Biergerpartei Lëtzebuerg
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Biergerpartei Lëtzebuerg. Fir eng fréier Partei mat engem änlechen Numm, kuckt wgl. Lëtzebuerger Bierger Partei. |
Biergerpartei Lëtzebuerg | |
---|---|
Nationalpresident | Steve Schmitz |
Vizepresident | Johny Dinckelspiel |
Generalsekretär | Camille Wagener |
Generalkeessjee | Marcel Bernardy |
Gegrënnt | 15. Abrëll 2024 |
Parteizentral |
28 op der Thomm L-9912 Ëlwen |
Jugendorganisatioun | Jonk Biergerpartei |
Ideologie | Sozial Gerechtegkeet, Ekonomesch Verantwortung, National Identitéit |
Politesch Positioun | Mëtt bis Mëtt-riets |
Faarf | Giel |
Chamber |
0/60 Sëtz |
Europaparlament |
0/6 Sëtz |
Websäit | https://www.biergerpartei.com/ |
D'Biergerpartei Lëtzebuerg[1][2] ass eng lëtzebuergesch politesch Partei, déi gegrënnt gouf, fir sech fir eng gerecht a sozial Zukunft, eng Moderniséierung vum Transport, an eng effizient Gesondheetspolitik anzesetzen.[3]
D’Partei ass op enger biergerlecher a patriotescher Basis opgebaut an engagéiert sech dofir, datt d'Interesse vun den Awunner vu Lëtzebuerg an engem demokratesche Kader vertruede ginn.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Partei gouf de 15. Abrëll 2024 vum Steve Schmitz, engem fréiere Member vun der ADR an der Liberté - Fräiheet gegrënnt, dee President vun der Biergerpartei ass. Matgrënner waren de Camille Wagener (Generalsekretär) an de Marcel Bernardy (Generalkeesjee). D'Partei gouf aus der Initiativ gegrënnt, fir eng nei, nohalteg politesch Stëmm an der nationaler Politik opzebauen.
Struktur an Organisatioun
[änneren | Quelltext änneren]D’Partei besteet aus engem zentralen Nationalkomitee, enger Jugendorganisatioun (Jonk Biergerpartei), an engagéierte Memberen aus alle Beräicher vum Land wéi z. B. den Nord- an de Südkommitee. Anerer, am Osten an Zentrum, sinn nach am Opbau.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (de)creditreform, Firmenauskunft für Biergerpartei Lëtzebuerg Asbl. https://firmeneintrag.creditreform.de.+Gekuckt de(n) 07.01.2025.
- ↑ (fr)F14437. Biergerpartei Lëtzebuerg. lbr.lu. Gekuckt de(n) 07.01.2025.
- ↑ paperjam.lu, actualiteit. Gekuckt de(n) 17.05.2024.