Als Uelegschifer bezeechent ee Sedimentgestengs, dat organescht Material ënner Form vu Bitumen oder Ueleg, deen net liicht verflitt, enthält. De Prozentsaz vum organesche Material, dat de “Kerogen” bilt, läit jee no de Plazen, wou den Uelegschifer virkënnt, tëscht 10 an 30 Prozent. Den Ueleg kann duerch Distillatioun aus dem Steen isoléiert ginn.
Den Alphonse de Prémorel (1799-1888) huet sech ëm d'Mëtt vum 19. Joerhonnert fir de Gebrauch vum Uelegschifer als Brennes an als Dünger agesat. Och den Apdikter Fréd. Fischer junior (1810-1871), deen an der Stad Lëtzebuerg d'Schwanen-Apdikt hat, huet fir eng Verwäertung vum Uelegschifer plädéiert. De Cheemiker Gustave Faber huet sech Joerzéngte laang mat dem Uelegschifer beschäftegt, deelweis an Zesummenaarbecht mam Geolog Michel Lucius. Zu enger Exploitatioun vum Uelegschifer sollt et awer deemools net kommen, well si net rentabel hätt kënne sinn... > méi
...de Rapport iwwer e Leefer, deen d'Victoire an der Schluecht vu Marathon mat sengem leschten Otemzuch zu Athen soll verkënnegt hunn, eng Erfindung aus dem 4. Jh v. Chr. war?
...d'Carmen Pereira 1984 wärend dräi Deeg d'Amt als Presidentin vu Guinea-Bissau hat an domat déi éischt Fra an där Positioun an Afrika war?
... et Legenden, awer keng schlësseg Erklärunge gëtt, wéi a firwat d'Pierre Brunehaut, e Monolith an der belscher Provënz Hainaut, op déi Plaz koum, wou en haut steet?