Geschicht vu Wien

Vu Wikipedia
Archeologesche Site op der Michaelerplaz

D'Geschicht vu Wien, der Haaptstad vun Éisträich, reecht vun 2000 v. Chr. bis haut. Wéinst hirer Lag um Donaustroum tëscht den Ausleefer vun de Viralpen (Wienerwald) an der pannounescher Déifebene, zielt déi haiteg Metropol zu de fréie vu Mënsche besidelte Gebidder, an huet als strateegesch Handelsplaz am Häerz vun Europa ëmmer méi u Bedeitung gewonnen.

Prehistoresch Besiidlung[änneren | Quelltext änneren]

Objeten aus der Bronzezäit (ëm 1300 v. Chr.)

D'Archeologie weist, datt scho wärend der Alsteenzäit Mënschen am Gebitt gewunnt hunn (Fondstécker am 13. Bezierk, Titlgasse). Zanter der Jongsteenzäit war de Wiener Baseng kontinuéierlech besidelt. Déi gënschteg klimatesch Lag an de fruchtbare Buedem vu Wien hunn de Baueren aus der Jongsteenzäit gutt Méiglechkeete gebueden. Doriwwer eraus konnt den Hornsteen, dee fir d'Hierstellung vu Stenggeschier benotzt gouf, zu Wien gewonne ginn (Mauer-Antonshéicht).

Fondstécker aus der Kofferzäit goufen och zu Wien nogewisen (6. Bezierk, U6-Station–Gumpendorferstraße; 13. Bezierk, Ober St. Veit–Gemeindeberg; 21. Bezierk, Eipeldauerstraße, Stadlau, 22. Bezierk, Aspern). D'Urnenfelderkultur aus der Bronzezäit konnt zu Wien duerch en ettlech Brandgriewer (19. Bezierk Höhenstraße/Leopoldsberg) a Siidlungsspueren (23. Bezierk, Sulzengasse) nogewise ginn.

Déi eeler Hallstattkultur aus der Eisenzäit ass zu Wien ënner anerem duerch de Grafhiwwel (21. Bezierk Siemensstraße/Julius-Ficker-Gasse) an Iwwerreschter vu Siidlungen (10. Bezierk, Fontanastraße; 19. Bezierk, Leopoldsberg) vertrueden. Den Oppidum staamt aus der fréier Eisenzäit, der Zäit vun de Kelten. Ëm Christi Gebuert koum Wien ënner réimesch Herrschaft.

Réimerzäit a fréit Mëttelalter[änneren | Quelltext änneren]

Vindobona ëm 250 n. Chr.

Am 1. Joerhonnert n. Chr. hunn d'Réimer op der Plaz vum haitege Wiener Stadzentrum op der Donau e Militärlager (castra) mat der Zivilstad Vindobona (3. Bezierk) zur Grenzesécherung vun der Provënz Pannonien ageriicht. Nach haut kann een un de Stroosse vum 1. Bezierk de Verlaf vun de Maueren a vum Lager erkennen. D'Lagermauer ass laanscht d'Stroossenzich Tiefer Graben, Naglergasse, Am Graben, Kramergasse, Rotgasse, Rabensteig an ongeféier parallel zum Salzgries verlaf. Duerch de Verlaf vun der Donau gouf vun der streng rechteckeger Grondform ofgewach. Domat huet d'Lager eng Breed vun ongeféier 455 m an eng Längt bis 500 m erreecht. Mam Bau vum Legiounslager vu Vindobona gouf ëm 97 n. Chr. ugefaangen. D'Kasären op der Juddeplaz déi archeologesch erfuerscht goufen, ware fir d'éischt aus Holz a goufen ëm 150 duerch Steebauten ersat. Am Joer 180 n. Chr. ass hei de réimesche Keeser Marcus Aurelius op engem Feldzuch géint d'Markomanne gestuerwen. D'Siidlung gouf am Joer 212 zum Municipium erhuewen, an doduerch géintiwwer vun der noer pannounescher Provënzhaaptstad Carnuntum, déi den Titel Colonia kritt hat, opgewäert. D'Réimer si bis an d'5. Joerhonnert bliwwen.

