Regierung Werner-Thorn-Flesch

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Regierung Werner-Thorn)

D'Regierung Werner-Thorn ass aus de Chamberwale vum 10. Juni 1979 ervirgaangen. Et war eng Koalitiounsregierung aus CSV an DP, déi de 16. Juli 1979 vereedegt gouf an aus 9 Ministeren an 2 Staatssekretäre bestanen huet.

Den 3. Mäerz 1980 koum et zu enger éischter Ëmbildung, wéi de Jean Spautz de Jean Wolter remplacéiert huet, dee gestuerwe war.

Den 22. November 1980 gouf d'Colette Flesch zur Vizepresidentin vun der Regierung, Ministesch fir Aussebezéiungen, Aussenhandel a Kooperatioun, Ministesch fir Wirtschaft a Mëttelstand a Justizministesch ernannt, nodeem de Gaston Thorn zum President vun der Europäescher Kommissioun ernannt gouf.

Déi sou entstane Regierung Werner-Flesch ass den 21. Dezember 1982 eng lescht Kéier ëmbesat ginn, nodeem de Camille Ney zeréckgetruede war. Den Ernest Mühlen huet seng Dossierë Landwirtschaft, Wäibau, Waasser a Bëscher iwwerholl. De Jean-Claude Juncker gouf Staatssekretär.

Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]

Vum 16. Juli 1979 bis den 3. Mäerz 1980[änneren | Quelltext änneren]

  • Pierre Werner (CSV), President vun der Regierung, Staatsminister, Kulturminister.
  • Gaston Thorn (DP), Vizepresident vun der Regierung, Minister fir Aussebezéiungen, Aussenhandel a Kooperatioun; Minister fir Wirtschaft a Mëttelstand; Justizminister
  • Emile Krieps (DP), Gesondheetsminister, Arméiminister, Sportminister
  • Camille Ney (CSV), Minister fir Landwirtschaft, Wäibau, Waasser a Bëscher
  • Josy Barthel (DP), Ëmweltminister; Minister fir Transport, Kommunikatioun an Informatik; Energieminister
  • Jacques Santer (CSV), Finanzminister, Minister fir Aarbecht a Sozial Sécherheet
  • René Konen (DP), Minister fir Fonction Publique an Ëffentlech Aarbechten
  • Jean Wolter (CSV), Inneminister; Minister fir Famill, Soziale Wunnengsbau a Sozial Solidaritéit
  • Fernand Boden (CSV), Bildungsminister; Tourismusminster
  • Ernest Mühlen (CSV), Staatssekretär fir Finanzen
  • Paul Helminger (DP), Staatssekretär fir Aussebezéiungen, Aussenhandel a Kooperatioun; Staatssekretär fir Wirtschaft a Mëttelstand; Staatssekretär fir Justiz

Vum 3. Mäerz 1980 bis den 22. November 1980[änneren | Quelltext änneren]

  • Pierre Werner (CSV), President vun der Regierung, Staatsminister, Kulturminister.
  • Gaston Thorn (DP), Vizepresident vun der Regierung, Minister fir Aussebezéiungen, Aussenhandel a Kooperatioun; Minister fir Wirtschaft a Mëttelstand; Justizminister
  • Emile Krieps (DP), Gesondheetsminister, Arméiminister, Sportminister
  • Camille Ney (CSV), Minister fir Landwirtschaft, Wäibau, Waasser a Bëscher
  • Josy Barthel (DP), Ëmweltminister; Minister fir Transport, Kommunikatioun an Informatik; Energieminister
  • Jacques Santer (CSV), Finanzminister, Minister fir Aarbecht a Sozial Sécherheet
  • René Konen (DP), Minister fir Fonction Publique an Ëffentlech Aarbechten
  • Jean Spautz (CSV), Inneminister; Minister fir Famill, Soziale Wunnengsbau a Sozial Solidaritéit
  • Fernand Boden (CSV), Bildungsminister; Tourismusminster
  • Ernest Mühlen (CSV), Staatssekretär fir Finanzen
  • Paul Helminger (DP), Staatssekretär fir fir Aussebezéiungen, Aussenhandel a Kooperatioun; Staatssekretär fir Wirtschaft a Mëttelstand; Staatssekretär fir Justiz

Vum 22. November 1980 bis den 3./21. Dezember 1982[änneren | Quelltext änneren]

  • Pierre Werner (CSV), President vun der Regierung, Staatsminister, Kulturminister.
  • Colette Flesch (DP), Vizepresidentin vun der Regierung, Ministesch fir Aussebezéiungen, Aussenhandel a Kooperatioun; Ministesch fir Wirtschaft a Mëttelstand; Justizministesch
  • Emile Krieps (DP), Gesondheetsminister, Arméiminister, Sportminister
  • Camille Ney (CSV), Minister fir Landwirtschaft, Wäibau, Waasser a Bëscher
  • Josy Barthel (DP), Ëmweltminister; Minister fir Transport, Kommunikatioun an Informatik; Energieminister
  • Jacques Santer (CSV), Finanzminister, Minister fir Aarbecht a Sozial Sécherheet
  • René Konen (DP), Minster fir Fonction Publique an Ëffentlech Aarbechten
  • Jean Spautz (CSV), Inneminister; Minister fir Famill, Soziale Wunnéngsbau a Sozial Solidaritéit
  • Fernand Boden (CSV), Bildungsminister; Tourismusminster
  • Ernest Mühlen (CSV), Staatssekretär fir Finanzen
  • Paul Helminger (DP), Staatssekretär fir fir Aussebezéiungen, Aussenhandel a Kooperatioun; Staatssekretär fir Wirtschaft a Mëttelstand; Staatssekretär fir Justiz

Vum 21. Dezember 1982 bis den 20. Juli 1984[änneren | Quelltext änneren]

  • Pierre Werner (CSV), President vun der Regierung, Staatsminister, Kulturminister.
  • Colette Flesch (DP), Vizepresidentin vun der Regierung, Ministesch fir Aussebezéiungen, Aussenhandel a Kooperatioun; Ministesch fir Wirtschaft a Mëttelstand; Justizministesch
  • Emile Krieps (DP), Gesondheetsminister, Arméiminister, Sportminister
  • Josy Barthel (DP), Ëmweltminister; Minister fir Transport, Kommunikatioun an Informatik; Energieminister
  • Jacques Santer (CSV), Finanzminister, Minister fir Aarbecht a Sozialversécherung
  • René Konen (DP), Minster fir Fonction Publique an Ëffentlech Aarbechten
  • Jean Spautz (CSV), Inneminister; Minister fir Famill, Soziale Wunnéngsbau a Sozial Solidaritéit
  • Ernest Mühlen (CSV), Minister fir Landwirtschaft, Wäibau, Waasser a Bëscher; Chargé de Mission am Finanzministère
  • Fernand Boden (CSV), Bildungsminister; Tourismusminster
  • Paul Helminger (DP), Staatssekretär fir fir Aussebezéiungen, Aussenhandel a Kooperatioun; Staatssekretär fir Wirtschaft a Mëttelstand; Staatssekretär fir Justiz
  • Jean-Claude Juncker (CSV), Staatssekretär fir Aarbecht a Sozialversécherung

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]