Op den Inhalt sprangen

Charly Gaul

Vu Wikipedia
Charly Gaul
Gebuer 8. Dezember 1932
Pafendall
Gestuerwen 6. Dezember 2005
Lëtzebuerg
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Vëlossportler
Positioun oder
Spezialitéit
Grimpeur
Gréisst 173 cm
Gewiicht 64 kg
Veräin/Ekipp Faema,
Gazzola,
Peugeot,
Libertas
Huet matgemaach bei Tour de France 1958, Giro d'Italia 1956, Giro d'Italia 1959, Grand Prix Général Patton, Circuit des Six Provinces, Tour de France 1955
Famill
Kanner Fabienne Gaul
D'Nelux Ekipp 1958 um Stadion
De Charly Gaul an de Federico Bahamontes virum Monument vum François Faber an Nicolas Frantz am Park vun der Stad Lëtzebuerg
Affiche als Erënnerung un de Charly Gaul an der Opfaart vun der Strada del Monte Bondone
De Charly Gaul nieft dem Jacques Anquetil den 19. Mee 1959 am 42. Giro d'Italia, den de Charel gewonnen hat.
Ee vum Gaul senge Vëloen am Lëtzebuerg City Museum.

De Charly Gaul, gebuer den 8. Dezember 1932 an der Aler Maternité am Pafendall, a gestuerwen de 6. Dezember 2005 zu Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Vëlossportler. Hien huet 1958 den Tour de France gewonnen.

De Charly Gaul war e Biergspezialist a gouf dofir um Héichpunkt vu senger Carrière, déi vun 1953 bis 1965 gedauert huet, "Engel vun de Bierger" genannt.

Nieft senger Victoire am Tour de France 1958 ass de Gaul 1955 an 1961 Drëtten an dëser Course ginn. 1955 a 1956 huet hien och den Tricot vum beschte Biergcoureur gewonnen. 1956 an 1959 huet en de Giro d'Italia gewonnen. Am Ganzen huet hie beim Tour de France 10-mol a beim Giro 11-mol eng Etapp gewonnen.

No senger Cyclistëcarrière huet hien e Café zu Bouneweg opgemaach, an ass dono bei en Autosconcessionnaire schaffe gaangen. Zéng Joer laang huet hien dono am Éislek zeréckgezunn an engem Juegdchalet gewunnt, ier e schlussendlech am Sportsministère eng Plaz als Conseiller technique krut, fir en Archiv iwwer de Lëtzebuerger Vëlossport zesummenzestellen[1].

Den 31. Mee 2011 gouf eng Erënnerungsplack fir de Charly Gaul, e Wierk vun der Yvette Gastauer-Claire, am Parc municipal an der Stad Lëtzebuerg ageweit.

  • Ange de la Montagne
  • Monsieur Pipi dëse Spëtznumm krut e well en am Giro 1957, op engem schlechten Dag dacks huet misse vum Vëlo klammen, fir op d'Säit ze trieden, an de Bobet an de Géminiani hien attackéiert hunn. Deen Dag huet en och de rosaen Trikot verluer.
  • 1. am Grand Prix Nicky Schumacher
  • 2. bei Ettelbréck-Pärel
  • 2. bei enger Course zu Esch

De Charly Gaul gouf véiermol zum lëtzebuergesche Sportler vum Joer gewielt, an 1999 zum "Sportler vum Joerhonnert".

No him benannt

[änneren | Quelltext änneren]

Fir un de Charly Gaul z'erënnere sinn no him benannt:

Literatur zum Theema

[änneren | Quelltext änneren]
  • Frank Wilhelm (alias François Guillaume), 2008. Charly Gaul. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 133-138. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg.
  • Roland Barthes: Le Tour de France comme épopée. In: Mythologies. Paris: Éditions du Seuil, 1957, pp. 110–121.
  • Christian Laborde: L'ange qui aimait la pluie. Paris: Éditions Albin Michel, 1994. ISBN 2-226-06977-1
  • François Mersch: Bergauf, bergab mit Charly Gaul. Luxemburg: Editioun François Mersch, 1959. 241 Säiten.
  • Gast Zangerlé: Charly Gaul, l'Ange de la Montagne et son époque, Éditions Saint-Paul, 1998 (Versioun op Däitsch: Charly Gaul, Der Engel der Berge und seine Zeit)
  • Gast Zangerlé: La saga Charly Gaul, Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg, 2006, ISBN 2-87963-598-5. (Versioun op Däitsch: Der Mythos Charly Gaul, ISBN 2-87963-597-7).
  • Chrëscht Beneké: Luxemburger Sportler des 20. Jahrhunderts. 50er, Éditions Revue, Luxemburg 2009, S.24-39, ISBN 2-919999-56-7
  • André Klein, Joe Geimer, Pierre Gricius, Heute wäre der Engel der Berge 90 Jahre alt geworden, Luxemburger Wort, 8. Dezember 2022, S.46-47
Commons: Charly Gaul – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virdrun Sportler vum Joer Duerno
1954 - 1955 - 1956 Josy Stoffel
Josy Stoffel 1958 Jean Link

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Bernard Thomas: "Working Class Hero." in: d'Lëtzebuerger Land 5. Februar 2016, Nr.6, S.10.