Radar (Verkéier)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Apparat vun der Verkéiersiwwerwaachung. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Radar (Homonymie).
E Radar um CR101 viru Schëndels

Mat Radar bezeechent een ëmgangssproochlech en Apparat dee gebraucht gëtt fir Verstéiss vun de Verkéiersreegelen op der ëffentlecher Strooss festzestellen.

Dës Apparate funktionéiere gemenkerhand op Basis vun der Radar-Technik mat där duerch den Doppler-Effekt d'Vitess vun engem Gefier dat a Beweegung ass, gemooss gëtt. Eng méi rezent Technik ass d'laserbaséiert LIDAR-Technologie ((en) Light Detection and Ranging) bei där de Sensor am Miessapparat op engem Laserscanner baséiert deen d'Strooss an enger héijer Opléisung a mat enger héijer Frequenz oftaascht. Doduerch kann de Miessapparat d'Gefierer an engem Beräich vun 10 bis 75 Meter erfaassen an och verfollegen. Am Miessberäich dee bei 20 bis 50 Meter läit, gëtt d'Vitess vun de Gefierer berechent[1].

Situatioun zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gëtt d'Vitess an d'Flicht fir bei enger rouder Luucht stoen ze bleiwen deels mat automatesche Radaren iwwerwaacht.

Vitess[änneren | Quelltext änneren]

Zanter Mäerz respektiv Mee 2016 gëtt de System vun der automatescher Vitessiwwerwaachung an enger stationärer a mobiller Variant zu Lëtzebuerg agesat[2],[3]. Dobäi gëtt automatesch de Proprietär vum Gefier ugeschriwwe wann déi erlaabt Vitess inklusiv Toleranz iwwerschratt ass. Agesat gëtt haaptsächlech de PoliScan speed um Produzent Vitronic vu Wiesbaden.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: PoliScan speed.

Punktuelle Radar[änneren | Quelltext änneren]

Déi stationär Systemer déi d'Vitess punktuell moossen, sinn op follgende Plazen installéiert:

Punktuell Radaren zu Lëtzebuerg
ID-Nr[4] Strooss Uertschaft / Streck installéiert Koordinaten
1 N12 Éimeschbaach 2016 50° 05’ 23.2’’ N
      5° 57’ 09.9’’ E
2 N7 Duerschterhaischen 2016 50° 02’ 27.5’’ N
      6° 04’ 43.5’’ E
5 N14 Steeën 2016 49° 49’ 25.1’’ N
      6° 11’ 19.4’’ E
7 N10A Steenem 2016 49° 48’ 48.7’’ N
      6° 29’ 01.2’’ E
8 N7 Rouscht 2016 49° 46’ 10.2’’ N
      6° 05’ 11.8’’ E
12 CR101 Schëndels 2016 49° 42’ 52.5’’ N
      6° 05’ 25.4’’ E
13 N28 Pläitreng 2016 49° 35’ 26.0’’ N
      6° 16’ 43.6’’ E
14 N5 Niderterhaff 2016 49° 35’ 36.4’’ N
      6° 01’ 08.6’’ E
15 N13 Welfreng 2016 49° 32’ 30.8’’ N
      6° 17’ 14.5’’ E
16 N7 Lëpschter Dällt 2016 49° 54’ 52.5’’ N
      6° 06’ 17.6’’ E
18 N8 Recken 2016 49° 45’ 08.7’’ N
      6° 04’ 44.0’’ E
19 N10 Schmëttewier 2016 49° 50’ 18.3’’ N
      6° 19’ 15.7’’ E
20 N24 Uewerpallen 2016 49° 43’ 53.2’’ N
      5° 52’ 25.5’’ E
23 N13 Garnech 2016 49° 37’ 48.1’’ N
      5° 57’ 23.0’’ E
25 N3 Schlammestee 2016 49° 31’ 57.9’’ N
      6° 10’ 48.3’’ E
27 N10 Hëttermillen 2016 49° 35’ 19.6’’ N
      6° 22’ 24.7’’ E
34 B7/A7 Schieren 2016 49° 50’ 03.0’’ N
      6° 06’ 00.0’’ E
35 N15 Heischtergronn 2016 49° 54’ 13.0’’ N
      5° 57’ 36.3’’ E
45 A4/B4 Rond-point Märel 2016 49° 36’ 01.2’’ N
      6° 06’ 04.6’’ E
53 N8 Sëll - Bruch 2018 49° 43’ 53.2’’ N
      6° 00’ 27.5’’ E
54 CR118 Miersch - Bënzert 2018 49° 45’ 02.3’’ N
      6° 07’ 26.5’’ E
62 A4 Rond-point Raemerech 2018 49° 30’ 41.1’’ N
      5° 58’ 07.6’’ E
66 B40 Liaison Micheville (Belval) 2018 49° 30’ 00.1’’ N
      5° 56’ 35.5’’ E
67 N12 Léierhaff 2019 49° 51’ 21.9’’ N
      5° 56’ 45.7’’ E

De Radar deen op der N11 kuerz viru Gonnereng stoung, ass de 15. Juni 2020 mat engem Streckeradar ersat ginn.

