Apollo-Programm
Den Apollo-Programm war en Raumfaart-Projet vun der USA. Et hat fir d'éischt a bis elo eenzeg Kéier Mënschen op den Äerdmound bruecht. De Programm gouf vun der National Aeronautics and Space Administration (NASA) tëscht 1961 an 1972 bedriwwen.
An en ettleche Schrëtt hat d'NASA Technike gepréift, déi fir eng Moundlandung wichteg soll sinn, wéi z. B. d'Navigéieren an d'Koppelen am Weltraum oder d'Verloosse vun engem Raumschëff am Raumkostüm. Vill wichteg Tester goufen an der Virbereedung am Gemini-Programm duerchgefouert. Déi éischt bemannte Moundlandung selwer war den 20. Juli 1969. No fënnef weidere Landunge gouf mam Programm 1972, och aus Käschtegrënn, opgehalen. Zanter där Zäit huet bis haut kee Mënsch méi de Mound betratt.
Pläng
[änneren | Quelltext änneren]Den eigentleche NASA-Plang hat siwe Missioune bis zur éischter bemannter Moundlandung virgesinn. Dat waren d'Missiounen A bis G:
- Missioun A: Onbemannten Test vun der Saturn V an dem Apollo-Raumschëff op enger Äerdëmlafbunn (zweemol getest mat Apollo 4 an Apollo 6).
- Mission B: Onbemannten Test vun der Moundlandefär (LM fir Lunar Module) (getest Apollo 5).
- Missioun C: Bemannten Test vum Apollo-Raumschëff am Äerdorbit (getest mat Apollo 7).
- Missioun D: Test vun der Kombinatioun aus Kommandomodul a Landefär an engem äerdnoen Orbit (ufanks mat Apollo 8 virgesinn, als Apollo 9 nei nummeréiert, well ee Moundfluch (Missioun C') als Apollo 8 derbäi gesat gouf).
- Missioun E: Test vun der Kombinatioun aus Kommandomodul a Landefär an engem äerdwäitem Orbit (Missioun gouf gestrach, d'Crew hat d'Missioun C' iwwerholl).
- Missioun F: Test vun der Kombinatioun aus Kommandomodul a Landefär op engem Moundorbit (getest mat Apollo 10).
- Missioun G: Éischt Landung um Mound mat Apollo 11.
Déi éischt Moundëmkreesung mat Apollo 8 op Chrëschtdag 1968, war vun der NASA eigentlech net virgesinn a gouf mat der Bezeechnung Missioun C' tëscht d'Missiounen C an D agesat.
Zousätzlech goufen d'Missiounen H, I a J geplangt:
- Missioun H: Landung um dem Mound mat verlängerte wëssenschaftlechen Experimenter (gemaach mat Apollo 12 an Apollo 14. Apollo 13 net erfollegräich; Apollo 15 war ufanks och mat der H-Missioun virgesinn).
- Missioun I: Bemannt Flich op enger Moundëmlafbunn fir Fuerschungszwecker; keng Landung virgesinn. Konkreet Pläng fir I-Missioune gouf et net.
- Missioun J: Landung um Mound mat verlängerte wëssenschaftlechen Experimenter an dem Moundrover (gemaach mat Apollo 15, Apollo 16 an Apollo 17).
Opwand a Käschten
[änneren | Quelltext änneren]Den Apollo-Programm hat 25 Milliarden Dollar kascht, ongeféier 120 Milliarden no haitege Moossstief,[1] an et ware bis zu 400.000 Mënschen dru beschäftegt.
Wettlaf vun de Systemer
[änneren | Quelltext änneren]Duerch de Start vum Sputnik 1 am Joer 1957, der éischter onbemannter haarder Moundlandung 1959 vun der Lunik-2 an dem éischte bemannte Raumfluch vum Juri Gagarin 1961 war d'Sowjetunioun ufanks vum Raumfaartzäitalter zu enger féierender Raumfaartnatioun opgestigen. D'Amerikaner hunn no engem Gebitt an der Raumfaart gesicht, wou si d'Sowjetunioun schloe konnten. Déi bemannt Moundlandung gouf dofir als Méiglechkeet ugesinn.
De 25. Mee 1961, nëmmen annerhallwe Mount nom Start vum Juri Gagarin, sot de President John F. Kennedy virum amerikanesche Kongress an enger berüümter Ried, datt nach am selwechte Joerzéngt e Mënsch op de Mound an nees zeréck fléie wäert.