Déi ursprénglech keltesch Siidlung Vindobona a méi spéit réimescht Legiounslager am haitege Wien louch wäit am Oste vum westréimesche Räich a gouf séier en Affer vun der germanescher Vëlkerwanderung. D'Iwwerreschter vum Lager goufen awer net verlooss, mä eng Reschtsiidlung ass zeréckbliwwen. D'Stroossen an Haiser vum fréimëttelalterleche Wien sinn dem Verlaf vun de réimesche Lagermauere gefollegt, wat dorop schléisse léisst, datt een Deel vun de Befestegungen nach stoung a vun de Leit benotzt gouf. Am haitege Bezierk goufe vill byzantinesch Koffermënzen aus dem 6. Joerhonnert fonnt, wat op e regen Handel schléisse léisst. Den Zentrum vum fréie Wien war de Bierghaff (Berghof, haut Salvatorgasse). Bei Gruewungen an dësem Beräich goufe Griewer aus dem 6. Joerhonnert fonnt. Deemools hunn d'Langobarden am Wiener Raum regéiert. Spéider koumen d'Slawen an d'Awaren.

Fir d'éischt gëtt Wien am Mëttelalter an engem Dokument vun 881 an de Salzburger Annalen ernimmt, wou apud Weniam eng Schluecht géint d'Magyare stattfonnt huet, woubäi onkloer ass, ob et sech ëm d'Stad oder de Floss Wien handelt. Den ostfränkesche Kinnek Otto I. huet d'Magyaren am Joer 955 an der Schluecht um Lechfeld geschloen. Domat ass fir dat fréit Wien de Wee an d'Mëttelalter ugaangen.

D'Babenberger[änneren | Quelltext änneren]

Stammbam vun de Babenberger

976 gouf ënner de Babenberger d'Maarkgrofschaft Ostarrichi ageriicht, op deem Gebitt (no op der Grenz matUngarn) och Wien louch. Schonn am 11. Joerhonnert war Wien eng wichteg Handelsplaz. Am Tauschvertrag vu Mautern tëscht dem Bëschof vu Passau an dem Maarkgrof Leopold IV. gouf Wien fir d'éischt Kéier als Civitas bezeechent, wat op eng geplangt Siidlung hindeit. Am Joer 1155 huet den Heinrich Jasomirgott Wien zu senger Haaptstad gemaach. Am Joer 1156 gouf Ostarrichi mat dem Privilegium Minus zum Herzogtum erhuewen, a Wien gouf Sëtz vum Herzog. An dës Zäit fält och d'Grënnung vum Schottenstift.

D'Evenementer nom Drëtte Kräizzuch, wou den englesche Kinnek Richard Lionheart vum Maarkgrof Leopold V. (dem Tugendräichen) zwéin Deeg viru Chrëschtdag 1192 zu Erdberg bei Wien gefaange geholl gi war, hunn en enormt Léisegeld vu Mark Sëlwer (ongeféier 10-12 Tonne Sëlwer, een Drëttel vun de Fuerderunge vum Keeser un d'Englänner; de Richard war jo am Mäerz 1193 un dësen ausgeliwwert ginn) bruecht. Domat gouf zu Wien eng Mënzprägung ageriicht, an ëm d'Joer 1200 d'Wiener Stadmauer gebaut. Un der U-Bahn-Statioun "Stubentor" sinn haut nach Reschter vun der Stadmauer ze gesinn. De Leopold V. gouf vum Poopst Coelestin III. exkommunizéiert, well hie sech un engem geschützte Kräizfuerer vergraff hat, an ass nodeem e bei engem Turnéier vum Päerd gefall war, gestuerwen, ouni datt d'Exkommunikatioun opgehuewe gouf.

1221 krut Wien d'Stad- a Stapelrecht. Dat lescht huet bedeit, datt Händler, déi duerch Wien gezu sinn, an der Stad hu missen hir Wueren ubidden. Dëst huet de Wiener en Tëschenhandel erméiglecht, soudatt et zu Wien geschwë wäit Handelsbezéiunge laanscht d'Donaustrooss bis op Venedeg gouf. Wien gouf domat zu enger vun de wichtegste Stied vum Räich.

Dofir war et ëmmer méi schlëmm ugesinn, datt Wien keen eegene Bëschof hat, mä zu Passau gehéiert huet. Vum Herzog Friedrich II. ass gewosst, datt hie fir e Bistum zu Wien verhandelt huet, beim Ottokar Přemysl gëtt et vermutt.

