D'Franséisch Revolutioun markéiert d'Enn vum Ancien Régime an engem Land, wat bis dohi fir seng absolutistesch Kinneke berüümt war (virun allem de Louis XIV.). Fir d'éischt Kéier an der europäescher Geschicht, zanter der Antiquitéit, gouf de Prinzip selwer vun engem monarchistesche Regime iwwerworf. De groussen Impakt vun der Franséischer Revolutioun kënnt och duerch d'Kricher déi e groussen Deel vun Europa betraff hunn, der Grënnung vu Schwëster-Republiken. Duerch d'Revolutioun goufen och vill Iddie vun de Lumières a ganz Europa verbreet.
D'Thema ass bis haut ënner Historiker ëmstridden, net zulescht wéinst de Grausamkeete vun der Terreur an dem Wee dee si ageschloen huet... > méi
… de Jean-Baptiste Nothomb (1805-1881) ee vun de "Pappe" vun der Belscher Verfassung war?
... de Schwaarze Spiecht, dee virum Ufank vun den 1960er Jore just an de Biergbëscher an Nord- an Zentraleuropa doheem war, sech zanterhier am flaache Land bis op den Atlantik breetgemaach huet, ouni datt genee gewosst ass firwat?
... den Habschter Tunnel, beim Ofschloss vun den Aarbechten 1879, dee längsten am Land war?
...de Rapport iwwer e Leefer, deen d'Victoire an der Schluecht vu Marathon mat sengem leschten Otemzuch zu Athen soll verkënnegt hunn, eng Erfindung aus dem 4. Jh v. Chr. war?
1979: Iranesch Studente besetzen d'amerikanesch Ambassad zu Teheran a fuerderen d'Ausliwwerung vum Schah Mohammad Rezah Pahlavi deen an d'USA geflücht war. D'Besetzung dauert bis den 20. Januar 1981.
1982: Doud vum franséische Filmregisseur a -schauspiller Jacques Tati.