Gemeng Ëlwen
Gemeng Ëlwen | |
---|---|
d'Märei vun Ëlwen | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Troisvierges de: Ulflingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Klierf |
Chef-lieu | Ëlwen |
Buergermeeschter | Édouard Mertens |
Awunner | 3.580 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 3.786 ha |
Héicht | 472 m |
Koordinaten |
50° 7’ 14’’ N 5° 59’ 56’’ O |
LAU-Code | LU0504 |
Websäit | https://www.troisvierges.lu/ |
D'Gemeng Ëlwen ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Klierf. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Ëlwen vun där se och hiren Numm huet.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Ëlwen läit am Nord-Weste vum Land am Éislek. Et ass déi nërdlechst Gemeng aus dem Grand-Duché. Am Norden, Nordosten a Weste stéisst se un d'Belsch, am Südosten un d'Gemeng Wäiswampech an am Süden un d'Gemeng Wëntger. An der Gemeng leien déi zwou héchste Koppen aus dem Land, d'Buergplaz an Op Kneiff.
Den nërdlechste Punkt vum Land läit an der Ëlwener Gemeng op 50° 10’ 58’’ N 06° 01’ 29’’ O.
Uertschaften an der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]Zu der Gemeng Ëlwen gehéieren nach follgend Häff a Lieu-diten:
Hydrographie
[änneren | Quelltext änneren]Duerch Ëlwen leeft d'Wolz déi hir Quelle bei Huldang huet.
Aner Baachen um Territoire vun der Gemeng sinn:
- Boburen
- Brellbaach
- Klierf
- Fooschtbaach
- Follmillbaach
- Haardbaach
- Heffbaach
- Kléngelbaach
- Luckesbaach
- Stauwelsbaach och Millebaach genannt.
- Renkebaach
- Weierbaach
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Bis den 28. Dezember 1908 huet d'Gemeng Kierchen ((fr) Basbellain) geheescht. Mat engem Gesetz vun deem Dag gouf de Sëtz vun der Gemeng op Ëlwen transferéiert an d'Gemeng gouf deementspriechend ëmgedeeft[2]. Duerch Gesetz vum 20. Juli 1925 gouf d'Sektioun Biwesch vun der deemoleger Gemeng Aasselbuer ofgetrennt, an ass bei d'Gemeng Ëlwen derbäikomm[3].
Bei der Grënnung vun der neier Gemeng Wëntger (1977) koume 7,88 ha aus der Sektioun B vun Aasselbuer bei d'Gemeng Ëlwen[4].
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]Beschreiwung am Originaltext: D'or à la montagne à trois coupeaux, celui du milieu plus élevé, chargé d'une roue motrice de locomotive posée sur un rail, le tout d'argent, ladite montagne sommée d'une croix patriarcale de gueules ornée de sept besants d'argent, au chef de gueules chargé de trois vierges d'argent, rangées en fasce. |
Entwécklung vun der Awunnerzuel
[änneren | Quelltext änneren]Quell:STATEC
Politik
[änneren | Quelltext änneren]Ëlwen war bis d'Gemengewale vun 2011 nach mat, eng Majorzgemeng. Well se 2017 iwwer 3000 Awunner hat, gëtt de Gemengerot zanterhier nom Proporzsystem gewielt.
No de Wale vun 2017 bestoung eng CSV-EBL-Koalitioun; zanter 2023 ass et eng aus der Ëlwener Bierger Lëscht (ËBL) mat der Oppe Lëst Ëlwen (OBL)
Zesummesetzung
[änneren | Quelltext änneren]Joer | CSV | ËBL | OLE |
---|---|---|---|
2017 | 4 | 7 | |
2023 | 7 | 3 |
ËBL: Ëlwener Bierger Lëscht | OBL: Oppe Lëst Ëlwen
Quell: elections.lu
Buergermeeschteren
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
- ...