Infraktiounen op de punktuelle Radare vun 2016 bis 2020[5][änneren | Quelltext änneren]

An den éischte 6 Méint, nodeem s'a Betrib goungen, goufen am Ganzen 168.345 Infraktioune festgestallt[6].

Am Joer 2017 - dat éischt, iwwer dat et komplett Zuele gëtt - goufen 12,5 Milliounen Euro duerch d'Radaren ageholl: 233.000 Avertissement-taxéen à 49€ a 7000-mol waren 145€ an zwéi Punkte fort[7].

No dräi Joer Betrib, am Mäerz 2019, goufen am Ganze bal 800.000-mol Chauffeure geblëtzt, déi ze séier ënnerwee waren[8]. Bis Dezember 2020 hunn all d'Radaren zesummen 961.615-mol geblëtzt.

97% vun de Chauffeure ware liicht ze séier an hu missen 49€ Strof bezuelen. 3.657-mol huet et sech ëm e schwéiere Verstouss gehandelt, et hu missen 145€ bezuelt ginn an zousätzlech 2 Punkten um Punktefürerschäin. 520-mol war et en délit de grande vitesse. D'Zuel vun de Verkéiersdoudegen ass zanter hir erof gaangen a louch dräimol ënner 30 Persounen pro Joer: 2016: 32; 2017: 25; 2018: 36; 2019: 22; 2020: 26.

Streckeradar[änneren | Quelltext änneren]

Zanter dem 15. Juni 2020 steet op der N11 tëscht dem Waldhaff a Gonnereng e sougenannte Streckeradar. Entgéint dem normale Radar, rechent dëse Modell d'mëttel Vitess déi vum Gefier op der ronn 3,8 km-laanger Streck gefuer gouf. De System erfaasst d'Gefier mat der Plackennummer wann et an den Tronçon erafiert, an eng zweet Kéier wann et nees erausfiert. De System rechent dann d'mëttel Vitess déi gefuer gouf. Gouf déi erlaabt Vitess agehalen, ginn d'Donnéeë geläscht, am anere Fall gëtt d'Gefier fotograféiert an de Besëtzer kritt - wéi beim normale Radar - en Avertissement taxé geschéckt. Iwwer déi éischt fënnef Deeg hat de Streckeradar 121 Infraktioune festgehalen[9].

Streckeradaren zu Lëtzebuerg (Stand: 25.11.22)
ID-Nr[4] Strooss Uertschaft / Streck installéiert Koordinaten
22 N11 Gonnereng - Waldhaff 2020 49° 41’ 17.8’’ N
      6° 13’ 52.4’’ E
49° 39’ 45.0’’ N
      6° 11’ 51.3’’ E
69 A13 Tunnel Markusbierg 2021 49° 28’ 54.8’’ N
      6° 20’ 23.5’’ E
49° 28’ 39.9’’ N
      6° 21’ 35.2’’ E
70[10] A7 Tunnel Stafelter 2022[11] 49° 39’ 16.1’’ N
      6° 10’ 55.1’’ E
49° 39’ 54.7’’ N
      6° 09’ 47.9’’ E
71[10] A7 Tunnel Grouft 2022[11] 49° 41’ 23.1’’ N
      6° 09’ 47.3’’ E
49° 42’ 26.9’’ N
      6° 08’ 31.3’’ E
72[10] A7 Tunnel Gousseler Bierg 2022[11] 49° 42’ 32.7’’ N
      6° 07’ 07.0’’ E
49° 43’ 51.4’’ N
      6° 06’ 20.1’’ E

Vu Januar 2022 bis Juli 2022 goufen am Tunnel Markusbierg 45.489 Verstéiss festgestallt, wouvun der 35.095 vun Automobiliste waren, deenen hiert Gefier net zu Lëtzebuerg ugemellt war[12].

Mobille Radar[änneren | Quelltext änneren]

Radar-Unhänger op der N7

Zu de mobille Radaren zielen déi, déi an engem banaliséierten Auto agebaut sinn oder déi als Unhänger laanscht d'Strooss opgestallt ginn.

Mobil Radare kënnen z. B. an engem Schantjen opgestallt ginn. Op der A4 stoung sou e mobille Chantiers-Radar vum 5. bis den 13. Mäerz 2019 an huet am ganzen 12.546 Infraktioune festgestallt. Doropshi goufen 10.279 Avertissement-taxéë vun 49 Euro an der 1.465 vun 145 Euro ausgestallt. Doriwwer eraus goufen och nach 802 Délits de grande vitesse festgestallt[13].

Policekontroll[änneren | Quelltext änneren]

Policekontroll mat der Radar-Spektiv zu Gaasperech

Bei Kontrollen déi d'Police mécht a bei deenen d'Automobilisten ugehalen an direkt protokolléiert ginn, gëtt d'Vitess gemenkerhand mat de sougenannte Radar-Spektive gemooss.

