Chronologie vum ale Griicheland
Ausgesinn
Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antiquitéit. |
Dës Chronologie vum ale Griicheland soll Iech en Iwwerbléck iwwer déi wichtegst Evenementer vun dëser Zäit a Griicheland ginn.
Héich Archaik
[änneren | Quelltext änneren]- 6. - 4. Joerdausend: Neolithikum a Griicheland.
- Ëm 3000: Éischt Agglomeratiounen op Kreta. D'Minoer kommen un (?).
- 27. Joerhonnert: Bronzezäit. Ufank vun der alminoescher Sprooch a Schrëft.
- 23. Joerhonnert: Ufank vun der mëttlerer Bronzezäit a Griicheland. D'Minyaner oder "Proto-Griichen" kommen un (?).
- 21. Joerhonnert: Éischt Forme vun engem Palais op Kreta.
- 20. Joerhonnert: Iwwergang zu der Mëttelminoescher Sprooch a Schrëft.
- 18. Joerhonnert: Éischt Palaisen op Kreta.
- 17. Joerhonnert: Generell Zerstéierung vun de Siten op Kreta.
- Ëm 1680: Zweet Palaisphas op Kreta.
- Ëm 1650: Éischt Griewer zu Mykene. D'Mykener kommen un.
- Ëm 1630: Explosioun vum Vulkan zu Santorini. Den Datum ass op 50 Joer geschat (tëscht 1650 a 1598).
- 16. Joerhonnert: Héichpunkt vun de Palaise vu Knossos.
- 1600 - 1580: Iwwergang zu der rezenter Minoescher Sprooch a Schrëft.
- Ëm 1450: Generell Zerstéierung vun de Siten op Kreta. D'Mykener huele Knossos an.
- 1450 - 1350: Héichpunkt vun de mykenesche Palaisen.
- 14. Joerhonnert: Archiver vu Knossos an der Schrëft Linear B.
- 14. - 13. Joerhonnert: Mykenesch Expansioun.
- Ëm 1250: Trojanesche Krich.
- Ëm 1200: Archiver vu Pylos an der Schrëft Linear B. Generell Onrouen.
- 1194 - 1184: Trojanesche Krich no der hellenistescher Chronologie.
- 11. Joerhonnert: D'international Bezéiunge briechen zesummen, souwéi d'mykenesch Kultur. Ufank vun den Däischteren Zäitalteren.
- 1104: D'Herakleiden kommen zeréck oder doresch Migratioun, jee no anticker Traditioun.
- Ëm 1104, 884 oder 776: Datumer, déi dem Lykurgos zougeschriwwe ginn, jee no Chronologie.
- 1102: Ufank vun der Lëscht vun de Kinneke vu Sparta.
- Ëm 1100: Ufank vun der Eisenzäit a Griicheland. Legendär Grënnung vu Gadir (Cádiz) duerch d'Phenizier.
- 1077 - 1044: Traditionell Date vun der Grënnung vu Milet a Klengasien.
- Enn 11. - 10. Joerhonnert: D'Griiche loosse sech op der klengasiatescher Küst néier.
- Ëm 1020: Ufank vum Proto-Geometreschten Zäitalter a Griicheland.
- Ëm 1000: Prënzegraf vum Lefkandi vun Euböa. Éischt Spuere vun engem Kult zu Olympia. Éischt griichesch Agglomeratiounen zu Smyrna a Klengasien.
9. Joerhonnert v. Chr.
[änneren | Quelltext änneren]- Ëm 900: Ufank vum Geometreschen Zäitalter a Griicheland.
- 9. Joerhonnert: Synoikismos zu Sparta.
- 814: D'Phenizier grënne Karthago am westleche Mëttelmier.
- Enn 9. Joerhonnert: Éischt Spuere vun engem Kult zu Delphi.
8. Joerhonnert v. Chr.
[änneren | Quelltext änneren]- Ufank 8. Joerhonnert: Ilias (?).
- Ëm 800: Griichesch Grënnung vun Al-Mina tëscht Syrien an Anatolien. D'Etrusker loosse sech an der Toskana néier.
- 776: Éischt Panhellenesch Spiller zu Olympia.
- Ëm 775: Éischt griichesch Spueren op der Insel Ischia (Pithekoussai).
- Mëtt 8. Joerhonnert: Ufank vun der Schrëft an Enn vun der Héich-Archaik.
- 757 - 738: Éischte Messenesche Krich no der traditioneller Chronologie.
- 756: Grënnung vu Kyzikos um Propontis.
- 754: Ufank vun der Lëscht vun den Ephoren zu Sparta.
- Ëm 753: Ufank vun den zéngjäre Magistraturen zu Athen (duerno all Joer).
- Ëm 750: Grënnung vun Ischia a Kampanien. Legendär Grënnung vun Ibiza duerch Karthago. Zu Amykles, am Süde vu Lakonien, ginn déi éischt Panlakonesch Spiller ofgehalen.
- 750: Grënnung vu Cumae an der Bucht vun Neapel.
- 747: Oligarchie vun de Bakkhiaden zu Korinth.
- 734 - 733: Grënnung vun Naxos a Syrakus. D'Griiche loosse sech op Sizilien néier.
- Ëm 730: D'Griiche kontrolléieren d'Mierengt vu Messina.
- 730 - 725: Déi eelst archeologesch Iwwerreschter, déi zu Karthago fonnt goufen.
- Ëm 720: Déi grouss Tempele vu Smyrna a Samos gi gebaut.
- 708: Grënnunng vu Parion am Norde vum Hellespont.
- 706: Grënnunng vun Tarent. D'Griiche loosse sech am Süde vun Italien néier.
