Op den Inhalt sprangen

HaaptsäitBléck/Archiver

Vu Wikipedia

Hei drënner ass d'chronologesch Lëscht vun de Biller, déi dëser Méint op der Haaptsäit ze gesi sinn oder waren. Si ginn duerch eng Schabloun, déi d'Wochenzuel an d'Joreszuel als Variabel huet, automatesch all méindes moies um 0:00 UCT frësch do agebaut. Aktuell ass dat z. B. d'Schabloun:Bléck 2024 52.

Et gëtt keng rigid Krittäre wat fir Biller do hi sollen, mä déi hei Punkten sollen eng Orientéierung bidden:

  • Qualitéit: d'Bild soll vu méiglechst gudder Qualitéit sinn, d. h. virzuchsweis eent, wat als "Quality Image", wann net souguer "Featured Picture" oder "Valued Picture" op Commons distinguéiert gouf;
  • Ofwiesslungsräichtum: D'Biller solle méiglechst wäitleefeg déi sëlleg enzyklopedesch Gebidder ofdecken, a vu Woch zu Woch eppes "total aneschters" weisen;
  • Bezuch op Artikel: Wann iergendwéi méiglech, soll d'Bild op en Artikel/op Artikelen zum Sujet verlinken, quitt datt deen Artikel virun der Publikatioun nach séier geschriwwe muss ginn;
  • All puer Wochen e spezifesch "lëtzebuergesche" Sujet: reegelméisseg soll ee Bild ausgesicht ginn, dat op dat verweist, wat dës Wikipedia vun aneren ënnerscheet: méiglechst genee Informatiounen mat Bezuch op Lëtzebuerg an op Lëtzebuergesch ze fannen.
  • Aktualitéitsbezuch: Bei Biller vu Persounen, Wierker oder Evenementer kann et nëtzlech sinn, dës fir déi Woch virzegesinn, an déi de Joresdag vun der Gebuert/vum Doud vun där Persoun oder dem Kënschtler, oder vum Evenement, fält, dat ëm sou méi bei 'ronne' Joren.

Hei ass d'Schabloun, fir déi eenzel Biller ze preparéieren: Schabloun:BléckBild.


Biller-Reserv fir méi spéit

[änneren | Quelltext änneren]

Dir hutt e flott Bild op Commons gesinn, oder eng Iddi fir eent zu engem lëtzebuergeschen Theema? > Drot et hei an <, sou datt se vun do no an no an d'Schablounen ënnendrënner agebaut kënne ginn.

Archiv
2005 - 2006 - 2007 - 2008 - 2009 - 2010 - 2011 - 2012 - 2013 - 2014
2015 - 2016 - 2017 - 2018 - 2019 - 2020 - 2021 - 2022 - 2023 - 2024 - 2025


Ersat de 6. a 7. Juli duerch:

… de Boulevard de Kockelscheuer, wou de 7. Juli d'Verlängerung vun der Trammslinn T1 ageweit gëtt.

… d'Bierger Moltbærtinden a Breiflogtinden viru Reinevågen op Moskenes, enger Insel vun de Lofoten.


… de Boeing 747-8R7F (LX-VCF) vun der Cargolux am Juni 2021, mat adaptéiertem Design fir un d'sanitär Reegele wärend der COVID-19-Pandemie z'erënneren.

… eng Molerin am indeschen Duerf Odisha.


… Räisterrassen zu Batad, an Indonesien.



… e Schwaarm vun Macroramphosus scolopax.


Alphorn-Bléiser op der Seiser Alm.

… d'Stad Lëtzebuerg an d'Schlassbréck, vum Pafendall aus.
(Christophe-Guillaume Selig, ëm 1814).

Meleagris ocellata (Männchen).

… de Long Room, eng Bibliothéik aus dem Joer 1732 am Trinity College zu Dublin.


… den Auditorium vun der Villa Louvigny.

… en Diamant.

… d'Gebuert vun engem Kallef.



… eng Glasmolerei (1903) vum Pierre Linster.


… eng vietnameesesch Aarbechterin, déi Räucherstäbercher nom Dréchene bëndelt.
Gewënner vum Concours Wikimedia Commons Picture of the Year 2023.

… de Baikalséi am Wanter.

… e Billjee vu fënnef Frang, vun 1914.



… Männer bei der Mandi Safar -Zeremonie am Duerf Air Hitam Laut, an der indoneesescher Provënz Jambi.

… Päiperleke vun der Gattung Oenomaus.


… eng Ramm aus der 2300er Serie vun den CFL um Pafendaller Viaduc, virum Kierchbierg.

… e Sonnenënnergang um Uluru.

… e Bierggorilla (Gorilla beringei beringei) am Ruanda.

… zwou Wëssenschaftlerinne mat engem Mikroskop.

Altréier (Op der Schanz).

… annerhallef Kokosnëss.

Kyiv.

… en Dëschtelpéckchen (Carduelis carduelis).

… e Sonnenënnegang zu Sète.

… de Kammermusekssall an der Philharmonie.

… d'Gare King's Cross zu London.

… Gewierzer aus der indoneesescher Kichen.

… eng Murän (Gymnothorax unicolor).

… Vue vum Fetschenhaff aus op d'Stad Lëtzebuerg, vum William Turner,
gebuer virun 250 Joer, de 17. Abrëll 1775.

Heckeknuewelek (Allium ursium) bei Elleng am Bësch.

… d'Insel am Bleder Séi zu Bled, a Slowenien.

… d'Stèle mam Codex vum Hammurabi, am Louvre.

Hawa Mahal, de "Palais vum Wand", zu Jaipur.

… d'Iechternacher Sprangpressessioun, viru ronn 120 Joer; Foto vum Jacques Marie Bellwald.

… de Melvin van der Voort beim IDM Supersport 600 um Hockenheimring.

… d'Trapenhaus vun der HBK Hamburg um Kampnagel-Areal.

Walrosser (Odobenus rosmarus) op Franz-Josef-Land, a Russland.

… d'Groussherzogin Charlotte 1956 op Staatsbesuch an Holland, mat der hollännescher Kinnigin Juliana.