Op den Inhalt sprangen

Éislek

Vu Wikipedia
Schëld zu Ierpeldeng
Am Éislek, Vue op de Sauerdall tëscht der Misärsbréck an der Neimillen. Lénks am Bild de Misärshaff

D'Éislek ass den nërdlechen Deel vu Lëtzebuerg.

Et ass de lëtzebuergeschen Numm vun der geologescher Formatioun, déi "Rhäinesche Schifer" genannt gëtt, an déi sech vu Frankräich duerch d'Belsch a Lëtzebuerg bis eriwwer an Däitschland zitt.

A Frankräich heescht se "Ardennes", an der Belsch "Ardenne" (an der Eenzuel), an Däitschland "Eifel". "Schnee-Eifel" oder "Schneifel" bezeechent an Ostbelgien an an Däitschland déi héchst Deeler vun der Eifel. De Grenzraum zu eisem Éislek heescht an Däitschland "Islek" an am südlechen Deel vun Ostbelgien "Eeslek". Den Numm "Öslingen" soll nom Historiker Nik Welter vum kelteschen "Osninga" kommen[Source?], wat "Biergzuch" bedeite géif. D'Ardenne huet der keltescher Gëttin Arduinna hiren Numm ginn: d'Wuerzel ard an der keltescher Sprooch, awer och an aneren indoeuropäesche Sproochen (Latäin, z. B.), bedeit héich, schwéier ze erklammen.

Als den nërdlechen Drëttel vu Lëtzebuerg a mat enger Gesamtfläch vun ongeféier 828 km²[1], grenzt d'Éislek südlech op enger imaginärer Linn, déi ënner Pärel am Weste bis ënner Veianen am Oste verleeft, un d'Guttland. D'Éislek läit op enger Héicht vun tëscht 400 a 500 m an der Moyenne an d'Éisleker Landschaft ass vun enger Héichflächelandschaft mat wellefërmegen Hiwwelen an déif ageschniddene Flossdäller markéiert, déi liicht no Süden offält. Op Kneiff an d'Buergplaz zu Huldang am Norde vum Éislek si mat ëm 560 m déi zwou héchste Koppen aus dem Grand-Duché. Mam Stauséi Uewersauer am Naturpark Uewersauer a mam Barrage vu Veianen am Naturpark Our zielt d'Éislek zwee vun de gréisste lëtzebuergesche Stéigewässer.

Am Norden ass d'Éislek charakteriséiert vun engem groussen, nëmme liicht hiwwelegen Héichplateau, op deem nordwestlech flaach Däller zu Suppen a Moueren tendéieren. No Süden hi ginn déi landwirtschaftlech Héichfläche vun den enken an dacks mat Wise bewuessene Flossdäller vun Uewersauer, Our, Wolz, Klierf a Blees duerchschnidden. Dës mat Bësch bewuessen Dallpentë setze sech gréisstendeels am mëttleren a südlechen Deel vum Éislek aus Louhecken zesummen. Dat sinn niddreg Eechebëscher, déi virun ongeféier 300 Joer ugeplanzt goufen an eng grouss wirtschaftlech Bedeitung fir d'Regioun haten. Hir Schuele goufe fir d'Gierwe vu Lieder an den Éisleker Gierwereie benotzt. Si dominéieren haut zesumme mat de Fiichtemonokulturen, déi verstäerkt nom 2. Weltkrich ugeplanzt goufen, d'Regioun an hunn déi ursprénglech Bichebëscher gréisstendeels remplacéiert.

Nieft de sëllege Bauerendierfer am dënn bewunnten Éislek, sinn Esch-Sauer, Klierf, Veianen a Wolz nëmmen e puer vun de mëttelalterlechen Uertschaften, wou op Hiwwelkoppen oder Fielshäng Schlässer a Buerge stinn.