- Ëm 700: D'Tempele vu Korinth an Argos gi gebaut. Smyrna gëtt nei amenagéiert. Athen annektéiert Eleusis.
- Enn 8. Joerhonnert: Odyssee. Tempel an Agora zu Dreros op Kreta. Krich tëscht Chalkida an Eretria an Euböa.
7. Joerhonnert v. Chr.
[änneren | Quelltext änneren]- 690: Panhellenescht Hellegtum vum Poseidon um Isthmus vu Korinth.
- Ëm 687: De Gyges grënnt d'Dynastie vun de Mermnaden a Lydien. Protektorat iwwer d'Poleis an Ionien.
- 686: Grënnung vu Chalcedon um Agank vum Bosporus.
- Ëm 683: Zu Athen gouf d'Archontat op ee Joer beschränkt a sechs Thesmothétai goufen agefouert.
- Ëm 675: Invasioun vun de Kimmerer, engem skythesche Vollek aus der Stepp. Zerstéierung vum Artemision zu Ephesus.
- 669 - 668: Krich tëscht Sparta an Argos. Néierlag vun Hysiæ. Éischt Optriede vun der Phalanx.
- Ëm 668 - 654: Zweete messenesche Krich.
- 657: Grënnung vu Byzanz um Agank vum Bosporus. Tyrannis vun de Kypseliden zu Korinth.
- 656: Grënnung vun Istros un der Mëndung vun der Donau. D'Griiche loosse sech am Schwaarze Mier néier.
- 652: † Gyges, den Alyattes kënnt op den Troun a Lydien.
- 651: Grënnung vu Lampsakos um Hellespont.
- Mëtt 7. Joerhonnert: Aktivitéit vum Poet Tyrtaios.
- Zweet Hallschent vum 7. Joerhonnert: Éischt Gesetz, wat niddergeschriwwe gëtt.
- Ëm 650 - 630: Tyrannis vum Pheidon zu Argos.
- Ëm 646: Grënnung Olbia un der Mëndung vum Dnepr.
- Ëm 640: Éischt Representatioun vun der Phalanx op der Vase (Chigi-Vase).
- Ëm 635 oder 632: Versuch vun enger Tyrannis vum Kylon zu Athen.
- Ëm 630: Grënnung vu Kyrene a Libyen.
- 629: Grënnung vu Sinope un der nërdlecher Küst vu Klengasien.
- 624 - 620: Legislatioun vum Drakon zu Athen.
- 614: D'Meder, en iranescht Vollek, réckelen an Héich-Mesopotamien no vir.
- Ëm 610 - 580: Tyrannis vum Kleisthenes zu Sikyon.
- Ëm 600: De Kolaios vu Samos seegelt bis op Tartessos (Süde vun der Ibeerescher Hallefinsel). Éischt phönizesch-punesch Agglomeratioun am Marokko. Ufank vun der Expansioun vu Phokaia.
- 600: Legendär Grënnung vu Marseille. Zerstéierung vu Smyrna duerch d'Alyatten.
- Enn 7. Joerhonnert: Grënnung vun Trabzon (Kolchis), un der nërdlecher Küst vu Klengasien. Éischt Mënzen zu Ephesus.
6. Joerhonnert v. Chr.
[änneren | Quelltext änneren]- 600 - 590: Éischten hellege Krich. Bléi vun der Amphiktyonie vun Delphi.
- 1. Hallschent vum 6. Joerhonnert: Mënze vun Aigina.
- 594 oder 592: Archontat vum Solon zu Athen.
- Ëm 590: Phokaia grënnt Emporion (Empúries) op der katalounescher Küst, an d'Erweiderung Neapolis.
- 590: Anarchie (keen Archon) zu Athen.
- 586: Anarchie zu Athen.
- 585: Éischten Affrontement tëscht Alyatten a Meder. Grenz vum Halys.
- 583: D'Tyrannis zu Korinth gëtt gestierzt.
- 582 - 580: Verlängerung vum Archontat vum Damasias zu Athen.
- 579: Zu Athen ginn déi dräi politesch Fraktioune vum Dall, der Küst an den Hiwwele gegrënnt.
- 566: Grënnung vun de Panathenäen.
- Ëm 565: Phokaia grënnt Alalia op Korsika ; weidere klengen Etablissement zu Agde.
- 561: Éischte Staatstreech vum Peisistratos zu Athen.
- 560: Tyrannis vun de Peisistratiden zu Athen. A Lydien kënnt de Krösus op den Troun.
- 559: De Kyros aus der persescher Kinneksfamill vun den Achämeniden kënnt op den Troun.
- 556: Éischt Verdreiwung vum Peisistratos vun Athen.
- Ëm 550: D'Peloponnesesch Liga gëtt gegrënnt. Enn vun der Exportatioun vun der ostgriichescher Keramik.
- 550: Unioun vun de Perser an de Meder. Ufank vun der persescher Expansioun.
- 550 - 525: Sëlwermënzen.
- 549 (oder 544): Zweete Staatsstreech vum Peisistrates zu Athen, dee vun den Alkmaioniden ënnerstëtzt gëtt.
- 548: Den Tempel zu Delphi geet a Flamen op, gëtt awer nees opgebaut.
- 546 - 540: D'Perser eruewere Klengasien an d'Poleis vun Ionien.
- 546 (oder 541): De Peisistrates gëtt eng zweet Kéier aus Athen erausgehäit, an zitt sech an Thrakien zeréck.
- 546: D'Perser erueweren d'Kinnekräich vun de Lydier. Smyrna, Xanthos a Kaunos ginn zerstéiert. D'Phokäer emigréieren.
