Messier 80
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Stärebild | Scorpius (Sco)
| ||||
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |||||
Rektaszensioun | 16h 17m 2,51s | ||||
Deklinatioun | − 22° 58' 30,4" | ||||
Ausgesinn | |||||
Visuell Magnitude | 8,70 magm | ||||
Wénkelduerchmiesser | 10,0' | ||||
Physikalesch Donnéeën | |||||
Integréierte Spektraltyp | F6 | ||||
Routverrécklung | (24 ± 14) ∙ 10−6 | ||||
Radialvitess | (7,3 ± 4,1) | ||||
Absolutten Duerchmiesser | 96 Lj | ||||
Geschicht | |||||
Entdecker | Pierre Méchain | ||||
Entdeckungsdatum | 1781 | ||||
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |||||
M | 80 | ||||
NGC | 6093 | ||||
C | 1614-228 |
De Kugelstärekoup Messier 80 steet am Stärebild Scorpius. Seng Nummer am NGC-Katalog ass 6093. En ass relativ liicht um Himmel ze fannen, well en net wäit vum helle Stär Antares (α Scorpii) an dem δ Scorpii steet.
Entdeckung
[änneren | Quelltext änneren]Den M 80 gouf 1781 vum Pierre Méchain entdeckt. Am selwechte Joer hat och de Charles Messier de Stärekoup observéiert.
Ausgesinn
[änneren | Quelltext änneren]Den M 80 ass e liichtschwaachen a klenge Kugelstärekoup am Messierkatalog. Mat engem Teleskop vu 4 cm Ëffnung un, kann de Randberäich an Eenzelstären opgeléist ginn.
Fuerschung
[änneren | Quelltext änneren]Den 21. Mee 1860 war eng Nova am Kugelstärekoup M80 ze gesinn, déi den Numm T Scorpii krut. D'Nova hat op dësem Dag eng Hellegkeet vu 7,0 mag a war domat däitlech méi hell wéi de ganze Stärekoup. De 16. Juni war d'Hellegkeet vun der Nova schonn op 10,5 mag erofgefall.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Messier 80 – Biller, Videoen oder Audiodateien |