Op den Inhalt sprangen

Bouneweg-Süd

Vu Wikipedia
Bouneweg-Süd
Iwwerreschter vun enger réimescher Villa zu Bouneweg
An anere Sproochen fr: Bonnevoie-sud
de: Bonneweg-Süd
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Awunner 13.550
  31. Dezember 2022
Fläch 239,01 ha
Héicht 315,7 m
Koordinaten 49° 35’ 49.1’’ N
      06° 08’ 34.6’’ O

Bouneweg-Süd ass ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg a läit am Südoste vun der Haaptstad. Zesumme mam Nopeschquartier Bouneweg-Nord/Verluerekascht billt en d'Uertschaft Bouneweg.

Bouneweg-Süd grenzt am Norden un de Quartier Bouneweg-Nord/Verluerekascht an dann, am Sënn vun der Auer, un d'Polvermillen, Hamm, d'Gemeng Hesper, Gaasperech an d'Gare. Am Norde mécht d'Uelzecht d'Grenz mam Nopeschquartier Hamm.

De Quartier läit op enger Héicht tëscht 250,0 an 302,60 m[1].

2001 hunn am Quartier Bouneweg-Süd 10.596 Leit gelieft.

Op den 31. Dezember 2022 waren et der 13.550, wouvun 31,99 % Lëtzebuerger waren an 68,01 % Auslänner[2]. Et ass domat de Quartier mat de meeschten awunner.

Awunner no Nationalitéit (31. Dezember 2022)
Rang Nationalitéit Awunner Prozent
TOTAL 13 550 100,00
01 Lëtzebuerg 4 335 31,99
02 Portugal 2 253 16,63
03 Frankräich 2 080 15,35
04 Italien 1 072 7,91
05 Spuenien 425 3,14
06 Belsch 347 2,56
07 Däitschland 296 2,18
08 Rumänien 215 1,59
09 Griicheland 137 1,01
10 Indien 130 0,96
Top 10 11 290 83,32
Aner Nationalitéiten 2 260 16,68
Commons: Bouneweg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (fr)Les quartiers. maps.vdl.lu. Gekuckt de(n) 28.05.2023.
  2. Stad Lëtzebuerg, La ville en chiffres - État de la population au 31.12.2022.