Grand Prix François-Faber
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Grand prix François-Faber ass eng Vëloscourse déi zanter 1918 zu Lëtzebuerg gefuer gëtt an nom lëtzebuergesche Vëlosportler François Faber (1887-1915) genannt gouf. De 4. September 1915 ass schonn eng "Coupe François-Faber" gefuer ginn. Si war vum CC Hollerech organiséiert an ass vum Jos. Felten (CCH) gewonne ginn[1]
Zanter 1977 gëtt de Grand prix François-Faber vum ACC Contern organiséiert.
Vun 1918 bis 1946 war de Grand prix François-Faber eng Course fir Professionneller, duerno fir Amateuren, spéider fir Espoirs / Elite.
2007 war de Grand prix François-Faber fir Junioren / Masters, Débutantën an Damen, a gouf a Form vun engem Criterium (Punkteklassement op Basis vu Punkten, déi bei den Zwëschesprinter a bei der Arrivée ze kréien sinn) gefuer.
Um Podium
Um Spaweck
- De Grand prix François-Faber op der Websäit vum ACC Contern
- Resultater vum Grand prix François-Faber op der Websäit vu Mémoire du cyclisme
Referenzen
- ↑ Source: Luxemburger Bürgerzeitung 07.09.1915.