D'Éislek besteet aus methamorphem Gestengs, dat ursprénglech aus der Zäit vum Ënneschten Devon (Siegenien an Emsium) staamt. Deemools war d'Regioun vun engem risege flaache Mier bedeckt, an deem sech an der Éisleker Géigend haaptsächlech Sedimenter vun Toun a Sand ofgelagert a sech iwwer d'Zäit verfestegt hunn. D'Entwécklung vun der haiteger Landschaft huet am Ënneschte Karbon virun zirka 330 Millioune Joer mat der variskescher Faltung vum devonesche Gestengs ugefaangen. Déi gefaalte Steng goufen zum Rhäinesche Schifergebirge eraus gehuewen an iewescht Schichten nees relativ séier duerch Erosioun ofgedroen, ier am Tertiär virun zirka 50 Millioune Joer sech d'Landschaft nees lues gehuewen huet an d'Flëss sech an d'Gestengs agedéift hunn. Duerch enormen Drock an Hëtzt, déi duerch d'Faltung entstane sinn, ass vill d'devonesch Gestengs an aner Gestengs ëmgewandelt ginn. Am Éislek waren dëst virun allem Schiferen a Quarziter.

De geologeschen Ënnergrond am Éislek besteet nordwestlech an am südlechen Drëttel aus Gestengs aus dem Siegenien. Do tëscht leie Schichten aus dem Emsium. Déi eelst Steng (Ënneschten a Mëttlere Siegenien) bestinn aus Quarzophylladen, quarzeg Sandsteng a sandeg kompakt Schiferen a kommen nëmme laanscht d'belsch Grenz am Nordweste vum Éislek vir. Den Ieweschte Siegenien ëmfaasst haaptsächlech Graffschifere mat seelene Bänke vun tounegem Sandsteen. Liicht spléckbar Tounschifere kommen an der Géigend ëm Maartel vir, déi do als Leeë laang Zäit ofgebaut goufen.

D'Schifere vu Stolzebuerg (Schifer mat gudder Schichtung, Quarzophylladen a seelene Bänke vu Quarzsandsteen) an de Quarzophyllade vu Schüttbuerg, déi zousätzlech nach Quarzsandsteen enthalen, stamen aus dem Ënneschten Emsium. De Mëttleren Emsium ëmfaasst déi faarweg Klierfer Schiferen. Si bestinn aus grénglechgroen, groen oder wäiroude Schiferen a Sandsteen. Dat jéngst Éisleker Gestengs läit an der Wëlzer Kaul, déi vun der belscher Grenz bei Harel nordëstlech an enger Sträif queesch duerch d'Éislek op déi däitsch Grenz bei Rouderssen ausleeft. De Kär vun dëser Kaul forméieren déi mëll touneg-sandeg, donkelblo a fossilräich Wëlzer Schiferen aus dem Ieweschten Emsium. Si ginn ëmrand vun enger dënner Sträif vum Quarzit vu Bärel (Hasselter), dee mat engem Quarz-Gehalt vu 95-98 % dat häertste Gestengs aus Lëtzebuerg ass. Gréisser Steebréch ëm Bärel an Op Freng tëscht Pënsch a Buckels hunn dat Gestengs exploitéiert.

D'Éisleker Steng zerfalen zu nierstoffaarmen, stengeg-leemege Biedem, deenen et virun allem u Phosphor a Kallek feelt. Eréischt d'Industrialiséierung am Süde vum Land huet den Akerbau am Éislek staark verbessert. Déi räich u Phosphor Thomasschlak, en Nieweprodukt aus de Schmelzen, konnt reng gemuel als Düngemëttel benotzt ginn.

