Gare Centrale (Tramshalt)
Typ | Tramshalt |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 13. Dezember 2020 |
genannt no | Gare Lëtzebuerg |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Garer Quartier |
Koordinaten | 49°35'58,99"N, 6°7'59,99"O, 49°35'59,78"N, 6°8'0,64"O |
Reseau | |
Bedreiwer | LuxTram |
Reseau | Stater Tram |
Linn(en) | Luxtram-Linn T1 |
Gleiser mat Quai | 2 |
Nopeschstatioun(en) |
Paräisser Plaz / Place de Paris, Leschte Steiwer / Dernier Sol |
Gare Centrale ass eng Halt op der Linn T1 vum Stater Tramsreseau, déi den 13. Dezember 2020 opgaangen ass.
Lag vun der Statioun
[änneren | Quelltext änneren]D'Statioun läit op der Place de la Gare am Quartier Gare vun der Stad Lëtzebuerg, tëscht de Statioune Paräisser Plaz / Place de Paris am Norden a Leschte Steiwer / Dernier Sol am Süden.
aus Richtung | virdrun | Statioun | duerno | a Richtung |
---|---|---|---|---|
Findel Aéroport[1] | Paräisser Plaz / Place de Paris | Gare Centrale | Leschte Steiwer / Dernier Sol | Stadion |
D'Statioun läit direkt bei der Gare Lëtzebuerg, no där s'och genannt ass.
Infrastruktur
[änneren | Quelltext änneren]D'Statioun huet 2 Gleiser mat jeeweils engem säitleche Quai an ass mat Tramshaisercher an elektroneschen Informatiounspanneauen ekipéiert. S'ass fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel.
Bei der Statioun gëtt et eng bikebox fir Vëloen ofzestellen an eng Vel'oH!-Statioun. Et huet een Uschloss op AVL an RGTR-Buslinnen (Halten: Gare Centrale a Gare Rocade) grad ewéi op national an international Zuchlinnen.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]Kuckeswäertes an der Ëmgéigend
[änneren | Quelltext änneren]-
de Buer vum 30. Joresdag vum Traité vu Roum
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Gare Centrale (Tramshalt) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ geplangt fir Ufank 2025 (cf Tronçon D | Luxtram.lu – Un tram pour la Ville de Luxembourg, gekuckt den 10. Juli 2023