- 545 - 543: Zerstéierung vu Phokaia (Klengasien) duerch d'Perser, d'Phokäer zéie sech op Alalia op Korsika zeréck.
- Ëm 540 - 535: Schluecht vun Alalia tëscht Griichen a Karthago an Etrusker. Néierlag fir Phokaia. D'Stad bleift bestoen, mä et ass net gewosst wien d'Kontroll hat.
- Ëm 537 - 522: Tyrannis vum Polykrates zu Samos. Éischt Trieren.
- Ëm 535 - 530: Grënnung vun Elea a Kampanien duerch d'Phokäer.
- 534: Drëtte Staatsstreech vum Peisistrates, dee vun Theben an dem Lygdamis vun Naxos ënnerstëtzt gëtt. De Miltiades gëtt aus Athen an Tauris verbannt.
- Ëm 530: Pythagoras a Süditalien. Sparta mécht seng Dieren zou.
- Ëm 530 - 525: Mënzen zu Athen mat enger Eil drop.
- 529: † Kyros. De Kambyses II. kënnt op de perseschen Troun.
- 528: † Peisistrates. Tyrannis vum Hippias zu Athen.
- 525: Archontat vum Kleisthenes zu Athen.
- 522: Den Dareios I. kënnt op de perseschen Troun.
- 522 - 521: Revolten am Perserräich. Sezessioun vum Satrap vu Lydien. Hirichtung vum Polykrates.
- 520: De Kleomenes I. kënnt zu Sparta op den Troun. Ufank vum spartaneschen Expansionismus.
- 519: Den Dareios I. iwwerhëlt op en Neits d'Kontroll iwwer Lydien an Ionien.
- 517: Samos, Chios a Lesbos falen ënner persesch Dominatioun.
- 516: Den Athener Miltiades léisst sech an Thrakien nidder.
- Ëm 515: Sparta refuséiert zu Samos a bei de Skythen géint d'Perser anzegräifen.
- 514: Tyrannizid zu Athen: Ermuerdung vum Hipparchos, Brudder vum Hippias, vun den Tyrannemärder.
- 513: Expeditioun vum Dareios I. an Europa géint d'Skythen.
- 512: D'Perser ënner dem Megabyzus erueweren Thrakien.
Enn vum 6. Joerhonnert v. Chr.
[änneren | Quelltext änneren]- 510: Sparta gräift zu Athen géint d'Tyrannis an. Exil vum Hippias bei d'Perser. Stasis tëscht dem Kleisthenes an dem Isagoras. De Kleomenes gräift zu Gonschte vun Isagoras an.
- 508: Éischten Traité tëscht Roum a Karthago déi sech d'westlecht Mëttelmier ënnerdeneen opdeelen. Reforme vum Kleisthenes zu Athen. Kadere vun der Demokratie ginn an d'Liewe geruff.
- Ëm 506: Nei Expeditioun vu Sparta géint Athen. Konflikt tëscht Sparta an dem Kinnek Demaratos.
- 505: Ufank vun der Tyrannis vum Kleandros zu Gela.
5. Joerhonnert v. Chr.
[änneren | Quelltext änneren]- 500: Persesch Expeditioun géint Naxos. Missioun vum Aristagoras vu Milet zu Sparta an zu Athen.
- 499 - 494: Revolt vun den ionesche Poleis géint d'Perser.
- 498: Sparta refuséiert an Ionien anzegräifen. D'Ionier, déi eng Allianz mat Athen an Eretria hunn, plëmme Sardes. Karien, Lykien an Zypern schléisse sech der Revolt un. Enn vun der Tyrannis vum Kleandros an Ufank vun der Tyrannis vum Hippokrates zu Gela.
- 497: Kämpf op Zypern.
- 497 - 496: Persesch Offensiv a Klengasien. Belagerung vu Milet.
- 496 - 495: Ionesche Versuch, eng Front an Thrakien opzebauen. Campagne vum Hippokrates op Sizilien.
- 494: Sparta klappt Argos zu Sepeia. Zypern gëtt zerstéiert an d'persesch Flott kënnt an d'Egäis. Pazifikatioun an Anatolien. Néierlag vun den Ionier zu Lade. Stuerz vu Milet. Missioun vum Datis vu Sardes zu Persrpolis fir eng Géigenoffensiv an der Egäescht Mier|Egäis virzebereeden. Ufank vun der Tyrannis vum Anaxylas zu Rhegion. Den Hippokrates gräift Syrakus un.
- 493: Lescht ionesch Offensif a Klengasien. D'Opstänneg gi festgeholl an higeriicht, an d'persesch Dominatioun gëtt nees hiergestallt.
- 492: Reorganisatioun vun de Poleis an Ionien. D'Perser setzen "Demokratien" an. Expeditioun vum Mardonios an Thrakien. De Miltiades kënnt zeréck op Athen.
- 491: Sparta gräift op Aigina an. Emissaire vum Dareios I. an de griichesche Poleis, fir hir Ënnerwerfung ze fuerderen. Ufank vun de Streidereien tëscht Athen an Aigina. † Hippokrates. De Gelon gëtt Tyrann vu Gela. D'Aristokrate gi vu Syrakus verdriwwen.
- 490: Expeditioun vum Datis an Artaphernes op d'griichesch Inselen a géint Athen: Éischte Perserkrich.
- Fréijoer 489: Expeditioun vum Miltiates op Paros an de Kykladen.
- 489: Den Anaxylas iwwerhëlt d'Kontroll iwwer Messina.
- 488 - 472: Tyrannis vum Theron zu Akragas.