D'Habsburger[änneren | Quelltext änneren]

D'Schlass vun den Habsburger (haut an der Schwäiz)

1278 huet de Rudolf I. no senger Victoire iwwer den Ottokar II. d'éisträichesch Lännereien ënner seng Verwaltung geholl, an domat ass d'Herrschaft vun den Habsburger ugaangen. Zu Wien hunn d'Habsburger allerdéngs relativ laang gebraucht, fir sech z'etabléieren, d'Parteigänger vum Ottokar sinn nach laang staark bliwwen. Géint den Albrecht I. gouf et e puer Versich vun engem Opstand.

Ëm 1280 gëtt d'Fürstenbuch – déi éischt Geschicht vun der Stad Wien – duerch de Jans den Enikel geschriwwen.

Mat de Keeser aus dem Haus Lëtzebuerg gëtt Prag zur Residenzstad. Déi fréi Habsburger versichen, d'Stad auszebauen, fir mat Prag matzehalen. Den Herzog Albert II. léist zum Beispill de Chouer vu St. Stephan bauen. De Friedrich de Schéinen erléist 1327 d'Privileg fir d'Stad, en Eisebuch ze féieren, wou d'Privileegie vun der Stad festgehale sinn.

Grouss Verdéngschter konnt de Rudolf IV. fir sech verbuchen, deen duerch seng gescheit Wirtschaftspolitik de Wuelstand an d'Luucht gehuewen huet. Duerch zwou Saache krut hien de Bäinumm der Stifter: 1365 gëtt d'Universitéit vu Wien gegrënnt, an 1365 d'gotescht Laanghaus vu St. Stephan gebaut. Dëst sollt e symboleschen Ersatz sinn, dofir datt Wien nach ëmmer keen eegene Bëschof hat.

D'Zäit vun den Ierfschaftsstreidereien ënner den Habsburger huet net nëmme fir Chaos gesuergt, mä och mat der Wirtschaft ass et biergof gaangen. Domat verbonne sinn och sozial Onrouen, et gëtt eng "Patrizier"- an eng "Handwierkerpartei", woubäi déi éischt den Ernst den Eisernen ënnerstëtzt huet, d'Handwierker waren op der Säit vum Leopold IV.. 1408 koum et zur Hiriichtung vum Buergermeeschter Konrad Vorlauf, engem Exponent vun der "Patrizierpartei".

Aalt Wiener Wopen (1465-1925) mam keeserlechen Duebeladler

1438 gouf Wien no der Wal vum Herzog Albrecht V. zum däitsche Kinnek (Albrecht II.) Räichshaaptstad. Mam Albrecht sengem Numm ass och déi grouss ugeluecht Verdreiwung an Ermuerdung vun de Wiener Judden an de Jore 1421/22 verbonnen.

1469 gouf Wien endlech e Bëschofssëtz an de Stephansdoum zur Kathedral. An der Ära vum schwaache Friedrich III. war Wien ëmmer op der Säit vu senge Géigner (fir d'éischt Albrecht VI., du Matthias Corvinus'), well hien de Landfridde géint d'Söldnerbanden, déi ronderëm gezu sinn (dacks nach aus den Hussitekricher) net gewährleeschte konnt.

1522 goufen am Bluddgeriicht vu Wiener Neustadt mat der Hiriichtung vu Memberen op der Spëtzt vun der Stänneroppositioun d'politesch Strukturen duerch de Ferdinand I. zerschloen. D'Stad stoung vu elo un direkt ënner keeserlecher Kontroll.

1556 gouf Wien schliisslech Sëtz vum Keeser, nodeem Ungarn a Béimen zum Herrschaftsberäich vun den Habsburger derbäikomm waren. Dëst ass och d'Zäit vun der Rekathoulisiéierung vun der Stad, déi zimmlech séier protestantesch gi war. 1551 goufen d'Jesuitte geruff, déi séier e groussen Afloss um Haff haten. De Kapp vun der Géigereformatioun war de Melchior Khlesl, de Bëschof vu Wien ëm 1600.

