Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Lëtzebuerg
Logo
Spëtznumm: D'Roud Léiwen
(Les Lions Rouges,
Die Roten Löwen)
Federatioun: FLF
Trainer: Luc Holtz
Meescht Matcher: Mario Mutsch (102)
Meescht Goler: Léon Mart (16)
Stadion: Stadion vu Lëtzebuerg
(Stad Lëtzebuerg)
Historesch Matcher
Éischte Match: Lëtzebuerg – Frankräich: 1–4
29. Oktober 1911, Stad Lëtzebuerg
Héchst Victoire: Lëtzebuerg – Afghanistan: 6–0
26. Juli 1948, London
Héchst Nidderlag: Däitscht Räich – Lëtzebuerg: 0–9
4. August 1936, Berlin
Lëtzebuerg – England: 0–9
19. Oktober 1960, Stad Lëtzebuerg
England – Lëtzebuerg: 9–0
15. Dezember 1982, London
Portugal – Lëtzebuerg: 9–0
11. September 2023, Loulé[1]
Olympesch Summerspiller
Participatioun: 6 × (fir d'éischt 1920)
Bescht Resultat: Véierelsfinall 1948
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform

D'lëtzebuergesch Foussballnationalekipp, A-Kader (offiziell: Équipe nationale du Luxembourg de football / Équipe nationale A) ass eng Selektioun vun de beschte Lëtzebuerger Foussballspiller, déi vun der Fédération luxembourgeoise de football (FLF) ausgewielt ginn. Si representéiert d'FLF op internationalem Niveau, zum Beispill bei Frëndschaftsmatcher géint Ekippe vun aneren nationale Verbänn, awer och bei de Qualifikatioune fir d'Europameeschterschaft (UEFA) an d'Weltmeeschterschaft (FIFA).

Foussball ass eng vun de beléiftste Sportaarten zu Lëtzebuerg. An der FIFA-Weltranglëscht läit d'Lëtzebuerger Nationalekipp op Plaz 85 vun 211 (Stand: September 2023).


D'Lëtzebuerger Foussballnationalekipp hat ni grousse Succès, an huet sech nach keng Kéier fir UEFA- oder FIFA-Meeschterschafte qualifizéiert. Lëtzebuerg huet souguer den Antirekord als d'Land mat der gréisster Zuel vu feelgeschloene Qualifikatioune fir d'Weltmeeschterschaft a fir eng regional Meeschterschaft. En Déifpunkt an der Geschicht waren d'Joren 1980 bis 1995 wou d'Selektioun 35 Néierlagen hannereneen huet missen astiechen. Am Oktober 1995 dogéint huet d'Lëtzebuerger Selektioun sech an der FIFA-Weltranglëscht fir d'éischt ënner déi 100 éischt Nationalekippe vun der Welt klasséiert, an dat fir zwéi Méint op der 98. Plaz.

Zanter 2010 ass de Luc Holtz Haapttrainer vun der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp. Ënner senger Leedung huet d'Ekipp weesentlech am meeschte Succès. D'Nationalekipp huet deemno géint d'Slowakei, Griicheland, Albanien, Ungarn, Nordirland asw. gewonnen, an huet mat en ettlechen zolidden Ekippen, ënner anerem mat Italien, Frankräich oder mam Senegal gläichgespillt.

Den éischte Match[änneren | Quelltext änneren]

Den 29. Oktober 1911 stoung fir d'éischt Kéier eng lëtzebuergesch Selektioun an engem offizielle Lännermatch um Terrain. De Frëndschaftsmatch géint Frankräich goung mat 1:4 an der Stad verluer. Déi éischt lëtzebuergesch Nationalekipp huet haaptsächlech aus Foussballspiller vun de Stater Veräiner Spora Lëtzebuerg, vun der Union Lëtzebuerg a vum Racing Lëtzebuerg bestanen: Alphonse Weicker, Jemmy Becker, Zénon Bernard, François Langers, Joseph Faber, Albert Elter, Emile Kuborn, Joseph Michaux, Henri Schwartz, Michel Ungeheuer a Victor Kauth. Den 8. Februar 1914 huet Lëtzebuerg sech revanchéiert, de Match ass 5-4 ausgaangen.

Olympesch Spiller[änneren | Quelltext änneren]

Oplëschtung vun alle Lëtzebuerger Participatioune bei olympesche Spiller:

Kader[änneren | Quelltext änneren]

Den aktuelle Kader[änneren | Quelltext änneren]

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

17 vun 23 Nationalekippespiller spillen an auslännesche Clibb, an hirer 14 sinn a Profi-A-Kaderen (Stand: September 2019).

