Haaptsäit

Vu Wikipedia

Jidderee kann hei matmaachen - och Dir!

Hëlleft mat, Artikelen ze schreiwen, ze verbesseren oder auszebauen: Moien un eis nei Mataarbechter - Éischt Schrëtt - Lëtzebuergesch schreiwen?
Abléckleche WikiProjet: Kënschtlerbiographien.

Artikel vun der Woch

Mars Science Laboratory (kuerz MSL) ass eng NASA-Missioun, déi als Zil huet, de Mars z'erfuerschen, ob a wéi wäit een en als Biosphär benotze kéint. Dofir gouf op senger Surface e Rover mam Numm Curiosity (engl. fir Virwëtz) ausgesat, dee praktesch autonom schaffe kann. En ass mat zéng Instrumenter ekipéiert, fir ë. a. Gestengs, Atmosphär a Stralung z'analyséieren. Nieft Spektrographe kommen och Kameraen a meteorologesch Instrumenter zum Asaz. D'Donnéeë ginn op d'Äerd gefunkt. De Curiosity huet eng Mass vu knapps 900 kg an d'Gréisst vun engem klengen Auto; et ass dee bis ewell gréissten Objet, deen d'Mënschen op der Marsuewerfläch deposéiert hunn.

De 26. November 2011 um 15:02 UTC war d'Sond u Bord vun enger Atlas V(541) vun der Cape Canaveral Air Force Station aus gestart, an de 6. August 2012 um 05:31 UTC um Mars gelant... > méi

Archiv

Wousst Dir schonn datt...

  • … am Arno Schmidt sengem Roman Abend mit Goldrand eng ganz Rei Beschreiwungen iwwer Lëtzebuerg stinn, obwuel de Schmidt ni e Fouss an d'Land gesat huet?
  • ... d'Drëttel-Reegel an der Fotografie dora besteet, datt de 'Bléckfank' vum Bild op enger Intersektioun vun den horizontalen a vertikale Linne vu jee engem Drëttel vum Bild ass?
  • ... deen éischten Aarbechter, deen Deputéierten an der Chamber gouf, de Jean Schortgen, op engem 1. Mee bei engem Accident an der Grouf leie blouf?

Op engem 22. Abrëll

Net den Datum vun haut? Klickt hei fir Äre Cache eidel ze maachen oder mellt Iech un!
Méi iwwer: ... den 22. Abrëll...soss en Dag2024
Archiv

Kierzlech verstuerwen

Barbara Rush
Barbara Rush
Éischter am Joer - änneren

E Bléck op...

… de Michel Welter (gestuerwe virun 100 Joer, den 22. Abrëll 1924),
an der Oppositioun an an der Regierung. Karikatur vum Pierre Blanc.
Archiv

Aner Wikimediaprojeten

Meta-Wiki Meta-Wiki – Koordinatioun    Commons Commons – Medien    Wiktionary Wiktionnaire – Dictionnaire    Wikibooks Wikibooks – Wierker    Wikiquote Wikiquote – Zitater    Wikiversity Wikiversity – Léierplattform    Wikisource Wikisource – Quellen    Wikinews Wikinews – Noriichten   Wikidata Wikidata – Wëssensdatebank    Wikivoyage Wikivoyage – Reeseguide    MediaWiki MediaWiki – MediaWiki-Software    Wikispecies Wikispecies – Datebank fir all d'Liewewiesen