Tierkekricher[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och den Artikel zu den Tierkekricher

1529 gouf Wien fir d'éischt Kéier vun den Tierke erfolleglos belagert. D'Stad, déi duerch d'mëttelalterlech Mauere geschützt war, konnt den Ugrëffer nëmme mat Méi standhalen, bis schliisslech Seuchen an d'Angscht vun engem fréie Wanter d'Tierken zum Réckzuch gezwongen hunn. No de Pläng vum Hermes Schallauzer gouf Wien zanter 1548 zu enger Festung ausgebaut. D'Stad krut 11 Bastiounen aus Mauerwierk a ronderëm gouf e Gruef gezunn. Ëm Wien ass e Glacis entstanen, e breeden, onverbaute Beräich, deen de Verdeedeger e fräit Schossfeld erméiglecht huet. Dës Befestegungsbaute, déi bis an d'17. Joerhonnert en Haaptdeel vun de Bauaarbechten ausgemaach hunn, sollte sech 1683 bei der Zweeter Tierkebelagerung bezuelt maachen, well si hunn d'Stad zwéi Méint laang geschützt, bis d'tierkesch Arméi sech zeréckgezunn huet, wéi de Kinnek vu Polen Jan Sobieski mat sengen Truppen op Wien komm ass. Dëst war den Ufank vum entgültegen Zeréckdränge vum Osmanesche Räich.

18. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

Schlass Belvedere

Nodeem d'Tierken definitiv fort waren, goufe grouss Bauprojeten an d'Liewe geruff. Ganz Wien gouf am Stil vum Barock nei opgebaut. Dëst ass virun allem mat den Nimm vun den Architekte Johann Bernhard Fischer von Erlach a Johann Lukas von Hildebrandt verbonnen. Virum allem an de Virstied gouf vill gebaut, den Adel huet ugefaangen, dat ganzt Ëmland mat Gaardepalaisen z'iwwerzéien. Am bekanntste sinn de Liechtenstein, Schönborn a Schwarzenberg, a virun allem d'Schlass Belvedere, de Gaardepalais vum Prënz Eugène. 1704 kruten d'Virstied hiert eegent Befestegungssystem, de Linnewall.

No de leschte grousse Peschtepidemien 1679 an 1713 ass d'Bevëlkerungszuel stänneg an d'Luucht gaangen. Fir 1724 ginn 150.000 Awunner geschat, ëm 1790 waren et der schonn 200.000. Zu där Zäit goufen och déi éischt Manufakture gegrënnt, déi éischt an der Leopoldstad.

D'Leopoldstad huet sech op der Plaz vum jiddesche Ghetto entwéckelt, deen 1620 ageriicht gi war, mä aus deem d'Judden scho 1670 nees verdriwwe goufen.

Och de Problem vun der Hygiene gouf lues a lues erkannt: Kanalisatioun a Botze vun de Stroossen hu sech entwéckelt. Och d'Aféierung vun den éischten Hausnummeren (soug. Konskriptionsnummern) fält an dës Zäit, sou wéi den Ufank vun engem staatleche Postsystem.

Ënner dem Keeser Joseph II. gouf d'Stadverwaltung 1783 moderniséiert: et goufen eege Beamte fir d'Stad agefouert (de Magistrat). Zu der selwechter Zäit goufen och d'Kierfechter an der Stad opgeléist.

19. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

Napoleon Bonaparte

An de Koalitiounskricher gouf Wien direkt zweemol vum Napoleon sengen Truppen ageholl. Déi éischt Eruewerung den 13. November 1805 war allerdéngs kampflos: Dräi franséisch Marschäll koume mat wäissem Fändel iwwer d'Taborbréck, déi eenzeg Donaubréck déi staark verdeedegt gouf a befestegt war, an hunn den éisträichesche Befeelshaber iwwerzeegt, datt de Krich eigentlech schonn eriwwer wier. An der Tëschenzäit konnt d'franséisch Arméi anzéien, an d'Bevëlkerung war virun allem virwëtzeg. Den Napoléon, deen e puer Deeg drop an d'Schlass Schönbrunn geplënnert ass, huet dann och 10.000 Männer vun der Wiener Nationalgard bewaffent gelooss, a wéi hien nees gaangen ass, huet en hinnen d'Waffenarsenal ganz iwwerlooss, deen net beschiedegt war. Déi zweet Besetzung vu Wien 1809 huet allerdéngs méi laang gedauert. Kuerz drop hat den Napoleon awer an der Schluecht vun Aspern seng éischt gréisser Néierlag.