- ... - 2011: Lucien Majerus
- zanter 2011: Edy Mertens (Biergerlëscht/DP)
Kulturelles
[änneren | Quelltext änneren]- Ciné Orion bei der Gare zu Ëlwen
- Tony-Bourg-Bibliothéik
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- d'Fiichtgebitt Cornelysmillen;
- d'Kierch Ëlwen aus dem Joer 1640, déi dem Ëlwener Franziskanerklouschter gehéiert huet; mat hirem Mobilier al hirer Uergel als nationaalt Monument klasséiert;
- d'Kierch vu Kierchen, zesumme mam Kierfecht ronderëm als nationaalt Monument klasséiert;
- d'Kierchermillen, och en nationaalt Monument (Inventaire supplémentaire).
Bekannt Leit aus der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]- Nicolas Adames (1813-1887), kathoulesche Priister, éischte Bëschof vu Lëtzebuerg
- Marcel Feller (1890-1975), Eisebunner a Politiker
- Johny Flick (1930-2008), Geowëssenschaftler
- Yvonne Frisch-Urbany (1923-2013), Schrëftstellerin
- André Gruber, (1869-1926), Zänndokter a Lokalpolitiker
- Eugène Heinen (1914-2006), Pedagog, Theaterregisseur a Schauspiller
- Yvo Kerger (1908-1945), Eisebunner a Resistenzler
- Lucien Lux (*1956), Politiker
- Albert Neumann (1899-1976), Turner an Olympionik
- Josy Meyers (1902-1970), Zeecheprofesser
- Nicolas Morn (1932-1997), Vëlossportler
- Pierre Prüm, (1886-1950), Politiker a Premierminister
- Joseph Schwickert (1836-1902), Professer an Auteur
- Norbert Stelmes (1915-1986), Lycéesprofesser, Komponist a Pianist
- Jean-Pierre Thill (1916-1981), Architekt
- René Urbany (1927-1990), Journalist a Politiker
- Danielle Wagner (*1960),Sculptrice
- Charles de Waha (1888-1918), Medezinner, Chirurg a Politiker
- Aloyse-André Welter (1852-1922), Schoulmeeschter, Zeitungsredakter a Schrëftsteller
Interkommunal Syndikater
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Ëlwen ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Jumelagen
[änneren | Quelltext änneren]- Hepstedt an Däitschland
- Desborough a Vereenegt Kinnekräich
- Bièvre an der Belsch
- Holmegaard an Dänemark
- Falset a Spuenien
- Cissé a Frankräich
- Kolindros a Griicheland
- Cashel an Irland
- Esch an Holland
- Samuel a Portugal
- Bucine an Italien
- Lassee an Éisträich
- Kannuns a Finnland
- Ockelbro a Schweden
- Pölva an Estland
- Nagycenk an Ungarn
- Stryzow a Polen
- Stary Poddvorov an Tschechesch Republik
- Medzev an der Slowakei
- Moravce a Slowenien
- Lefkara an Zypern
- Nadur op Malta
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Eisebunnsstreck Ëlwen-Wilwerdang
- Sentier des Passeurs
- Naturpark Our
- Islek ohne Grenzen EWIV
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Ëlwen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Ëlwen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng Ëlwen
- D'Gemeng Ëlwen op der Websäit vum Syvicol
- Websäit vun der Ëlwener Musek
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Nimm Ufflange an Trois-Vierges oder och Trois Vierges waren am 19. Joerhonnert nach a Gebrauch. Cf. S. 472 an: L'Évêque de la Basse-Moûturie, Louis, 1844. Itinéraire du Luxembourg germanique, ou voyage historique et pittoresque dans le Grand-Duché. 500 p. V. Hoffmann, Luxembourg.
- ↑ Loi du 28 décembre 1908 transférant le chef-lieu de la commune de Basbellain à Troisvierges op legilux.lu, gekuckt den 2. Juni 2020
- ↑ Loi du 20 juillet 1925 concernant le rattachement de la section de Biwisch à la commune de Troisvierges op legilux.lu, gekuckt den 2. Juni 2020
- ↑ Loi du 31 octobre 1977 portant fusion des communes de Asselborn, Boevange/Clervaux, Hachiville et Oberwampach op legilux.lu, gekuckt den 2. Juni 2020