Pierre Grégoire
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Pierre Grégoire | |
---|---|
Gebuer |
9. November 1907 Viichten |
Gestuerwen |
8. Abrëll 1991 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Athénée de Luxembourg |
Aktivitéit | Politiker, Diplomat, Journalist, Schrëftsteller |
Partei | CSV |
De Pierre Grégoire, gebuer den 9. November 1907 zu Viichten, a gestuerwen den 8. Abrëll 1991 zu Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen CSV-Politiker, Journalist a Schrëftsteller. Hien huet sech duerch eng laang Rei vu Publikatiounen ausgezeechent, déi hien ënner sengem Numm oder ënner de Pseudonymmen Gregor Stein, Peter Stein, Erio oder Jopiter verëffentlecht huet.
Hien ass de Papp vum Sumerolog Jean-Pierre Grégoire.
Seng Karriär
[änneren | Quelltext änneren]- Als Postbeamten huet hie seng Karriär ugefaangen
- Vun 1933 un war hie Redakter am Luxemburger Wort
- Am Krich war hie vum Okkupant an d'Konzentratiounslagere Mauthausen a Sachsenhausen verschleeft ginn.
- Nom Zweete Weltkrich war hie jorelaang Generalsekretär vun der CSV
- 1959-1964: Inneminister, Verkéiersminister, Minister fir Konscht a Kultur an der Regierung Werner-Schaus I
- 1964-1967: Bildungsminister, Kulturminister a Minister fir den Ëffentlchen Déngscht an 1967-1969 Ausseminister, Arméisminister, Kulturminister an der Regierung Werner-Cravatte.
- 1969-1974: President vun der Chamber
- De Pierre Grégoire gouf duerno Éierepresident vun der Lëtzebuerger Chamber
Seng Publikatiounen
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt seng Bibliographie (245 Titelen!), zesummegestallt vum Carlo Hury, in: Pierre Grégoire gesehen mit den Augen seiner Freunde; Festschrëft fir dem P. Grégoire säi 75. Gebuertsdag, erausgi vum André Heiderscheid a vum Fernand Hoffmann, Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag, 1982.
No him genannt
[änneren | Quelltext änneren]Als Undenken un de Pierre Grégoire gouf zu Péiteng eng Strooss (Rue Pierre Grégoire) no him genannt.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Großes Goldenes Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich[1].
Bibliographie
[änneren | Quelltext änneren]- Ed Kayser, Pierre GRÉGOIRE 1907-1991 ; in: 400 Joer Kolléisch, Band II, Lëtzebuerg (Sankt-Paulus Verlag), 2003; Ss. 405-406. ISBN 2-87963-419-9.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Pierre Grégoire – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Virgänger | Generalsekretär vun der CSV | Nofollger |
---|---|---|
Lambert Schaus | 1952 - 1960 | Nicolas Mosar |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Lëscht vun de Persounen déi tëscht 1952 an 2012 d'Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich kruten
- Ausseministere vu Lëtzebuerg
- Educatiounsministere vu Lëtzebuerg
- Inneministere vu Lëtzebuerg
- Transportministere vu Lëtzebuerg
- Lëtzebuergesch Journalisten
- Lëtzebuergesch Auteuren
- Lëtzebuergesch Deputéiert
- Lëtzebuergesch Europadeputéiert
- Lëtzebuergesch Chamberpresidenten
- Gebuer 1907
- Gestuerwen 1991
- Großes Goldenes Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich (1952)