Nodeem den Napoleon an de Befreiungskricher definitiv geschloe war, huet zu Wien vum 18. September 1814 bis zum 9. Juni 1815 de Wiener Kongress stattfonnt, deen d'politesch Kaart vun Europa nei gezeechent huet. De Kongress war vu ville gesellschaftleche Veranstaltunge begleet, wat de Charles de Ligne dozou bruecht huet ze soen: Le congres danse beaucoup, mais il ne marche pas. Dës Veranstaltungen hunn Éisträich vill Sue kascht.

An der éischter Hallschent vun dësem Joerhonnert koum et zu enger intensiver Industrialiséierung, 1837 koum den Uschloss un d'Eisebunnsnetz.

D'Franséisch Februarrevolutioun 1848 huet sech och op Wien ausgewierkt. Den 13. Mäerz ass fir d'éischt d'Mäerzrevolutioun ausgebrach, déi de Metternich schliisslech zum Réckzuch gezwongen huet, de 6. Oktober koum et dann zu der Wiener Oktoberrevolutioun.

1850 gouf d'Stad erweidert, andeems virun allem de Beräich bannescht dem Linnewall a Bezierker ënnerdeelt gouf. Op dës Manéier gouf dat wat ee bis elo "d'Stad" genannt huet, zum I. Bezierk, all aner Virstied goufen zu de Bezierker II-IX. 1858 goufen d'Befestegungsanlage geschleeft an amplaz gouf d'Wiener Ringstrooss gebaut, laanscht déi monumental Baute stinn. Vum "Ringstroossestil" ass Wien architektonesch geprägt. Dës Zäit huet hiren Héichpunkt an der Weltausstellung 1873 fonnt. Kuerz no der Ausstellung koum et zum grousse Börsekrach an domat zum Enn vun der Grënnerzäit.

1861 hunn déi Liberal déi éischt (relativ) fräi Walen nom Enn vum Neoabsolutismus gewonnen.

No der grousser Iwwerschwemmung vun 1830 gouf et ëmmer nees Iddie fir eng Donaureguléierung, dëst gouf an den 1860er duerchgefouert. Déi vill Säitenäerm vun der Donau goufen ofgegruewen an e riichten Haaptstroum nieft der Stad gouf geschaf. Deen Aarm, deen an d'bannescht Stad gefouert huet, gouf an enger méi enker Form gelooss a krut den Numm Donaukanal.

Wien ëm 1888

An där Zäit huet d'Bevëlkerung vu Wien staark zougeholl. Zanter 1869 goufe Vollekszielungen duerchgefouert, 1910 gouf den historesche Rekord vun 2.031.000 Awunner erreecht.

Ëm 1900 gouf Wien och zu engem Zentrum vum Jugendstil, dee virun allem mam Otto Wagner a senger Kënschtlervereenegung Secessioun (déi nom charakteristesche Gebai op der Karlsplaz benannt gouf) verbonnen ass.

Am Joer 1890 koum et zu der zweeter grousser Staderweiterung: d'Virstied goufen als Bezierker XI-XIX organiséiert (den X. Bezierk (Favoriten) war 1874 duerch d'Deelung vum IV. (Wieden) entstanen). 1900 gouf d'Leopoldstad gedeelt an den XX. Bezierk (Brigittenau) gegrënnt. 1904 koum Floridsdorf als XXI. Bezierk derbäi.

An dëse Joerzéngte war de Karl Lueger op der Spëtzt vun der Stadspolitik. Hien ass an Erënnerung bliwwen duerch säi sozialpolitescht Engagement a seng kommunal Verdéngschter (zum Beispill d'Wiener Héichquellwaasserleitung oder d'Erschafe vum Wald- und Wiesengürtel ronderëm d'Stad). Allerdéngs war hien och staark antisemittesch, Iddien déi hie rhetoresch geschéckt virdroe konnt.

Éischte Weltkrich an Éischt Republik[änneren | Quelltext änneren]

Den Éischte Weltkrich (1914-1918) huet zwar net zu enger onmëttelbarer Bedreeung vu Wien gefouert, mä duerch d'wirtschaftlech Blockad vun der Entente koum et zu enger Versuergungskris, Liewensmëttel a Kleeder ware besonnesch knapp.