Apollo-Missiounen
[änneren | Quelltext änneren]Missioun | Start | Landung | Dauer | Kommandant | Pilot vum Apollo-Raumschëff | Pilot vun der Moundfär | Missiounszil/Bemierkung |
---|---|---|---|---|---|---|---|
AS-201 |
26. Februar 1966 | 26. Februar 1966 | 37min 20s | onbemannt | Éischte Start vun der Saturn IB, suborbitaler Testfluch vum Apollo-Kommandomoduls | ||
AS-203 |
5. Juli 1966 | 5. Juli 1966 | 5h 59min 47s | onbemannt | Éischten orbitale Start vun der Saturn IB, Testfluch ouni Apollo-Raumschëff | ||
AS-202 |
25. August 1966 | 25. August 1966 | 1h 33min 02s | onbemannt | suborbitale Testfluch vum Apollo-Kommandomodul | ||
Apollo 1 |
(27. Jan. 1967) kee Start |
Virgil Grissom | Edward White | Roger Chaffee | De [[27. ]Januar]] 1967 war wärend engem Buedemtest op dem Startdësch bei renger Sauerstoffatmosphär an der Kabinn Feier ausgebrach, dobäi koumen déi dräi Astronauten ëm d'Liewen. Zu hiren Éiere gouf den Test als Missioun Apollo 1 klassifizéiert. | ||
Apollo 4 |
9. November 1967 | 9. November 1967 | 8h 36min 59s | onbemannt | Éischte Start vun der Saturn V, Testfluch vum Apollo-Kommandomodul | ||
Apollo 5 |
22. Januar 1968 | onbemannt | Testfluch vun der Moundlandefär | ||||
Apollo 6 |
4. Abrëll 1968 | 10h 22min 59s | onbemannt | Zweete Start vun der Saturn V, Testfluch | |||
Apollo 7 |
11. Oktober 1968 | 22. Oktober 1968 | 10d 20h 9min 3s | Walter Schirra | Donn Eisele | Walter Cunningham | Éischte bemannt Start vun der Saturn 1B. Tests an der Äerdëmlafbunn ouni Moundfär - éischt TViwwerdroung wärend enger US-Raumfaart-Missioun |
Apollo 8 |
21. Dezember 1968 | 27. Dezember 1968 | 6d 3h 0min 42s | Frank Borman | James Lovell | William Anders | Éischte bemannte Start vun der Saturn V an éischte Fluch vu Mënschen op de Mound, dee si zéngmol ëmkreest hunn. Well si keng Moundfär haten, hat den Anders d'Aufgab vum Bordingenieur a Fotograf iwwerholl. |
Apollo 9 |
3. Mäerz 1969 | 13. Mäerz 1969 | 10d 1h 0min 54s | James McDivitt | David Scott | Russell Schweickart | Tester mat der Moundfär an der Äerdëmlafbunn - Rendez-vous an Undocken |
Apollo 10 |
18. Mee 1969 | 26. Mee 1969 | 8d 0h 3min 23s | Tom Stafford | John Young | Eugene Cernan | Test mat der Moundfär am Moundorbit, koum der Mounduewerfläch bis op 14 km erun |
Apollo 11 |
16. Juli 1969 | 24. Juli 1969 | 8d 3h 18m 35s | Neil Armstrong | Michael Collins | Edwin Aldrin | Éischt Moundlandung Landeplaz: Mare Tranquillitatis |
Apollo 12 |
14. November 1969 | 24. November 1969 | 10d 4h 36min 25s | Charles Conrad | Richard Gordon | Alan Bean | Landung bei der 1967 gestarteter Sond Surveyor 3 Landeplaz: Oceanus Procellarum |
Apollo 13 |
11. Abrëll 1970 | 17. Abrëll 1970 | 5d 22h 54m 41s | James Lovell | John Swigert | Fred Haise | Explosioun vun engem Sauerstofftank am Service Modul (SM) & Leck an der baussenzeger Ëmmantelung vum SMs, Ofbroch vun der Missionu, Kabinn vum Landing Modul (LM) hat der Crew zäitweileg als “Rettungsboot” gedéngt - keng Moundlandung geplangt Landeplaz: Fra Mauro |
Apollo 14 |
31. Januar 1971 | 9. Februar 1971 | 9d 0h 1min 58s | Alan Shepard | Stuart Roosa | Edgar Mitchell | Erfollegräich Landung op der Landeplaz vun Apollo 13, Asaz vun enger Handkärchen (MET) Landeplaz: Fra Mauro |
Apollo 15 |
26. Juli 1971 | 7. August 1971 | 12d 7h 11min 53s | David Scott | Alfred Worden | James Irwin | Éischt Missioun mam Lunar Roving Vehicle (Moundauto) Landeplaz: Hadley-Rille |
Apollo 16 |
16. Abrëll 1972 | 27. Abrëll 1972 | 11d 1h 51m 05s | John Young | Thomas Mattingly | Charles Duke | Éischt Ënnersich vun engem Plateau, Asaz vun UV-Kamera, Moundauto Landeplaz: Descartes |
Apollo 17 |
7. Dezember 1972 | 19. Dezember 1972 | 12d 13h 51m 59s | Eugene Cernan | Ronald Evans | Harrison Schmitt | Lescht Moundlandung, Moundauto, Orange Soil fonnt Landeplaz: Taurus-Littrow |
Kuerz no der erfollegräicher Moundlandung vun Apollo 11 hat d'NASA de weidere Plang publizéiert, dee bis Enn 1972 néng weider Apolloflich viraus gesinn hat. Awe schonn am Januar 1970, nach virun der Pann vun Apollo 13, gouf Apollo 20 aus Käschtegrënn gestrach. Am September 1970 gouf och déi ursprénglech Apollo-15-Missioun an d'Apollo 19 agespuert. Déi net aus dem Programm gestrache Missioune Apollo 16, Apollo 17 an Apollo 18 goufen durno an Apollo 15, Apollo 16 an Apollo 17 ëmgenannt.