- 486: † Dareios. De Xerxes kënnt op den Troun.
- 485 - 478: Tyrannis vum Gelon zu Syrakus. Säi Brudder Hieron gëtt Gouverneur vu Gela.
- 483: Athen: Flottegesetz vum Themistokles an Ostrakismos vum Aristeides. Annexiounen an Expulsiounen zu Gela, Kamarina a Megara Hyblaea. De Rerillos, Tyrann vun Himera, freet Karthago ëm Hëllef.
- 481: Krichspreparatiounen zu Karthago an op Sizilien. D'Verhandlungen tëscht dem Gelon an der panhellenescher Liga vu Korinth féieren zu näischt.
- 481: Persesch Mobilisatioun zu Sardes.
- Wanter 481 - 480: Griichesch Ambassade beim Gelon zu Syrakus, ouni datt eng Allianz méiglech ass. Drëssegjärege Fridden tëscht Sparta an Argos.
- 480 - 479: Zweete Perserkrich.
- 480: D'Perser komme bis an Zentralgriicheland. Schluecht vun den Thermopylen. Athen gëtt geplëmmt. Schluecht vu Salamis. Karthago mëscht sech a Sizilien an. Griichesch Victoire bei Himera.
- 479: Griichesch Victoire bei Plataiai. Schluecht vu Mykale. Befreiung vun Ionien.
- 478: Attesche Séibond. † Gelon, den Hieron gëtt säin Nofollger. De Polyzelos gëtt Gouverneur vu Gela.
- 476: D'Perser ginn aus Thrakien an aus Europa verdriwwen. Enn vun der Tyrannis vum Anaxilas zu Rhegion.
- 474: Victoire vum Hieron iwwer d'Etrusker bei Cumae.
- 472: Aischylos, D'Perser.
- 471: Revolt vun Naxos. Ostrakismos vum Themistokles (?). † Pausanias.
- 469: Zerstéierung vun der persescher Flott.
- 466: † Hieron. Den Thrasybulos gëtt Tyrann vu Syrakus.
- 465: Den Thrasybulos gëtt gestierzt. Enn vun der Tyrannis op Sizilien. Ufank vun der Revolt vun Thasos. Äerdbiewen zu Sparta an Ufank vun der Revolt vun den Heloten.
- 463: Enn vun der Revolt vun Thasos.
- 461: Ostrakismos vum Kimon a Reforme vum Ephialtes zu Athen.
- 461 - 446: Éischte Peloponnesesche Krich tëscht Sparta an Athen.
- 460 - 454: Athenesch Expeditioun op Zypern an an Egypten.
- 456: Enn vun der Revolt vun den Heloten.
- 454: De Schaz vum Attesche Séibond gëtt op Athen transferéiert.
- 453 - 440: Liberatiounsmouvementer vun Douketios op Sizilien.
- 451: Éischt Gesetz vum Perikles.
- 450: Ufank vum Schantje vun der Akropolis zu Athen.
- 450 - 449: Athenesch Campagne op Zypern.
- 448: Kalliasfridden. Zweeten hellege Krich.
- 447: Éischt Böotesch Konfederatioun.
- 446: Drëssegjärege Fridden tëscht Sparta an Athen.
- 444: Grënnung vun Thourioi.
- 441 - 431: Gouvernement vum Perikles.
- 441 - 439: Revolt vu Samos.
- 438: De Parthenon gëtt fäerdeggestallt.
- 437: D'Athener grënne Kolonien am Norde vun der Egäis.
- 435: Konflikt tëscht Korkyra a Korinth.
- 435 - 432: Politesch Prozesser géint d'Ëmfeld vum Perikles.
- 433: Allianz tëscht Athen a Korkyra.
- 432: Revolt vu Potidaia, d'Athener gräifen an. Dekreet géint Megara (?). Konferenz vu Sparta.
- 431 - 421: Krich vum Archidamos.
- Fréijoer 432: Thebanesch Expeditioun op Plataiai.
- Mee - Juni 431: D'spartanesch Arméi fält an Attika an. Installatioun vun enger Klerouchia op Aigina. Allianz tëscht Athen an Thrakien.
- 430: Peschtepidemie zu Athen. Nei Invasioun vun Attika.
- Wanter 430 - 429: Kapitulatioun vu Potidaia.
- 429: † Perikles. Belagerung vu Plataiai.
- 428: Drëtt Invasioun vun Attika. Revolt vu Lesbos.
- Fréijoer 427: Kapitulatioun vu Lesbos. Installatioun vun enger Klerouchia.
- Summer 427: Kapitulatioun vu Plataiai.
- 427: Ufank vum Biergerkrich zu Korkyra.
- 426: Athenesch Expeditioun a Sizilien.
- 425: Enn vum Biergerkrich zu Korkyra.
- 424: De Fridden tëscht Athen an de Perser gëtt op en Neits confirméiert. Athen besetzt Kythira. Spartanesch Expeditioun op Chalkidiki: Eruewerung vun Amphipolis duerch de Brasidas. Athenesch Néierlag an der Schluecht vun Delion.
- 423: Den Dareios II. kënnt a Persien op den Troun.
- 422: Schluecht vun Amphipolis. † Brasidas a Kleon.
- 421: Fridden tëscht Sparta an Athen, Nikiasfridden.
- 420: Den Alkibiades gëtt zu Athen zum Strategos gewielt.
- 417: Ostrakismos vum Hyperbolos zu Athen.
- 416: Den Tissaphernes, Satrap vu Lydien, kann d'Revolt vum Pissouthnes néierschloen.
- 416 - 415: Expeditioun géint Melos.