Wéi och d'Guttland, gehéiert d'Éislek zu engem vum Atlantik beaflosste geméissegte Klima. Allerdéngs ass d'Klima e bësselche méi rau a méi fiicht wéi am Guttland. Déi mëttels Jorestemperature leie bei 7-8,5 °C. Si erklären déi grouss Zuel vu Fraschtdeeg am Joer (iwwer 100) an am Wanter déi méi laang Schnéiperiod, déi bis an de Mäerz dauere kann. Nëmmen am Kiischpelt an am südlechen Ourdall sinn d'Duerchschnëttstemperature bësselche méi mëll a leien tëscht 8,5 an 9 °C. Déi duerchschnëttlech Temperature vu Mee bis September leien op den Héichplateaue bei 13-14 °C an an de Flossdäller bei 14-15 °C. Domat ass d'Vegetatiounsperiod mat 150 Deeg, wou Temperaturen iwwer 10 °C leien, ganz kuerz. Typesch fir d'Éislek sinn och déi erhéichten Nidderschléi. Si leien tëscht 850 an iwwer 1000 mm pro Joer, wouvun zirka 400 mm am Summer falen. Den Norden an Nordweste kréien an der Reegel bësselche méi Ree mat.

Zanter der erneierter Christianiséierung vun eiser Géigend (am fréie Mëttelalter) bis zur Franséischer Revolutioun ass d'Grenz tëschent dem Äerzbistum Tréier an dem Bistum Léck ongeféier do verlaf, wou och d'Grenz tëschent dem Guttland an dem Éislek verleeft. D'Éislek huet deemno zum Bistum Léck gehéiert, an et gëtt eng phantasievoll Erklärung vum Numm "Éisleck", déi sech op "[Dioc-]èse Léck" berifft.

Bedéngt duerch d'mannerwäerteg Qualitéit vum Buedem ass d'Éislek ganz laang méi aarm bliwwe, wéi d'Guttland. Dat huet sech eréischt mat der Industrialiséierung am Süde vum Land geännert: engersäits si vill Éisleker, déi duerch Mechaniséierung vun der Landwirtschaft net méi um Land gebraucht goufen, entweeder ausgewandert oder, vun ~1900 un, an d'Minettsgéigend als Industrieaarbechter schaffe gaangen, anerersäits huet d'Stolindustrie een Nieweprodukt hierginn, d'Thomasmiel, dat als Dünger agesat konnt ginn. Laang gouf et nërdlech vun Ettelbréck quasi keng fest Stroossen, sou datt d'Éislek zimmlech isoléiert bliwwen ass, besonnesch am Wanter, wann d'Weeër voller Schnéi oder Bulli waren. A vill Dierfer hunn eréischt tëschent de Weltkricher Zougank zu fléissendem Waasser kritt, wéi Honnerte vu Kilometere vu Waasserleitunge geluecht goufen.

Wärend dem Zweete Weltkrich ass d'Éislek net verschount bliwwen. Besonnesch an der Ardennenoffensiv am kale Wanter mat vill Schnéi am Dezember 1944 an am Januar 1945 huet d'Regioun schwéier Kämpf missen erleiden. De Krichsschued war grouss an d'Verloschter héich.

  • Botzler, Uli, Guy Hoffmann, [Koordinatioun: Rob Kieffer]: Eist Eislek: Begegnungen in den Luxemburger Ardennen, 2001, G. Binsfeld, 235 S. ISBN 2-87954-102-6
  • Krippel, Y., 2021. L'Éislek – ou les Ardennes luxembourgeoises – au fil du temps. MAUGIS. La revue des Amis de l'Ardenne 73: 8-17.
  • Rasqué, Fritz, 1946: Das Ösling im Krieg, Verl. Luxemburgensia, Impr. J. Beffort, 718 S., Nei-Éditioun: Ed. Emile Borschette, 1988
  • Paul Weber, Histoire de l'économie luxembourgeoise; Lëtzebuerg (Chambre de Commerce), 1950; 431 S.
  • Schmid, Wolfgang (Interessenverein Binsfeld-Holler-Breidfeld) 2016: "Leben und Arbeiten im Ösling" - 91 S. ISBN 978-2-87992-990-3
  • Sunnen, Myriam. 2007. "Eislek." In Lieux de mémoire au Luxembourg. Usages du passé et construction nationale, eds. Sonja Kmec et al. Luxembourg: Imprimerie Saint-Paul, p. 241-246.


Commons: Éislek – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Situation géographique. statistiques.public.lu Archivéiert de(n) 2020-12-17. Gekuckt de(n) 2021-02-03.