaus-Versteigerung zu Bofferdingen", Luxemburger Wort, 31. Mee 1920, 4; "Bofferdingen", Obermosel-Zeitung, 26. Juni 1920, 3.
  43. "Hortulux", Luxemburger Wort, 15. Oktober 1921, 3; "'Hortulux', Soc. lux d'horticulture S.A.", Escher Tageblatt, 29. Oktober 1921, 5.
  44. Kuck den Dossier Agri-A-320 an den Nationalarchiven.
  45. "Bofferdingen", Luxemburger Wort, 5. Mee 1922, 13.
  46. Recensement vum 1. Dezember 1905, mat zousätzlechen Informatiounen aus dem État civil.
  47. N. Gredt, Sagenschatz des Luxemburger Landes (Lëtzebuerg: V. Bück, 1883), 176 an 200.
  48. Jacques Kintzelé, "De Reitkniecht oder D'Siwen Jofferen am Laangemuer", Obermosel-Zeitung, 30. Juni 1947, 2; Jacques Kintzelé, Di siwe Joffren am laange Muer (Gréiwemaacher: Paul Faber, 1952); deeleweis republizéiert an: Fernand Hoffmann, Geschichte der Luxemburger Mundartdichtung. Zweiter Band (Lëtzebuerg: Bourg-Bourger, 1967), 863-893.