Hana Sofia Lopes
Hana Sofia Lopes | |
---|---|
Gebuer |
5. Mäerz 1990 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg, Portugal |
Educatioun |
Conservatoire national supérieur d'art dramatique, Escola Superior de Teatro e Cinema, Athénée de Luxembourg, Real Escuela Superior de Arte Dramático |
Aktivitéit | Filmschauspiller |
D'Hana Sofia Lopes, gebuer de 5. Mäerz 1990 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass eng lëtzebuergesch a portugisesch Schauspillerin.
Karriär
[änneren | Quelltext änneren]No hirer Première am Stater Kolléisch huet d'Hana Sofia Lopes Schauspillerei op der Theaterschoul vu Lissabon an zu Paräis am Conservatoire national supérieur d'art dramatique studéiert. Am Kader vum Erasmus-Programm huet si 2013 zwee Semesteren zu Madrid op der Real Escuela Superior de Arte Dramatico studéiert.
Zanter hirem Ofschloss vun der Theaterschoul vu Lissabon ass si an Film-, Televisioun- an Theaterproduktiounen zu Lëtzebuerg awer och international a Portugal, Frankräich, Däitschland oder Spuenien ze gesinn. Si huet zanter 2014 an enger Dosen Televisiounsserië matgespillt. Ënner anerem wéinst hirer Roll an der portugisescher Telenovela Coração d'Ouro (2015-2016), déi all Owend vun 1,8 Milliounen Zuschauer[2] a Portugal gesi gouf, ass si a Portugal bekannt gin.
Si spillt d'weiblech Haaptroll am Film Toy Gun un der Säit vum John Hannah, Julian Sands a Luke Allen-Gale dee vum Marco Serafini realiseiert gouf.
2020, gëtt d'Hana Sofia vum franséische Regisseur Michel Didym erausgesicht fir a senger Inszeneierung vun Habiter le temps, vum schweedeschen Dramaturg Rasmus Lindberg, matzespillen. Et spillen och d'Irène Jacob, de Jérôme Kircher oder nach den Eric Berger mat. D'Première vum Stéck war de 15. Dezember 2020 am Centre Dramatique National,Théâtre de la Manufacture de Nancy. Dono follegt iwwer eng Period vun 2 Joer eng Tournée a Frankräich, Schwäiz, Lëtzebuerg an an der Belsch. D'Stéck gouf de 14. a 15. Februar 2021 am Studio vum groussen Theater presenteiert.
Zwëschen 2020 an 2024 huet sech d'Hana Sofía als eng villfälteg an onëmgänglech Schauspillerin op der europäescher Zeen behaapt. Si huet an enger Dose Theaterstécker op prestigiéise Bünen gespillt, wéi dem Groussen Theater vun der Stad Lëtzebuerg, dem Nationaltheater São João zu Porto an dem Théâtre National de Lëtzebuerg. De Succès vun dëse Produktiounen ënnersträicht hiert Talent an hir Fäegkeet, souwuel op der Bühn wéi och virun der Kamera ze faszinéieren.
Hire leschte Long-métrage, Kanaval, realiséiert vum kanadesch-haitianesche Regisseur Henri Pardo, confirméiert hiren Opstig op der internationaler Zeen. De Film gouf um Toronto International Film Festival ausgewielt an huet do den Amplified Voices Award gewonnen, zesumme mat enger Éiereerkennung als Beschte Kanadesche Film. Ausserdeem krut de Film véier Nominéierungen bei den Canadian Screen Awards.
Am Joer 2024 mécht Hana Sofía en neie Schrëtt an hirer Carrière, well si vun der ZDF, der féierender däitscher Televisiounskanal, ausgewielt gouf, fir d’Haaptroll am Thriller Flucht aus Lissabon ze spillen, un der Säit vum Hans Sigl. An dësem erwaarten Film, deen 2025 ausgestraalt gëtt, spillt si d’Figur Sofia Moreno, e komplexen an ureegende Charakter.
Mat dëser Leeschtung erweidert Hana Sofía hirem Afloss iwwer d’lëtzebuergesch Grenzen eraus, bestätegt hir Positioun als onverzichtbart Talent vun hirer Generatioun, a festegt hiren Status als Opstigsstär op der europäescher Film- an Theaterzeen.
