Messier 88
Date vum Messier 88
| |
---|---|
Stärebild | Coma Berenices (Com)
|
Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
Rektaszensioun | 12h 30m 49,4s |
Deklinatioun | + 12° 23' 28.0" |
Ausgesinn | |
Hubble-Sequenz | SA(rs)b;HII Sy2 |
Visuell Magnitude | +9,4 m |
Wénkelduerchmiesser | |
Flächenhellegkeet | 12,8 |
Physikalesch Daten | |
Gehéiert zum | Virgo-Galaxiëkoup |
Distanz | 47 Mio. Lj |
Routverrécklung | 7609+10x10-6 |
Radialvitess | (+2281 ± 3) km/s |
Geschicht | |
Entdecker | Charles Messier |
Entdeckungsdag | 18. Mäerz 1781 |
Katalogbezeechnungen | |
Messier 88, NGC 4501, UGC 7675, PGC 41517, MCG +3-32-59, ZwG 267.48, ZwG 99,76, GC 3049, VCC; 1401 |
De Messier 88 (och als NGC 4501 bezeechent) ass eng +9,6 mag hell Spiralgalaxie mat enger Flächegréisst vu 6,9' × 3,7' am Stärebild Coma Berenices. An der Hubble-Sequenz gëtt des Galaxie dem Typ Sbc zougeschriwwen. Si gouf den 18. Mäerz 1781 vum Charles Messier zesumme mat siwen anere Galaxië vum Virgo-Galaxiëkoup entdeckt. De galaktesche Plang vum M88 steet ëm ronn 30 Grad schréi zur Siichtlinn, wouduerch en e gewësse Gläich mat dem Andromedaniwwel huet, deen och vum Typ Sb ass.
Wéi vill Spiralgalaxien am Virgokoup, huet den M88 eng héich Pekuliarvitess, d. h. hie beweegt sech mat grousser Vitess relativ zum Schwéierpunkt vum Koup. D'Routverrécklung liwwert eng Radialvitess vu ronn 2.000 km/s, soudatt d'Galaxie sech mat ronn 700 km/s vum Koupzentrum ewechbeweegt.
Den 28. Mee 1999 ass d'Supernova 1999cl vum Typ Ia am M88 opgedaucht. Bei hirer Entdeckung den Dag duerno hat d'Supernova eng Visuell Magnitude vu 16,4 mag an erreecht hire Maximum den 12. Juni mat enger Hellegkeet vun 13,4 mag. Well Typ I Supernovaen zu de beschte Standardkäerze vun der Kosmologie gehéieren, war dee Phenomeen vu groussem Interessi fir d'Distanzbestëmmung vum Virgokoup.
-
UV-Foto opgeholl vum GALEX
-
Iwwerlagert Fotoe vum Hubble-Weltraumteleskop
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Messier 88 – Biller, Videoen oder Audiodateien |