- 415 - 413: Sizilienexpeditioun vun Athen.
- 413: 10 Probouloi ginn an d'Liewe geruff, fir d'athenesch Constitutioun z'iwwerschaffen.
- Fréijoer 413: Sparta besetzt Dekeleia.
- Wanter 413 - 412: Emissaire vum Tissaphernes zu Sparta. Athen ënnerstëtzt de Jong vum Pissouthnes.
- 412: Revolt vun den Alliéierte vun Athen. Traité tëscht Sparta an de Perser.
- Wanter 412 - 411: Zweeten Traité tëscht Sparta an de Perser. Schluecht vu Milet.
- 411: Reaktionäre Staatsstreech zu Athen (Hoi tetrakosioi). Intrige vum Alkibiades.
- Wanter 411 - 410: Missioun vum Alkibiades beim Tissaphernes fir Subsiden ze kréien; hie gëtt zu Sardes agespaart.
- Fréijoer 410: D'Demokratie gëtt zu Athen nees agefouert. Victoire vun der Flott vum Alkibiades zu Kyzikos.
- 409: Zerstéierung vu Selinunt a vun Himera op Sizilien duerch Karthago.
- Wanter 408 - 407: Den Dareios II. ënnerstëtzt d'Peloponnesier. De Kyros gëtt un d'Spëtzt vu Lydien a Phrygien beruff, an ass fir d'militäresch Operatioune responsabel. Frëndschaft tëscht dem Kyros an dem spartaneschen Nauarchos Lysandros.
- 407: De Lysandros huet d'Soen iwwer d'spartanesch Flott. Den Alkibiades kënnt zeréck op Athen. Schluecht vun Notion.
- 406: Karthago eruewert Akragas. Den Dionysos kënnt zu Syrakus un d'Muecht. Prozess vun den athenesche Strategen.
- 405: Athenesch Néierlag beim Aigos-Potamos. Karthago eruewert Gela a Kamarina.
- 404: Belagerung a Kapitulatioun vun Athen. Enn vum Peloponnesesche Krich. † Dareios II., Nofollger ass den Artaxerxes II.
- 404 - 403: Operatioune vum Lysandros an der Egäis an an Ionien.
- 403: Restauratioun vun der Demokratie zu Athen.
- 403 - 399: Revisioun vun de Gesetzer zu Athen.
- 401 - 400: Revolt vum Kyros géint säi Brudder, den Artaxerxes II.. Expeditioun a Mesopotamien. Schluecht vu Kounaxa. † Kyros.
4. Joerhonnert v. Chr.
[änneren | Quelltext änneren]- 400 - 399: Campagne vu Sparta géint Elis.
- 400 - 394: Campagne vu Sparta a Klengasien géint d'Perser.
- 399: Prozess an Doud vum Sokrates zu Athen; Verschwörung vum Kinadon zu Sparta.
- 397: Den Dionysios eruewert Motye.
- 397 - 395: De Konon setzt sech un der Spëtzt vun der persescher Flott duerch.
- 396: Landung vum Himilkon zu Palermo. Belagerung vu Syrakus.
- 395 - 390: Krich vu Korinth.
- 394 - 393: Campagne vum Konon an de Perser um Hellespont.
- 393: De Konon kënnt zeréck op Athen: Rekonstruktioun vun de Laange Maueren an enger Flott.
- 392: Zweete Friddenstraité tëscht dem Dionysios a Karthago.
- Ëm 389: Éischt Rees vum Platon an Italien an op Sizilien.
- 389 - 388: Operatiounen am Saronesche Golf a ronderëm Aigina. Athen kontrolléiert Byzanz a Mytilene.
- 388: Expeditioun vum Antalkidas an Ionien an um Hellespont. Navigatiounsfräiheet fir d'Athener.
- 387 - 386: D'spartanesch Flott kontrolléiert d'Kärestrooss vun Thrakien, Athen kritt Versuergungsproblemer.
- 386: Kinneksfridden (och Fridde vum Antalkidas). Belagerung a Kapitulatioun vu Rhegion.
- 385: Zerstéierung vu Mantineia. Reorganisatioun vun der peloponnesescher Liga. Kolonisatioun an der Adria: Grënnung vun Issa.
- 384: D'Hellegtum vu Pyrgi gëtt geplëmmt.
- 382: Okkupatioun vun Theben duerch d'Spartaner; Athen hëlt d'exiléiert Thebaner bei sech op. De Philippe II. vu Makedonien, leschte Jong vum Amyntas III., kënnt op d'Welt.
- 379: Liberatioun vun Theben.
- 378: Zweet athenesch maritim Liga.
- 378 - 376: Campagne vu Sparta a Böotien.
- 372: Schluecht vu Leuktra. Retablissmenet vun der Konfederatioun vu Böotien.
- 371 - 361: Campagne vum Epaminondas am Peloponnes.
- 371 - 369: Wiessel vun den Allianzen: Allianz tëscht Athen a Sparta. Triumph vun der Friddenspartei zu Athen (Kallistratos). Rekonstruktioun vun engem messenesche Staat.
- 368 - 365 v. Chr.: De Philippe II. vu Makedonien gëtt zu Theben als Geisel gehalen
- 367: Neie Kinneksfridden.
- Wanter 367 - 366: † Dionysios
- 366: Tyrannis vum Dion an zweet Rees vum Platon op Sizilien. Gouvernement vum Dionysios II.
- 365 - 364: Athenesch Expeditioun op Samos a Chalkidiki.
- 361: † Epaminondas zu Mantineia. De Kallistratos gëtt zu Athen erausgehäit. Drëtt Rees vum Platon op Sizilien.
