Hien ass ganz fréi zu der Sozialdemokratescher Partei gestouss. Spéitestens am Juni 1902 gouf et zu Téiteng eng sozialdemokratesch Sektioun, an de Schortgen war Member dovun. Vun 1904 bis 1912 war de Schortgen Member vun der Parteidirektioun. An der Gewerkschaftbewegung huet hien allerdéngs keng Roll gespillt. No de Wale vum Juni 1914 war hien deen éischten Aarbechter, deen an d'Chamber gewielt gouf. Bei de Chamberwale vum 23. Dezember 1915 gouf hien erëmgewielt.
No sengem fréizäitegen Doud gouf den 2. Mee 1920 um Téitenger Kierfecht e Monument ageweit. D'Monument aus Sandsteen ass vum italieenesche Kënschtler Duilio Donzelli vun Esch-Uelzecht geschaf ginn. > méi
... den Tour de France zanter 1947 bis ewell néngmol duerch Lëtzebuerg goung?
… am Joer 1811 zu Lëtzebuerg 66 Gierwereie bestanen hunn, an datt d'Haaptclienten dovu laang d'Arméie waren, déi zu Lëtzebuerg stationéiert waren?
… de Barrage Esch-Sauer, deen tëscht 1955 an 1957 gebaut gouf, um Fouss 4,5 m déck ass an 1,5 un der Kroun, an datt d'Staumauer 168 m laang ass?
... d'Traditioun, d'Bierger an d'Krateren um Mound no bekannten Astronomen a Wëssenschaftler ze nennen, vum Francesco Maria Grimaldi (1618-1663) agefouert gouf?