D'Enn vum Weltkrich war och d'Enn vun der éisträichesch-ungarescher Monarchie. Den 12. November 1918 gouf am Parlament d'Republik Deutsch-Österreich ausgeruff, den Numm gouf 1919 op Republik Österreich geännert. Opgrond vum elo méi klenge Staatsgebitt war Wien am Verhältnes dozou ze grouss. D'Bevëlkerung huet sech an der Haaptstad konzentréiert, déi dowéinst, an och wéinst der Belaaschtung déi domat verbonne war, dacks "Wasserkopf" - Waasserkapp genannt gouf.

1921 gouf Wien duerch d'"Trennungsgesetz" vun Nidderéisträich ofgetrennt an zu engem eegene Bundesland erkläert. D'Stadverwaltung gouf vun de Sozialdemokraten an d'Hand geholl, déi schonn zanter Enn vum Krich zu Wien dominéiert hunn. Et gëtt an dësem Zesummenhank och gär vum Roude Wien geschwat.

D'wirtschaftlech Lag déi ëmmer méi schlecht ginn ass, huet zu enger politescher Radikaliséierung a Polariséierung tëscht de politesche Lager gefouert. Op sozialdemokratescher Säit huet sech an de Joren 1923/24 aus den Ordnerformatioune vun der sozialdemokratescher Partei de Republikanesche Schutzbund gebilt, eng gutt organiséiert an ausgerëscht paramilitäresch Organisatioun. Op der anerer Säit stoung d'Heimwehr, déi sech direkt nom Enn vum Éischte Weltkrich aus Uertschaftswehren an änleche Kampfverbänn gebilt huet, als Géigestéck zu der Aarbechterschaft, a gouf och vu Groussindustriellen ënnerstëtzt. Si huet sech an e monarchisteschen an an en däitsch-nationale Fligel gespléckt.

Ständestaat an Drëtt Räich[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och den Artikel Wien am Zweete Weltkrich.

De Brand vum Justizpalais 1927 no engem Feelurteel am Zesummenhang mat handgräiflechen Demonstratiounen, den Zesummebroch vun enger vun de gréisste Banke vum Land a schliisslech d'Opléisung vum Parlament 1933 hunn de Wee zum Biergerkrich am Februar 1934 markéiert. Nodeem den Engelbert Dollfuss, zanter 1932 Bundeskanzler an Ausseminister, schonn 1933 d'NSDAP, d'kommunistesch Partei an de republikanesche Schutzbund verbueden hat, huet dëst Verbuet nom Februaropstand 1934 och d'sozialdemokratesch Partei getraff. Nëmmen d'Vaterländische Front war nach zougelooss. Hien huet e Stännerstaat geschat a mat Noutveruerdnunge regéiert. Fir Aarbechtsplazen ze schafen, goufe virun allem grouss Stroossebauprojeten an d'Liewe geruff.

1938 koum et zum Anschluss un d'Drëtt Räich duerch den Adolf Hitler.

Dem Hitler seng Juddepolitik huet zu Wien Uklang fonnt, zanter Ufank vum 20. Joerhonnert hat sech hei den Antisemitimus breet gemaach. Bei de Novemberpogromen déi den 9. November 1938 ugefaangen hunn, goufen 92 Synagogen zu Wien zerstéiert. Nëmmen eng eenzeg ass verschount bliwwen, de Stadtempel am 1. Bezierk.

Bei der grousser Staderweiderung vun 1938 goufen 91 Gemengen aus dem Ëmland an d'Stad integréiert an domat d'Bezierker XXII (Gross-Enzersdorf), XXIII (Schwechat), XXIV (Mödling), XXV (Liesing) an XXVI (Klosterneuburg) geschaf. Domat gouf Grouss-Wien mat 1.224 km² zu der gréisster Stad no Fläch am Däitsche Räich.

Véier Secteuren[änneren | Quelltext änneren]

D'Besatzungszone vu Wien nom Zweete Weltkrich
D'Besatzungszone vu Wien nom Zweete Weltkrich

Nom Zweete Weltkrich gouf Wien, genee wéi Berlin, a véier Secteuren agedeelt, a vun den Alliéierte verwalt.

Schonn e puer Deeg nom Enn vun de Kämpf gouf eng provisoresch Stadregierung a -verwaltung ageriicht. De Kommunist Rudolf Prikryl gouf den 13. Abrëll kuerzfristeg zum Buergermeeschter ernannt. Dräi Deeg méi spéit gouf hie vum Theodor Körner ofgeléist. Och d'politesch Parteien hu sech nees forméiert. Den 29. Abrëll gouf d'Parlamentsgebai vun der Besatzungsmuecht un d'nei Regierung iwwerginn, an den Dr. Karl Renner huet verkënnegt, datt d'demokratesch Republik Éisträich nees hiergestallt ass.