- Ëm 360: Fondatioun vun den athenesche Kleruchien.
- 359: † Perdikkas III., Régence vum Philippe II. vu Makedonien.
- 358 - 356: Campagne vu Makedonien géint d'Illyrer ënner dem Kinnek Bardyllis.
- 357: Stuerz an Exil vum Dionysios II. Makedonien eruewert Amphipolis an Thrakien.
- 357 - 356: Makedonesch Campagne op Chalkidiki.
- 357 - 355: Krich vun den Alliéierte géint Athen.
- 356: De Philippe II. vu Makedonien gëtt Kinnek vu Makedonien. Eruewerunge vu Potidaia a Pydna.
- 356 - 346: Drëtten hellege Krich.
- 356 - 355: Triumph vun der Friddenspartei zu Athen (Euboulos). Isokrates, Iwwer de Fridden. Xenophon, Poroi.
- 354: Makedonesch Interventioun an Thessalien.
- 354 - 352: Schluecht um Krokusfeld. De Philippe II. gëtt Archon an Thessalien.
- 351: Campagne vun Thrakien. Demosthenes, Philippiken.
- 349 - 348: Krich vun Olynth. Annexioun vu Chalkidiki. Prozess vum Midias zu Athen.
- 347 - 346: Den Dionysios II. kënnt zeréck op Syrakus.
- 346: Panhellenesche Kongress zu Pella a Fridde vum Philokrates tëscht dem Philippe II. an de Griichen. Isokrates, Philippe. Enn vum drëtten hellege Krich. De Philippe II. kontrolléiert d'Thermopylen an Delphi. Reorganisatioun vun der Amphyktionie.
- 345: Campagne vum Philippe II. géint d'Illyrer.
- Ëm 345: De Philippe II. kontrolléiert d'Minnen an Thrakien. Éischt makedonesch Goldmënzen.
- 344: Den Timoleon gëtt vu Korinth op Syrakus geschéckt. Reorganisatioun vun Thessalien.
- 343: Pakt vum Philippe II. mat de Perser.
- 342: Makedonesch Interventioun vu Epirus.
- Ëm 341: Victoire vum Timoleon iwwer Karthago.
- 341: Organisatioun vun der Strategie vun Thrakien. Makedonesch Campagne géint Byzanz.
- Hierscht 340: Athen erkläert dem Philippe II. de Krich.
- 339: Véierten hellege Krich. Allianz vun Theben an Eretria.
- 338: Schluecht vu Chaironeia. Campagne am Peloponnes.
- 337: Grënnung vun der Liga vu Korinth. Panhellenesche Kongress. Makedonesch Campagne géint d'Illyrer.
- 336: Makedonesch Expeditioun an Asien mam Parmenion. † Philippe II., Nofollger gëtt säi Jong den Alexander. Korinth alliéiert sech op en Neits mat de Griichen.
- 335: Revolt an Zerstéierung vun Theben. Campagne vum Alexander an Thrakien, op der Donau a géint d'Illyrer. Anti-makedonesche Mouvement a Griicheland.
- Fréijoer 334: Makedonesch Landung a Klengasien. Schluecht vum Granikos.
- 334 - 333: Eruewerung vu Klengasien duerch den Alexander.
- Ufank 333: Den Alexander ass zu Gordion.
- Hierscht 333: Schluecht vun Issos.
- 332: Revolt zu Sparta.
- 332 - 331: Eruewerung vu Phenizien an Egypten duerch den Alexander. Grënnung vun Alexandria.
- Hierscht 331: Néierlag vu Sparta zu Megalopolis. Schluecht vu Gaugamela.
- 331 - 330: Den Alexander eruewert Mesopotamien a Persien.
- Wanter 331 - 330: Den Alexander ass zu Babylon, zu Susa a Persepolis. Persepolis geet a Flamen op.
- 330: Komplott vum Parmenion a Philotas. † Dareios III.
- 329 - 327: Pazifikatioun vun den Héije Satrapien (Afghanistan).
- 328 - 327: Pazifikatioun vum Dall vum Oxos. Den Alexander bestit sech mat der Roxane. Mobilisatioun vun de Perser.
- 327 - 325: Campagne vun Indien vum Alexander.
- September - Dezember 325: Rees op Susa.
- 324: Flucht vum Tresorier Harpalos op Athen. Massenhochzäit vu Susa: Den Alexander bestit sech mat der Stateira an der Parysatis.
- 323: † Alexander de Groussen.
Enn vum 4. Joerhonnert v. Chr.
[änneren | Quelltext änneren]- 323 - 321: Ierffollegkricher ënner den Diadochen.
- 322: Néierlag vun der Flott vun de Griichen, déi sech revoltéiert hate bei Amorgos. Schluecht vu Krannon. † Demosthenes. † Hypereides. † Aristoteles. Enn vum Lamesche Krich. Makedonesch Garnisoun um Piräus. Oligarchie vum Phokion zu Athen.
- 321: † Perdikkas. † Krateros. Konferenz vun Triparadisos.
- 321 - 316: Ierffollegkricher ënner den Diadochen.
- 319: † Antipater. Nofollger gëtt de Polyperchon a Griicheland. Restauration vun der Demokratie.
- 318: † Philippe III. vu Makedonien. D'Olympias vun Epirus kënnt un d'Muecht. Gouvernement vum Demetrios vu Phaleron zu Athen. De Kassander ass Här iwwer de Piräus.
- 316: † Olympias. Den Agathokles ass Strategos vu Sizilien. † Eumenes.
- 315 - 311: Ierffollegkricher ënner den Diadochen.
