Op den Inhalt sprangen

Gemeng Wuermer

Vu Wikipedia
Versioun vum 09:28, 7. Mäe. 2020 vum Soued031 (Diskussioun | Kontributiounen) (clean up, replaced: Dräibur → Dräibuer (2) using AWB).
Wuermeldeng
Wuermeldenger Gemengenhaus (2014)
Aussprooch

An anere Sproochen fr: Wormeldange
de: Wormeldingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Gréiwemaacher
Buergermeeschter Max Hengel (CSV)
Awunner 3.200
  1. Januar 2024
Fläch 1.725 ha
Héicht 140 m
Koordinaten 49° 36’ 43’’ N
      06° 24’ 22’’ O
LAU-Code LU1108
Websäit https://wormeldange.lu/
D'Gemeng Wuermeldeng (orange)
am Kanton Gréiwemaacher (rout)
Bléck vun der Köppchen aus op Wuermeldeng

D'Gemeng Wuermeldeng, op Miseler Wormer, d'"Rieslingsgemeen", ass eng vun den 100 Gemengen am Groussherzogtum Lëtzebuerg. Haaptuertschaft ass Wuermeldeng.

Uertschaften an der Gemeng

Häff a Lieu-diten

Geographie

D'Gemeng Wuermeldeng läit op der Musel am Oste vu Lëtzebuerg op enger Héicht tëscht zirka 140 an 340 m iwwer NN. Mat zirka 11 Kilometer Uferlängt vun der Hëttermillen bis op d'Deisermillen an 369 ha Wéngerten huet Wuermeldeng déi gréisst Wäibaufläch am Land.

Nopeschgemenge si Gréiwemaacher am Norden, Fluessweiler a Lenneng am Westen a Stadbriedemes am Süden.

Zu Éinen lafen d'Gouschtengerbaach an d'Lennengerbaach zesummen an dann an d'Musel. Zu Wuermeldeng leeft d'Albaach an zu Ohn leeft d'Donwerbaach an d'Musel.

Geschicht

Entwécklung vun der Awunnerzuel

Quell:STATEC

Politik

Buergermeeschteren[1]

Fréier Gemeng Meechtem

  • bis Mee 1820: Dominique Weydert
  • Mee 1820 - Sept. 1823: Pierre Apel

De Pierre Apel ass am Oktober 1823, wéi Meechtem eng Sektioun vun der Gemeng Wuermer gouf, den zweete Schäffe ginn

Gemeng Wuermeldeng

  • ....
  • bis 1823: Joseph Heynen, Éinen
    • bis 1823: Michel Eischen (maire-adjoint)
  • Okt. 1823 - Okt. 1830: Nicolas Wellenstein, Éinen
  • 1830 - 1836: Theodor Eichhorn, Wuermeldeng
  • 1836 - 1839: Jean-Baptiste Klein, Wuermeldeng
  • Aug. 1839 - Abr. 1842: Nicolas Wellenstein, Éinen
  • 1842 - 1848: Jean-Baptiste Klein, Wuermeldeng
  • 1848 - 1854: Jean Wurth, Wuermeldeng
  • 1854 - Jan. 1855: Mathias Wawer, Éinen
  • Mäerz 1855 - Dez. 1861: Egidius Gindt, Wuermeldeng
  • Jan. 1862 - Dez. 1863: Michel Fohl, Éinen
  • Mäerz 1864 - 1866: Nicolas Toussaint, Meechtem
  • 1867: Albert Wawer, Éinen
  • 1867 - 1878: Nicolas Toussaint, Meechtem
  • 1878 - 1879: Heinrich Ley, On
  • 1879 - 1884: Gustav Eichhorn, Wuermeldeng
  • Feb. 1885 - Jan. 1898: Pierre Pundel, Uewerwuermer
  • Juni 1898 - Feb. 1906: Nicolas Pundel, Wuermeldeng
  • 1906: Pierre Kass, Éinen
  • Okt. 1906 - Juli 1911: Dr. Leo Pundel, Wuermeldeng
  • Jan. 1912 - Dez. 1917: Johann Becker, Éinen
  • Jan. 1918 - Dez. 1920: Dr. Franz Wurth, Wuermeldeng
  • 1921: Nicolas Steichen, Meechtem
  • Jan. 1921 - 1933: Pierre May, Éinen
  • 1934: Mathias Weyrich, Uewerwuermer
  • 1935 - 1941: Pierre Berna, Ohn
  • 1946 - 1963: Mathias Weyrich, Uewerwuermer
  • 1964 - 1974: Aly Duhr, Ohn
  • 1974 - 1993: Joseph Pundel, Wuermeldeng
  • 1994 - 1999: Carlo Wagner, Wuermeldeng
  • 1999: Jeannot Frantz, Wuermeldeng
  • 2000 - 2008: Ernest Demuth
  • 2008 - 2017: Jean Beining
  • zanter 2017: Max Hengel

Verkéiersubannung

Wichtegst Stroosseverbindung ass d'N10, déi och als Wäistrooss bekannt ass. Se leeft parallel laanscht d'Musel duerch déi ganz Gemeng. Ausserdeem lafen nach d'Chemin reprisen 122, 122A, 122B, 122C, 134, 142, 143, 144, 146 an 146A duerch d'Gemeng.

D'Wuermeldenger Bréck ass eng vun de fënnef Brécken iwwer de lëtzebuergeschen Deel vun der Musel, déi d'Gemeng mat der däitscher Uertschaft Wëncher (Wincheringen) verbënnt.

Schoulen

D'Gemeng Wuermeldeng bedreift zesumme mat der Gemeng Fluessweiler eng Regionalschoul mat Sportzentrum zu Dräibuer. Eng Annexe vun der Schoul ass zu Nidderdonwen.

Jumelagen

Wuermeldeng ass jumeléiert mat der portugisescher Gemeng Mortágua.

Bekannt Awunner vun der Gemeng

Interkommunal Syndikater

D'Gemeng Wuermeldeng ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Wuermeldeng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Quell: Geschichtsfrënn vun der Gemeng Wuermer.