Déi nach nom Ofschloss vun de Moundflich stockéiert Apollo-Raumschëffer a Saturnrakéite goufe fir d'Skylab-Projet 1973/74 an d'Apollo-Sojus-Test-Projet 1975 benotzt.
Missioun | Start | Landung | Dauer | Crew (CDR=Kommandant, CMP=Pilot vum Apollo-Raumschëff, SCI=Wëssenschaftsastronaut, DMP=Pilot vum Dockingmodul) |
Bemierkung |
---|---|---|---|---|---|
Skylab 1 |
14. Mee 1973 | 11. Juli 1979 (6 Joer nom Enn vun de Skylab-Missioune beim Antrëtt an Äerdatmosphär vergloust) |
onbemannt | Start vun der Skylab-Statioun, Beschiedegung Solarzellenausléeër, Drosystem: Saturn V | |
Skylab 2 |
25. Mee 1973 | 22. Juni 1973 | 28d 0h 49m 49 s | Charles Conrad (CDR), Paul Weitz (CMP), Joseph Kerwin (SCI) |
Éischt Crew Skylab, Reparatur Solarzellen an Hëtzeschëld, Drosystem: Saturn 1B |
Skylab 3 |
28. Jul. 1973 | 25. Sep. 1973 | 59d 1h 9min 4s | Alan Bean (CDR), Jack Lousma (CMP), Owen Garriott (SCI) |
Zweet Crew Skylab, Reparatur Hëtzeschëld, Drosystem: Saturn 1B |
Skylab 4 |
16. Nov. 1973 | 8. Feb. 1974 | 84d 1h 16m | Gerald Carr (CDR), William Pogue (CMP), Edward Gibson (SCI) |
Drëtt Crew Skylab, Drosystem: Saturn 1B |
Apollo-Sojus-Test-Projet |
15. Jul. 1975 | 24. Jul. 1975 | 9d | Tom Stafford (CDR), Vance Brand (CMP), Deke Slayton (DMP) |
Kopplung mat Sojus 19 (Crew: Alexei Leonow, Waleri Kubassow), Drosystem: Saturn 1B |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren](an englescher Sprooch, wann net anescht notéiert)
- Apollo-Mission-Reports (Apollo 7 bis 17), Apogee Books, 1999-2002, Hrsgb.: Robert Godwin
- Andrew Chaikin: A Man on the Moon, Penguin Books, 1995, ISBN 0-14-027201-1
- Cortright, Edgar M.: Apollo Expeditions to the Moon: The NASA History, Dover Pubn Inc, 2010, ISBN 978-0-486-47175-4
- David M. Harland: Exploring the Moon, Springer, 1999, ISBN 1-85233-099-6
- A. Hoffmann: "Der lange Weg zum Mond", www.athene-media.de, 2009, ISBN 978-3-86992-000-9
- Jesco von Puttkamer: Apollo 11, Wir sehen die Erde, Herbig, 2001, ISBN 3-7766-7056-8
- Jesco von Puttkamer: Apollo 8, Aufbruch ins All - Der Report der ersten Mondumkreisung, Heyne, 1969
- Jim Lovell: Apollo 13, Langenscheidt-Longman, 2001, ISBN 3-526-45184-2
- Thomas J. Kelly: Moon Lander: How We Developed the Apollo Lunar Module, Smithsonian Books, 2001, ISBN 1-56098-998-X
- Eugene Cernan: The Last Man on the Moon, Griffin, 2000, ISBN 0-312-26351-1
- James E. Webb: Powering Apollo, Johns Hopkins University Press, 2000, ISBN 0-8018-6205-1
- Paul-Henri Campbell: Space Race, fhl-Verlag Leipzig, 2012, ISBN 3-942829-21-5.
Filmer
[änneren | Quelltext änneren]- For All Mankind, 1989
- Moon Shot, Dokumentation über das Apollo-Programm, USA 1994 (nach einem Buch der Apollo-Astronauten Alan Shepard und Deke Slayton u. a.)
- Apollo 13, 1995
- From the Earth to the Moon, 1998
- Im Schatten des Mondes, 2007, Dokumentation von David Sington mit Archivmaterial und Interviews
- Moonshot, Dokudrama über die erste Mondlandung 1969 mit Apollo 11, GB 2009
- Apollo 18, 2011
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- extrasolar-planets.com – Apollo-Programm
- Apolloprojekt.de
- Raumfahrer.net: Moundlandung
- NASA: Fotos der NASA zum Apollo-Programm
- NASA: Apollo Lunar Surface Journal