Lëtzebuerger Filmpräis 2014
De 6. Lëtzebuerger Filmpräis gouf den 7. Mäerz 2014 verdeelt.
Präiszeremonie
[änneren | Quelltext änneren]D'Zeremonie vum 6. Lëtzebuerger Filmpräis gouf de 7. Mäerz 2014 am GoodBye Monopol 2, dem fréiere Lager vum Buttek Monopol op der Escher Strooss an der Stad Lëtzebuerg, organiséiert. De Gabriel Boisanté huet se viru 700 Gäscht animéiert.[1] De Grupp De Läb hat deen Owend en Optrëtt.[2]
15 Kuerzfilmer, 24 Koproduktiounen, 3 Laangfilmer, 10 Documentairen, 4 Animatiounsfilmer hunn ëm d'Präisser konkurréiert. Amplaz vun enger Jury hunn 2014 eng éischt Kéier déi 430 Membere vun der Filmakademie déi an hiren Ae bescht Filmer ausgewielt.[3]
Et war déi éischt Kéier, datt net méi all Persoun, déi fir d'Kategorië "Bescht kënschtleresch Kontributioun" a "Bescht technesch Kontributioun" eligibel war a fir déi eng Kandidatur agereecht gouf, och automatesch nominéiert gouf. D'Organisateuren hunn eng Preselektioun getraff, an et goufe maximal 30 Persounen an all Kategorie nominéiert.[3] Eréischt mat der 9. Editioun (2021) gouf d'Zuel un Nominéierungen an all Kategorie op fënnef begrenzt. Dowéinst sinn 2014 nach ganzer 24 Produktiounen als bescht Fiktiouns-Koproduktioun nominéiert.
De Film Doudege Wénkel vum Christophe Wagner gouf an der Kategorie "Beschte Spillfilm" geéiert. De Film krut och de Präis fir déi bescht kënschtleresch Kontributioun, deen un de Schauspiller Jules Werner gaangen ass, a fir déi bescht technesch Kontributioun, deen un de Kameramann Jako Raybaut gaangen ass.
2014 goufen et och zwou Kategorie fir Animatiounsfilmer: eng fir Kuerfilmer an eng fir Spillfilmer. An där éischter gouf Mr Hublot geéiert, de scho virdru vill Präisser, dorënner den Oscar gewonnen hat.[4]
De "Prix du jeune espoir", deen et schonn 2009 net méi gouf, éier en 2012 zeréckkoum, gouf nees ofgeschaaft.
Präisdréier an Nominéierungen
[änneren | Quelltext änneren]De Gewënner an all Kategorie ass fett ervirgehuewen.[5]
Beschte Lëtzebuerger Film
[änneren | Quelltext änneren]Beschte Fiktiouns-Kuerzfilm
[änneren | Quelltext änneren]- 22:22 vum Julien Becker
- Antoine vum Cyrus Neshvad
- Asta vum Oliver Koos
- Errances vum Marlyène Andrin
- Do You Believe in Magic? vum Brice Montagne
- Gëff eens vum Eric Lamhène
- Le chagrin des ogresses vun der Myriam Muller
- Le faux départ vum Thierry Besseling
- Manon vum Quentin Montagne
- Serena vum Eric Lamhène
- Géi du scho mol vir vum Govinda Van Maele
Beschten Animatiouns-Kuerzfilm
[änneren | Quelltext änneren]- Mr Hublot vum Laurent Witz an Alexandre Espigares
- Emilie vum Olivier Pesch
- Pipì, Pupù & Rosmary vum Enzo d'Alò
- The Night Light Monster vum/vun der Nicola Coppack
Beschten Animatiouns-Koproduktioun
[änneren | Quelltext änneren]- Ernest et Célestine vum Stéphane Aubier, Vincent Patar a Benjamin Renner
- Le jour des corneilles vum Jean-Christophe Dessaint
- Pinocchio vum Enzo d'Alo
- The Congress vum Ari Folman
Bescht Fiktiouns-Koproduktioun
[änneren | Quelltext änneren]- Hannah Arendt vun der Margarethe von Trotta
- À perdre la raison vum Joachim Lafosse
- Adieu Paris vun der Franziska Buch
- Allez Eddy vum Gert Embrechts
- Arrêtez-moi vum Jean-Paul Lilienfeld
- Avant l'hiver vum Philippe Claudel
- Belle du seigneur vum Glenio Bonder
- Boule et Bill vum Alexandre Charlot a Franck Magnier
- Dead Man Talking vum Patrick Ridremont
- Die Erfindung der Liebe vun der Lola Randl
- J'enrage de son absence vun der Sandrine Bonnaire
- La clinique de l'amour vum Artus de Penguern
- La confrérie des larmes vum Jean-Baptiste Andréa
- La traversée vum Jérôme Cornuau
- Les âmes de papier vum Vincent Lannoo
- Love Eternal vum Brendan Muldowney
- Mobile home vum François Pirot
- Möbius vum Eric Rochant
- Silent City vun der Threes Anna
- Sous le figuier vun der Anne-Marie Etienne
- Tango libre vum Frédéric Fonteyne
- Tip Top vum Serge Bozon
- Une histoire d'amour vun der Hélène Fillières
- Vijay and I vum Sam Garbarski
Beschten Documentaire
[änneren | Quelltext änneren]- Never Die Young vum Pol Cruchten
- Atelier Luxembourg vum Yann Tonnar
- Cello Tales vun der Anne Schiltz
- Charges communes vun der Anne Schiltz a Charlotte Grégoire
- D'Fifties vum Andy Bausch
- Nak Muay vum Christina Muno, Frank Muno, Raoul Schmitz
- Naked Opera vum Angela Christlieb
- Orangerie vun der Anne Schiltz an dem Benoît Majerus
- Sweetheart Come vum Jacques Molitor
- Terra mia terra nostra vum Donato Rotunno
Bescht kënschtleresch Kontributioun
[änneren | Quelltext änneren]- de Schauspiller Jules Werner fir seng Roll an Doudege Wénkel
Bescht technesch Kontributioun
[änneren | Quelltext änneren]- Jako Raybaut fir seng Kameraaarbecht an Doudege Wénkel
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ paperjam.lu: Lëtzebuerger Filmpräis 2014 - 7 mars 2014 (. Mäerz 2014)
- ↑ luxtimes.lu: And the “Filmpräis” goes to... (9. Mäerz 2014)
- ↑ 3,0 3,1 lequotidien.lu: Tout savoir sur les 7e Lëtzebuerger Filmpraïs (23. Februar 2016)
- ↑ lessentiel.lu: «Doudege Wenkel» triomphe aux Filmpräis (8. Mäerz 2014)
- ↑ filmfund.lu: Lëtzebuerger Filmpräis 2014 (net datéiert)