- 311 - 306: Krich vum Agathokles géint Karthago.
- 310: † Alexander IV. De Kassander ass Här iwwer Makedonien.
- 307: Den Demetrios I. Poliorketes ass zu Athen. Befreiung vum Piräus. Demokratesch Restauratioun.
- 306: Schluecht vu Salamis op Zypern. Den Antigonos I. Monophthalmos an den Demetrios huelen de kinneklechen Titel.
- 306 - 305: Joer vun de Kinneken.
- 306 - 304: De Ptolemaios, de Seleukos, de Kassander, de Lysimachos an den Agathokles huelen de kinneklechen Titel. Den Demetrios belagert Rhodos.
- 305 - 304: Athen ass d'Bün fir de Kassander an den Demetrios. Den Demetrios gëtt vun den Demagogen ënnerstëtzt (Stratokles).
- 305 - 303: Campagne vum Seleukos an Zentralasien an an Indien.
- 301: Schluecht vun Ipsos. † Antigonos.
3. Joerhonnert v. Chr.
[änneren | Quelltext änneren]- 299: Den Agathokles vu Syrakus eruewert Korkyra.
- 297: † Kassander. Restauratioun vum Pyrrhos zu Epirus.
- 295: Militäresch Tyrannis vum Lachares. Demokratesch Resistenz um Piräus.
- 294: Den Demetrios I. Poliorketes kontrolléiert Athen an Zentralgriicheland nom Stuerz vum Lachares. Autoritäre Regime an Hongersnout.
- 292 - 287: Oligaresch Period.
- 290 - 289: Konflikt tëscht dem Pyrrhos an dem Demetrios I. Poliorketes, dee Korkyra okkupéiert. † Agathokles.
- 288: Opdeelung vu Makedonien tëscht dem Pyrrhos an dem Lysimachos.
- 288 - 287: Wal vum Phaidros als Strategos vun den Hopliten.
- Fréijoer 287: Opstand géint d'makedonesch Garnisoun. Fridden tëscht dem Ptolemaios I. an dem Demetrios. Liberatioun vun Athen, mä net vum Piräus.
- 287 - 262: Demokratie zu Athen.
- 286: Evakutatioun vun der makedonescher Garnisoun zu Eleusis.
- 286 - 281: Versich ouni Erfolleg, de Piräus nees anzehuelen.
- 285: De Lysimachos ass eenzege Kinnek a Makedonien. Den Demetrios gëtt vum Seleukos I. gefaange geholl.
- 283 - 280: † vun de leschten Diadochen.
- 283: † Demetrios a Ptolemaios I. De Ptolemaios II. kënnt op den Troun.
- 282 - 281: Evakuatioun vun der Garnisoun vu Salamis.
- 281: Schluecht vu Kurupedion a Lydien. † Lysimachos.
- 280: † Seleukos. De Ptolemaios Keraunos gëtt Meeschter iwwer Makedonien. Den Demosthenes gëtt posthum geéiert.
- 280 - 275: Campagne vum Pyrrhos an Italien an op Sizilien.
- 279 - 278: D'Galater falen a Makedonien an a Griicheland an (Grouss Expeditioun). † Ptolemaios Keraunos. Den Antigonos II. Gonatas kënnt a Makedonien op den Troun. Héichpunkt vun der Aitolescher Liga.
- 278: Athen hëlleft géint d'Kelten.
- 274 - 272: Éischte Krich vu Syrien.
- 272: Ambassade vum Ptolemaios II. beim Réimesche Senat.
- Ëm 268: Hieron II. ass Kinnek vu Syrakus.
- 268 - 267 ?: Archontat de Peithidemos. Ufank vum Chremonideiesche Krich
- 265 - 262 ?: Belagerung vun Athen.
- 263: Onofhängegkeet vu Pergamon.
- 262: Athen gëtt vu Makedonien besat
- 260 - 253: Zweete Krich vu Syrien.
- 256 - 255: Evakuatioun vun Athen.
- 251: Héichpunkt vun der Achaiiescher Konferedatioun.
- Ëm 250: D'Seleukideräich verléiert Territoiren am Orient.
- 246: Enn vun der Herrschaft vum Ptolemaios II.
- 246 - 241: Drëtte Krich vu Syrien.
- 240 - 238: Krich am Seleukideräich. Pergamon gëtt e Kinnekräich.
- 244: Den Antigonos II. Gonatas ass zu Athen.
- 244 - 222: Reformen zu Sparta.
- Fréijoer 243: Onsécherheet zu Athen no der Okkupatioun vu Korinth duerch den Aratos vu Sikyon.
- 238: Evakuatioun vun de Festunge vun der Campagne duerch den Demetrios II.
- 231 - 230: Enn vum Kinnekräich vun Epirus.
- 229: † Demetrios II.
- 229 - 228: Éischten Illyresche Krich.
- 227: Äerdbiewen zu Rhodos. Grënnung vun der réimescher Provënz Sizilien.
- 227 - 222: Kleomenesche Krich.
- 223: Den Antiochos III. kënnt op den Troun. Generell Revolt.
- 221: De Philippe V. kënnt op den Troun.
- 221 - 217: Véierte Krich vu Syrien. Schluecht vu Raphia. Fridde vun Nafpaktos.
- 219: Zweeten Illyresche Krich. Ufank vum Zweete Punesche Krich.
- 215: Allianz tëscht dem Philippe V. vu Makedonien an dem Hannibal. Ufank vum éischte makedonesche Krich.
- 211: Allianz tëscht der Aitolescher Liga mat Sparta, Messene an Elis géint de Philippe V. vu Makedonien.