Nom Enn vum Krich, am Abrëll 1945, gouf eng provisoresch Gemengeverwaltung konstituéiert, d'politesch Parteie goufen nei gegrënnt. Am November 1945 koum et zu den éischte Wale fir de Gemengerot.

Vun den 100 Mandate vum Wiener Gemengerot krut d'Sozialistesch Partei (SPÖ) 58, d'Vollekspartei (ÖVP) 36 an d'Kommunistesch Partei (KPÖ) 6. 1946 gouf dat sougenannt "Gebietsänderungsgesetz" beschloss, wat d'Staderweiderung vun 1938 nees réckgängeg gemaach huet. E Veto vun de Besetzungsmuechte verhënnert datt d'Gesetz bis 1954 a Kraaft trëtt. Nëmmen zwee Bezierker, déi virun 1938 net zu Wien gehéiert hate sinn elo definitiv en Deel dovun: den 22. Bezierk (Donaustad) nërdlech vun der Donau an den 23. Bezierk (Liesing) am Süden.

Zweet Republik[änneren | Quelltext änneren]

De 15. Mee 1955 krut d'Land mam Éisträichesche Staatsvertrag seng Fräiheet zeréck. Dëse Friddesvertrag gouf Staatsvertrag genannt, well den éisträichesche Staat nees ageriicht gi war.

Nom Krich koum et, wéi iwwerall a Westeuropa zu engem Wirtschaftsopschwong, net zulescht duerch d'Hëllef vum Marshallplang.

Wichteg fir Wien gouf d'U-Bahn, déi éischt Deelstreck ass 1978 opgaangen. An den 1970er gouf den drëtten Amtssëtz vun der UNO mat der UNO-City gebaut. Mam Enn vum 20. Joerhonnert gouf zu Wien eng Skyline mat de Wollekekrazert Andromeda Tower a Millennium Tower (21. an 20. Bezierk) geschaf.

Bei de Wale fir de Gemengerot vun 2001 kruten d'Sozialdemokraten d'absolut Majoritéit, déi si 2005 verdeedege konnten. Nodeem d'Liberalt Forum aus der Gemeng eraus war, sinn nëmme nach véier Parteien am Gemengerot vertrueden.

Wiener Buergermeeschtere vun der zweeter Republik:

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean-Paul Bled, Wien. Residenz - Metropole - Hauptstadt. Wien, Köln, Weimar: Böhlau 2002. ISBN 3-205-99077-3.
  • Wolfgang Börner, Sigrid Strohschneider-Laue, Archäologie macht Schule – Schule macht Archäologie, Römerzeit. Materialien zur Geschichtsdidaktik. Konferenz für Geschichtsdidaktik Österreich 2/98, 18 –37.
  • Fundort Wien. Berichte zur Archäologie Bd. 1/98 ff. ISBN 3-9500492-2-3
  • Alexander Glück, Marcello La Speranza, Peter Ryborz: Unter Wien - Auf den Spuren des Dritten Mannes durch Kanäle, Grüfte und Kasematten. Christoph Links Verlag, Berlin 2001. ISBN 3-86153-238-7
  • Sigrid Strohschneider–Laue, Steinzeitliches Wien. Lorbeer 2/1996, 2–3
  • Sigrid Strohschneider–Laue, Urgeschichte. Historisches Lexikon der Stadt Wien (Hg. Felix Czeike), Bd. 5, Wien 1997, 518–519.
  • Sigrid Strohschneider–Laue, Steinzeit. Historisches Lexikon der Stadt Wien (Hg. Felix Czeike), Bd. 5, Wien 1997, 331.
  • Sigrid Strohschneider–Laue, Eisenzeit. Historisches Lexikon der Stadt Wien (Hg. Felix Czeike), Bd. 5, Wien 1997, 740–741.
  • Otto H. Urban, Der Leopoldsberg - Archäologische Forschungen auf dem Wiener Hausberg (mit mehreren Beiträgen), Wiener Archäologische Studien 2, Wien 1999.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: History of Vienna – Biller, Videoen oder Audiodateien