Am Oktober 2024 ass Hana Sofia Lopes Member vum internationale Jury vum CinEast Filmfestival. De Jury, deen vum Oscar-nominéierte Regisseur Alexander Nanau presidéiert gëtt, ëmfaasst och d’estonesch Regisseurin Anna Hints, de lëtzebuergesche Regisseur Jacques Molitor an e hongaresche Regisseur Szilard Bernath. Zesumme verleeden si de Grand Prix vum Jury un de Film Toxic.[3]
D'Hana Sofia Lopes schwätzt fléissend Franséisch, Däitsch, Portugisesch, Lëtzebuergesch, Englesch, Spuenesch an Italieenesch.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]- 2010: My Eyes have Seen You (Kuerzfilm) vum Miguel Leao: Greta
- 2012: D'Simpsons (lëtzebuergesch Versioun): Lindsey Naegle (Stëmm. 1 Episod)
- 2012: Weemseesdet (TV): Carla (5 Episoden)
- 2012-2013: Comeback (TV): Samantha (12 Episoden)
- 2013-2014: Os Filhos do Rock (TV): Carla (2 Épisodes)
- 2013: Someday (Kuerzfilm) vum Vito Labalestra: Alicia
- 2014: Amour fou vum Jessica Hausner: la sœur aînée
- 2015: Ouni Mooss (Kuerzfilm) vum Adolf El Assal: Alice
- 2015: Mar Salgado (TV): Camila Real (17 Episoden)
- 2015-2016: Coração d'Ouro (TV): Adriana Noronha (300 Episoden)
- 2016: Les Survivants vum Luc Jabon: Lena
- 2016: Kropemann vum Patrick Ernzer
- 2017: Bad Banks (TV): Lola (1 Episod)
- 2017: Ministério do tempo (TV): Isabel vu Portugal (1 Episod)
- 2018: Zëmmer ze verlounen (TV): Sophie Welter (12 Episoden)
- 2019: Toy Gun vum Marco Serafini: Giulia Redondini
- 2019: Sexual Healing vum Julien Temple: Ivy Keaton
- 2019: Escapada vum Sarah Hirtt: Lola
- 2019: Gute Zeiten, Schlechte Zeiten (TV): Amalia Alvarez (3 Episoden)
- 2020: Dreamland vum Bruce McDonald: Colero
- 2022: L'arrivée de la jeunesse vum Marcello Merletto a Fabio Bottani: Nilde
- 2022: Capitani 2 (TV) vum Christophe Wagner: Maria
- 2022: Melusina vum Whitney Fortmüller: Melusina
- 2023: E.A.F. vum Lucie Wahl: Mic
- 2023: Personality vum Lukas Grevis
- 2023: La bête qui sommeille en nous vum Jonathan Becker: Violette
- 2024: Kanaval vum Henri Pardo: Justine
- 2025: T.B.A.: Disney+
- 2025: Flucht aus Lissabon: Sofia Moreno (Haaptroll))
Theater
[änneren | Quelltext änneren]- 2010: Três Irmas vum Anton Tschechow, inzenéiert vum Pedro Matos
- 2010: Les Phéniciennes vum Seneca, inzenéiert vun der Maria João Vicente
- 2011: Auto da Barca do Inferno vum Gil Vicente, inzenéiert vum Álvaro Correia
- 2011: Was ihr wollt vum William Shakespeare, inzenéiert vum Francisco Salgado
- 2011: Peanuts vum Fausto Paravidino, inzenéiert vum Jill Christophe
- 2012: Ce formidable bordel ! vum Eugène Ionesco, inzenéiert vum Jesus Salgado
- 2012: Por el torno y el sótano vum Tirso de Molina, inzenéiert vum Jesus Salgado
- 2014: Légendes de la forêt viennoise vum Ödön von Horváth, inzenéiert vun der Sandy Ouvrier
- 2014: Le Mariage de Figaro vum Beaumarchais inzenéiert vun der Sandy Ouvrier
- 2017: Les Sorcières de Salem vum Arthur Miller, inzenéiert vum Douglas Rintoul
- 2018: Intranquillité vum Fernando Pessoa, inzenéiert vun der Rita Reis
- 2019: Dealing with Clair vum Martin Crimp, inzenéiert vun der Anne Simon
- 2020-2022: Hedda Gabler vum Henrik Ibsen, inzenéiert vun der Marja-Leena Junker
- 2020- 2022: Habiter le temps vum Rasmus Lindberg, inzenéiert vum Michel Didym
- 2021: O começo perdido vum Pedro Martins Beja, inzenéiert vum Pedro Beja
- 2022: Medea vum Euripides, inzenéiert vum Rafael Kohn
- 2023-2024: A menina do mar vum Sophia de Mello Breyner inzenéiert vum Rita Reis
- 2023-2025: Café Terminus vum Eugene O’Neil inzenéiert vum Frank Hoffmann
Éierungen
[änneren | Quelltext änneren]- Lëtzebuerger Filmpräis 2018: Bescht Schauspillerin - Nominatioun fir d'Roll vum « Giulia Redondini » am Film Toy Gun
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Hana Sofia Lopes – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (en)Hana Sofia Lopes - Biography. IMDb. Gekuckt de(n) 26.10.2024.
- ↑ Estreia de «Coração d'Ouro» atinge perto de um milhão e 600 mil telespetadores
- ↑ (cs)CinEast 2024 - Festival du Film d'Europe Centrale et Orientale - Luxembourg. www.cineast.lu (16.09.2023). Gekuckt de(n) 26.10.2024.