Op den Inhalt sprangen

Märel (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Märel
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Merl
de: Merl
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Awunner 6.398
  31. Dezember 2022
Fläch 242,79 ha
Héicht 315,6 m
Koordinaten 49° 36’ 11’’ N
      06° 05’ 46’’ O

Märel ass ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg a läit am Weste vun der Haaptstad.

Bis 1920 huet Märel zu der fréierer Gemeng Hollerech gehéiert.

Geographie

Märel ass 242,79 Hektar grouss a läit op enger Héicht tëscht 267,3 an 315,6 m. De Quartier grenzt am Norden un d'Gemeng Bartreng an de Belair an dann, am Sënn vun der Auer, un Hollerech, Zéisseng an d'Gemeng Leideleng.

Awunner

Enn 2011 hat de Quartier Märel 3.404 Awunner, 2015 waren et der 4.969.

Op den 31. Dezember 2022 hunn zu Märel 6.398 Leit gewunnt. Den Undeel vun de Lëtzebuerger louch bei 29,22 % géintiwwer 70,78 % Auslänner[1].

Märeler no Nationalitéit (31. Dezember 2022)
Rang Nationalitéit Awunner Prozent
TOTAL 6 398 100,00
1 Lëtzebuerg 1 870 29,23
2 Frankräich 1 038 16,22
3 Italien 501 7,83
4 Portugal 443 6,92
5 Belsch 284 4,44
6 Spuenien 194 3,03
7 Däitschland 162 2,53
8 Rumänien 133 2,08
9 Griicheland 132 2,06
10 Indien 113 1,77
Top 10 4 870 76,12
Aner Nationalitéiten 1 528 23,88

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Märel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Stad Lëtzebuerg, La ville en chiffres - État de la population au 31.12.2022.