Onofhängeg Lénkspartei

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kartelllëscht)
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Onofhängeg Lénkspartei (frs: Gauche indépendante ) war eng eng politesch Partei zu Lëtzebuerg an der Tëschekrichszäit.

Si gouf op Bedreiwe vum Othon Decker gegrënnt a krut bei de Chamberwalen 1919 als Kartelllëscht am Walbezierk Osten een Deputéiertemandat (fir den Decker).[1] Bei de Chamberwalen 1925 ass si als Onofhängeg Lénkspartei opgetrueden, nees nëmmen am Osten. Nieft dem Decker gouf dunn och nach de Pierre Godart gewielt.[2] 1928 gouf den Decker net méi gewielt, mee d'Onofhängeg Lénkspartei huet mam Godart a mam Auguste Keiffer trotzdeem weider zwéin Deputéiert an d'Parlament geschéckt.

1931 huet d'Partei net bei de Wale matgemaach. 1934 ass si mat engem neien Numm zeréckkomm: Onofhängeg Ostpartei (frs: Parti des Indépendants de l'Est). Si krut dräi Mandater, erëm fir den Decker, de Keiffer an de Godart, déi allendräi iwwer 10,000 Stëmme kruten.[3]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Die Kammerwahlen vom 26. Oktober." Luxemburger Wort Nr. 272, 29. Oktober 1919, S.1.
  2. "Offizielle Wahl-Resultate.", Luxemburger Wort, 4. Mäerz 1925, S. 2
  3. "Kammerwahlen vom 3. Juni- Ostbezirk - Offizielles Resultat.", Luxemburger Wort, 4. Juni 1934, S. 4