Rout-Luucht[änneren | Quelltext änneren]

Rout-Luucht-Radar bei der Stäreplaz
En Automobilist gëtt zu Hollerech „geblëtzt“

Zanter dem 23. Juli 2021 ass an der Stad den éischte Rout-Luucht-Radar um Boulevard de la Foire bei der Stäreplaz am Asaz. E kontrolléiert iwwer déi véier Spueren déi et do gëtt, ob d'Chauffere bei Rout stoe bleiwen an awer och ob se d'Vitess anhalen[14].

Am éischte Mount nodeem en a Betrib war, goufen 1.058 Verstéiss festgestallt: 582 Chaufferen sinn net bei Rout stoe bliwwen a 476 waren der ze séier ënnerwee. Bei 36 Automobilisten waren et déi 2 Infraktiounen zesummen[15].

Am Juni 2022 installéiert, „blëtzen“ esou Apparater zanter dem 1. Dezember 2022 och zu Hollerech an der Géigend vum Campus Geesseknäppchen[16].

Rout-Luucht-Radaren zu Lëtzebuerg (Stand: 25.11.22)
ID-Nr[4] Strooss Uertschaft / Streck installéiert Koordinaten
68 N51 Uewerstad, Boulevard de la Foire 2021 49° 36’ 49.5’’ N
      6° 07’ 13.3’’ E
46 N56A Hollerech, Kräizung bd Pierre Dupong 2022 49° 35’ 59.9’’ N
      6° 06’ 50.9’’ E
47 N4 Hollerech, Escher Strooss 2022 49° 35’ 58.9’’ N
      6° 07’ 07.0’’ E
48 N56A Hollerech, Boulevard Dr Charles Marx 2022 49° 35’ 59.1’’ N
      6° 07’ 10.9’’ E

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Radaren zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Procédure standardisée du système de contrôle et de sanction automatisé – Äntwert vum Här François Bausch, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten op déi parlamentaresch Fro n°1081 vum 19. August 2019 vum honorabelen Deputéierte Marc Goergen (08.10.2019). Gekuckt de(n) 27.11.2022.
  2. Ab dem 16. März wird es teuer op wort.lu vum 25. Januar 2016
  3. Radargeräte gehen in zweite Phase - Doppeltes Blitzlichtgewitter op wort.lu vum 7. Mee 2016
  4. 4,0 4,1 4,2 Nummeréierung wéi se op geoportail.lu uginn ass
  5. Äntwert vum Har François Bausch, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, a vum Har Henri KOX, Minister fir bannenzeg Sécherheet, op d'parlamentaresch Ufro N°3326 vum 17. Dezember 2020 vun den honorabelen Deputéierten Max HAHN an Claude LAMBERTY zum Sujet Impact des radars fixes. www.chd.lu. Chambre des Députés (19.01.2021). Gekuckt de(n) 25.11.2022.
  6. "Radaren: Bausch confirméiert 168.345 Infraktioune bannent 6 Méint." rtl.lu, 31.10.2016, 10:21:05.
  7. "Recettë fir 2017 leie bei 12,5 Milliounen €, Radar-tronçon kënnt d'nächst Joer." rtl.lu, 20.11.2018, 12:55:39.
  8. Sophie Hermes: "Neues von der Blitzerfront." wort.lu, 16-03-2019.
  9. Sophie Hermes, Streckenradar: 121 Fahrer seit Montag geblitzt. wort.lu. Gekuckt de(n) 20.06.2020.
  10. 10,0 10,1 10,2 Les radars de l'A7 ne flasheront pas avant le printemps. Virgule (28.09.2022). Gekuckt de(n) 25.11.2022.
  11. 11,0 11,1 11,2 gëtt am Fréijoer 2023 operationell geschalt
  12. Gemeinsam Äntwert vum Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten a vum Minister fir bannenzeg Sécherheet op d'parlamentaresch Fro n°6538 vum 22. Juli 2022 vum Här Deputéierten Jeff Engelen (27.09.2022). Gekuckt de(n) 27.11.2022.
  13. Base légale pour les contrôles de vitesse – Gemeinsam Äntwert (…) op d'parlamentaresch Ufro N°2340 (…) iwwert d'Reglementatioun bei engem Chantier (13.07.2020). Gekuckt de(n) 27.11.2022.
  14. Le radar feu rouge à la Place de l'Étoile à Luxembourg-Ville sera mis en service le 23 juillet 2021. gouvernement.lu (2021-07-19). Gekuckt de(n) 2022-11-25.
  15. Nouveau radar "Stäreplaz" – Réponse écrite de Monsieur François Bausch, Ministre de la Mobilité et des Travaux publics. www.chd.lu (27.08.2021). Gekuckt de(n) 27.11.2022.
  16. Sécurité routière au Luxembourg: phase-test de 3 radars feu rouge à Hollerich à partir du mercredi 1er juin 2022. travaux.public.lu Gearchiveerd op 2022-11-25. Gekuckt de(n) 2022-11-25.