Léon Bollendorff
Ausgesinn
Léon Bollendorff | |
---|---|
Gebuer |
31. Mäerz 1915 Waasserbëlleg |
Gestuerwen |
5. Juni 2011 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Resistenzler, Philosoph |
Partei | CSV |
De Léon Bollendorff, gebuer den 31. Mäerz 1915, zu Waasserbëlleg, a gestuerwen de 5. Juni 2011 zu Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergeschen Dokter an der Philosophie a Philologie a war vun 1979 bis 1989 President vun der Chamber (CSV). Hie war bestuet mat der Margot Kinnen ( † 2006) an hat 4 erwuesse Jongen.
De Léon Bollendorff war Resistenzler. Nom Generalstreik vun 1942 gouf hie verhaft a koum an d'KZ zu Hinzert an duerno an d'Arbeitslager Dombrowika bei Lublin (Polen).[2]
Carrière
- 1939: Dokter an der Philosophie a Philologie
- 1939-1969: Professer am mëttleren an héijen Unterrecht
- 1963-1969: Generalinspekter vun de Primärschoulen
- 1960-1976: President vun der Federatioun vun de chrëschtlech-soziale Gemengeréit
- 1955-1993: Member vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg
- 1961-1987: Schäffen (ënner fënnef Buergermeeschteren)
- 1969-1994: Deputéierten
- 1979-1989: President vun der Chamber
- 1952-1962: Generalsekretär vun der A.F.P (Action Familiale et Populaire) (Matgrënner 1946)
- 1970: President vum ONT (Office National du Tourisme)
- 1970: Grënner vun den Jeunes amis du théâtre, de spéidere Jeunesses théâtrales
- 1970: Matgrënner an Éierepresident vun der Liga vun de Sportveräiner vun de Primärschoulen (Lasep)
- 1980: Grënner vum CSV-Seniorenclub
- 1995: Matgrënner vun der Europäescher Senioren Unioun (E.S.U.)
Auszeechnungen
- Officier dans l'Ordre de St. Olav (Norwegen)
- Commandeur dans l'Ordre de la Couronne (Belgique)
- Grosses Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Oesterreich
- Honorary Officer of the Order of the British Empire
- Ordre de Mérite du Danemark
- Grand-Croix d'Isabelle la Catholique (Spuenien)
- Grand-Croix dans l'Ordre d'Orange-Nassau (Pays-Bas)
- Goldmedail vum Mérite Européen
- Grand Officier dans l'Ordre de la Francophonie
- Commandeur dans l'Ordre de la Couronne (Schweden)
- Grand-Croix dans l'Ordre de la couronne de chêne (Luxembourg)
- Grosskreuz des Verdienstordens der Bundesrepublik Deutschland
- Grand-Croix dans l'Ordre d'Infante (Portugal)
- Médaille avec Palmes de l'Union Pie X
- Helmut-Kohl Ehrennadel
Referenzen
- ↑ "CSV-Politiker Léon Bollendorff mat 96 Joer gestuerwen." rtl.lu - 06.06.2011, 18:23 - Fir d'lescht aktualiséiert: 06.06.2011, 18:45: "Léon Bollendorff ist tot" wort.lu, 06.06.2011 18:02.
- ↑ Steve Kayser, 2003. L'Athénée de 1945 à 1993. In 400 Joer Kolléisch, Band II: L'Athénée et ses Grands Anciens 1815-1993, S. 185-253. Cf. S. 187.