- 205: Enn vum éischte éischte makedonesche Krich.
- 202: Enn vum Zweete Punesche Krich.
- 200: Allianz vum Attalos I. mat Roum.
2. Joerhonnert v. Chr.
[änneren | Quelltext änneren]- 200 v. Chr. - 197 v. Chr.: Zweete makedonesche Krich.
- 196 v. Chr.: Roum proklaméiert d'Fräiheet vun de Griichen.
- 195 v. Chr.: Den Hannibal ass beim Antiochos III.
- 192 v. Chr. - 188: Krich vum Antiochos. D'Réimer kommen an Asien.
- 188 v. Chr.: Fridde vun Apameia. D'Seleukiden zéie sech aus Klengasien zeréck. Héichzäit vu Pergamon a vu Rhodos.
- 171 v. Chr. - 168 v. Chr.: Drëtte makedonesche Krich.
- 168 v. Chr.: Diplomatesch Interventioun vu Roum am sechste Krich vu Syrien: Ultimatum un den Antiochos IV.: de Legat Popilius Laenas zwéngt hien d'Belagerung vun Alexandria opzehiewen.
- 167 v. Chr.: Epirus gëtt geplëmmt. Ufank vum Opstand vun de Makkabäer.
- Ëm 166 v. Chr.: Den Hafe vun Delos gëtt ugeluecht.
- 164 v. Chr.: Éischt Opdeelung vum Räich vun de Ptolemäer.
- 149 v. Chr. - 148: Revolt vum Andriskos a Makedonien. D'Provënz Makedonien gëtt an d'Liewe geruff.
- 149 v. Chr. - 146: Drëtte Punesche Krich.
- 147 v. Chr. - 146: Krich vun Achaea.
- 146 v. Chr.: Zerstéierung vu Korinth a Karthago.
- 145 v. Chr. - 116: Regentschaft vum Ptolemaios VIII.
- 140 v. Chr.: Extensioun vum parthesche Räich bis a Mesopotamien.
- 133 v. Chr.: Doud vum Attalos III., dee säi Räich un d'Réimer weidergëtt.
- 133 v. Chr. - 128 v. Chr.: Revolt vum Aristonikos zu Pergamon. D'Provënz Asien gëtt an d'Liewe geruff.
- 129 v. Chr.: † Antiochos VII.
- 121 v. Chr.: Ufank vun der Herrschaft vum Mithridates VI. um Pontos.
1. Joerhonnert v. Chr.
[änneren | Quelltext änneren]- 89 - 85: Éischte mithridatesche Krich (Sulla).
- 88: Massaker vun den Italieener an Asien.
- 86: Victoire vum Sylla drëtter Schluecht vu Chaironeia iwwer d'Arméi vum Mithridates VI.
- 80: † Ptolemaios IX., ouni legitime männlechen Ierwen. De Sulla installéiert e Prënz vu senger Wiel, Ptolemaios XI. Alexander II.
- 74 - 70: Zweete mithridatesche Krich (Lucullus).
- 67 - 63: Drëtte mithridatesche Krich a Reorgfanisatioun vum Orient duerch de Pompeius.
- 63: Enn vun der Herrschaft vum Mithridates VI.
- 58: Ptolemaios XII. Auletes verstoppt sech beim Pompeius zu Roum.
- 55: Interventioun vum Gouverneur vu Syrien Gabinius. De Ptolemaios XII. Auletes kënnt zeréck op den Troun an Egypten.
- 51: Avenement vun der Kleopatra zu Alexandria.
- 48: Éischte Biergerkrich. Schluecht vu Pharsalos an Thessalien. Hiriichtung vum Pompeius.
- 48 - 47: Opstand vun Alexandria. Campagne vum Caesar an Egypten an um Pontus. Fir d'Interesse vun der Kleopatra huet hien hire Brudder Ptolemaios liquidéiert. Affär tëscht dem Caesar an der Kleopatra. De Ptolemaios XV. Cesarion kënnt op d'Welt.
- 47 - 44: D'Kleopatra an de Cesarion sinn zu Roum
- 44: Korinth gëtt als réimesch Kolonie nei gegrënnt.
- 41 - 30: Interventioun vum Marcus Antonius. Affär tëscht dem Marcus Antonius an der Kleopatra.
- 42: Zweete Biergerkrich. Schluecht vu Philippi a Makedonien.
- 34: Reorganisatioun vum Orient ronderëm Alexandria.
- 31: Schluecht vun Actium.
- 30: Organisatioun vun der Provënz Egypten nom Doud vun der Kleopatra an dem Marcus Antonius.
- 27: Grënnung vun der Provënz Achaea.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Hellenismus.
Réimescht Griicheland
[änneren | Quelltext änneren]- 25: † Strabon.
- 66 - 67: Befreiung vun de Griichen duerch den Nero, d'Provënz Achaea gëtt ofgeschaaft.
- 74: Antiphilosophesch an Antihellenesch Reaktioun vum Vespasian. Retablissement vun der Provënz Achaea.
- Ëm 120: † Plutarch.
- 124 - 125: Éischt Rees vum Hadrian a Griicheland an an Asien.
- 128 - 129: Zweet Rees vum Hadrian.
- 131 - 132: Drëtt Rees vum Hadrian. Fondatioun vum Panhellenion
- Mëtt 2. Joerhonnert: Pausanias, Periégesis tes Hellados. Arrian, Anabasis Alexandrou.
- 162: Odeon vum Herodes Atticus zu Athen.
- 166: Grouss Pescht.
- 267: Invasioun vun den Heruler.
- 393: Lescht Olympiad.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Réimescht Griicheland.
Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antiquitéit. |