Lëscht vun de lëtzebuergesche Ministere fir ëffentlech Aarbechten

Vu Wikipedia

Minister fir ëffentlech Aarbechten ((fr) Ministre des travaux publics; vereinfacht och Bauteminister genannt) war zanter där éischter Regierung (mat 4 kuerzen Ausnamen) den Numm vun engem Minister an der Lëtzebuerger Regierung.

Zënter de Chamberwale vum 7. Juni 2009 waren d'ëffentlech Aarbechten en Deel vum Ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastruktur[1][2]; vun 2018 u gehéieren se zum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten.

Den Titel „Minister fir ëffentlech Aarbechten” gëtt et offiziell vum 24. Mäerz 1936 un. Bis den 28. November 1857 hat de Minister den Titel Administrateur-Général[3] a vun du bis 1936 dee vum Directeur-Général[4].

Ministere fir ëffentlech Aarbechten[änneren | Quelltext änneren]

Minister Partei vu(n) bis Premierminister
Jean-Pierre André keng 1. August 1848 2. Dezember 1848 G T I de la Fontaine
Mathias Ulrich keng 2. Dezember 1848 23. September 1853 Jean-Jacques Willmar
Mathias Wellenstein keng 23. September 1853 23. September 1854 Charles-Mathias Simons
kee Minister
Paul de Scherff keng 24. Mee 1856 2. Juni 1857
Guillaume-Mathias Augustin keng 2. Juni 1857 29. November 1857
kee Minister
Victor de Tornaco keng 26. September 1860 31. Mäerz 1864 Victor de Tornaco
Ernest Simons None 31. Mäerz 1864 26. Januar 1866
kee Minister
Emmanuel Servais
Victor de Roebé keng 26. Dezember 1874 6. August 1878 Félix de Blochausen
kee Minister
Édouard Thilges
Victor Thorn (éischt Kéier) keng 22. September 1888 26. Oktober 1892 Paul Eyschen
Paul Eyschen keng 26. Oktober 1892 23. Juni 1896
Charles Rischard keng 23. Juni 1896 25. Oktober 1905
Charles de Waha keng 25. Oktober 1905 3. Mäerz 1915
Victor Thorn (zweet Kéier) keng 3. Mäez 1915 6. November 1915 Mathias Mongenast
Guillaume Soisson (éischt Kéier) PD 6. November 1915 24. Februar 1916 Hubert Loutsch
Antoine Lefort PD 24. Februar 1916 19. Juni 1917 Victor Thorn
19. Juni 1917 28. September 1918 Léon Kauffman
Auguste Liesch LL 28. September 1918 15. Abrëll 1921 Émile Reuter
Guillaume Leidenbach Rietspartei 15. Abrëll 1921 14. Abrëll 1923
Guillaume Soisson (zweet Kéier) Rietspartei 14. Abrëll 1923 20. Mäerz 1925
Norbert Dumont LL 20. Mäerz 1925 16. Juli 1926 Pierre Prüm
Albert Clemang PRS 16. Juli 1926 11. Abrëll 1932 Joseph Bech
Étienne Schmit PRL 11. Abrëll 1932 5. November 1937
René Blum SAP 5. November 1937 6. Abrëll 1940 Pierre Dupong
Victor Bodson (éischt Kéier) LSAP 6. Abrëll 1940 1. Mäerz 1947 *
Robert Schaffner (éischt Kéier) DP 1. Mäerz 1947 3. Juli 1951
Victor Bodson (zweet Kéier) LSAP 3. Juli 1951 29. Dezember 1953
29. Dezember 1953 29. Mäerz 1958 Joseph Bech
29. Mäerz 1958 2. Mäerz 1959 Pierre Frieden
Robert Schaffner (zweet Kéier) DP 2. Mäerz 1959 15 Juli 1964 Pierre Werner
Albert Bousser LSAP 15. Juli 1964 6. Februar 1969
Jean-Pierre Büchler CSV 6. Februar 1969 15. Juni 1974
Jean Hamilius DP 15. Juni 1974 16. Juli 1979 Gaston Thorn
René Konen DP 16. Juli 1979 20. Juli 1984 Pierre Werner
Marcel Schlechter LSAP 20. Juli 1984 14. Juli 1989 Jacques Santer
Robert Goebbels LSAP 14. Jul 1989 16. Januar 1995
16. Januar 1995 7. August 1999 Jean-Claude Juncker
Erna Hennicot-Schoepges CSV 7. August 1999 31. Juli 2004
Claude Wiseler CSV 31. Juli 2004 23. Juli 2009
  • net wärend der däitscher Besatzung 1940-44.
Claude WiselerErna Hennicot-SchoepgesRobert GoebbelsMarcel SchlechterRené KonenJean HamiliusJean-Pierre BüchlerAlbert BousserRobert SchaffnerVictor BodsonRobert SchaffnerVictor BodsonRené Blum (politician)Étienne SchmitAlbert ClemangNorbert DumontGuillaume SoissonGuillaume LeidenbachAuguste LieschAntoine LefortGuillaume SoissonVictor ThornCharles de WahaCharles RischardPaul EyschenVictor ThornVictor de RoebeErnest SimonsVictor de TornacoGuillaume-Mathias AugustinPaul de ScherffMathias WellensteinMathias UlrichJean-Pierre André

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den éischte Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastruktur war de Claude Wiseler, vum 23. Juli 2009 un.
  2. Arrêté grand-ducal du 23 juillet 2009 portant énumération des Ministères. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-02.
  3. Mémorial A, 1857, No. 49 Archivéiert op 2012-04-15. Gekuckt de(n) 2021-01-16.
  4. Mémorial A, 1936, No. 25 Archivéiert op 2012-04-15. Gekuckt de(n) 2021-01-16.