Positioun Spiller Alter am Ament
vum Match
Club
Am Gol: Anthony Moris 33 BELBEL Union Saint Gilloise
Ralph Schon 29 LUXLUX FC UNA Stroossen
Tim Kips 18 BELBEL RE Virton LUXLUX F91 Diddeleng
Ofwier: Laurent Jans 31 DEUDEU SV Waldhof Mannheim
Kevin Malget 28 BELBEL RE Virton
Lars Gerson 33 SWESWE IFK Norrköping
Dirk Carlson 21 DEUDEU Karlsruher SC
Chris Philipps 25 POLPOL Legia Warschau POLPOL Legia Warschau II
Marvin Martins Da Graça 24 UKRUKR Karpaty Lwiw
Mëttelfeld: Olivier Thill 22 RUSRUS FK Ufa
Leandro Barreiro Martins 23 DEUDEU 1. FSV Mainz 05
Danel Sinani 22 LUXLUX F91 Diddeleng
Vincent Thill 19 FRAFRA FC Metz FRAFRA US Orléans
Aldin Skenderovic 22 LUXLUX FC Progrès Nidderkuer
Vahid Selimovic 22 CYPCYP Apollon Limassol
Tim Hall 22 UKRUKR Karpaty Lwiw
Mathias Olesen 22 DEUDEU 1. FC Köln
Christopher Martins Pereira 22 RUSRUS Spartak Moskau
Ugrëff: Gerson Rodrigues Gouveia 24 JPNJPN Júbilo Iwata UKRUKR Dynamo Kyjiw
Maurice Deville 27 DEUDEU SV Waldhof Mannheim
David Turpel 26 LUXLUX F91 Diddeleng
Florian Bohnert 25 FRAFRA SC Bastia
Daniel Da Mota Alves 33 LUXLUX Racing FC Union Lëtzebuerg
Aurélien Joachim 32 BELBEL RE Virton

Notten:
fettgedréckt: Kapitän
kursiv: Ersatzspiller
duerchgestrach Kursivschrëft: blesséierten oder ausgescheete Spiller

Kandidaten[änneren | Quelltext änneren]

D'Lëscht vu Spiller, déi ni am Kader vun der Lëtzebuerger Foussballnationalekipp waren, awer als potenziell zukünfteg Nationalspiller gëllen (Stand : September 2019).

Spiller
a seng Positioun
Duebel Nationalitéit ? Gebuertsdatum Club
vakant

De beschten FLF-Spiller[änneren | Quelltext änneren]

2004 huet d'Fédération luxembourgeoise de football de beschte Spiller vun de leschte 50 Joer ausgewielt. De "Gëlle Spiller" ([Luxembourg's] Golden Player) gëtt de Mëttelfeldspiller Louis Pilot (1940–2016)[2], dee vun 1959 bis 1971 am Kader vun der Foussballnationalekipp war, a siwe Goler geschoss huet. De Pilot war och bekannt als Member vu verschiddene belsche Clibb, ënner anerem vum Lécker Standart; seng Participatioun bei dësem Club war ganz erfollegräich.

Management[änneren | Quelltext änneren]

Traineren[änneren | Quelltext änneren]

Aktuellt Personal[änneren | Quelltext änneren]

(Stand: September 2023[3])

  • Trainer (entraîneur national): Luc Holtz
  • Assistenttrainer (entraîneur adjoint): Mario Mutsch
  • Trainer vun de Golkippen (entraîneur des gardiens de but): Rui Forte
  • Physikaleschen Trainer: Claude Origer
  • Medezinner: Yannik Zenner
  • Physiotherapeut: Yannik Zenner
  • Delegéiert vun der Ekipp: Chahbi Bouchaïb, Léon Huss

Matcher[änneren | Quelltext änneren]

An hirer Geschicht huet Lëtzebuerg 442 FIFA-Matcher gespillt, hirer 52 ware Victoirematcher, 56 ware Gläichspiller an 335 waren Néierlagen (Stand: Oktober 2023)[4].

D'Resultater no Joerzéngten:

Victoiren[änneren | Quelltext änneren]

Wéi uewe mentionéiert gëtt, huet d'lëtzebuergesch Foussballnationalekipp 36 Matcher gewonnen, hirer 16 bei offizielle Spiller an een an den Olympesche Spiller (Stand: Juni 2019). 16 Victoiren (~ 44%) waren ënner dem Trainer Luc Holtz[4].

Joer Dag Plaz Land Ekippen Resultat Match
2019 22. Mäerz Lëtzebuerg Lëtzebuerg Lëtzebuerg Litauen 2:1 EMQ
2018 15. Oktober Lëtzebuerg Lëtzebuerg Lëtzebuerg San Marino 3:0 NL
2018 11. September Serravalle San Marino San Marino Lëtzebuerg 0:3 NL
2018 08. September Lëtzebuerg Lëtzebuerg Lëtzebuerg Moldawien 4:0 NL
2018 05. Juni Lëtzebuerg Lëtzebuerg Lëtzebuerg Georgien 1:0 FrS
2018 22. Februar Ta' Qali Malta Malta Lëtzebuerg 0:1 FrS
2017 09. November Lëtzebuerg Lëtzebuerg Lëtzebuerg Ungarn 2:1 FrS
2017 31. August Lëtzebuerg Lëtzebuerg Lëtzebuerg Wäissrussland 1:0 WMQ
2017 04. Juni Lëtzebuerg Lëtzebuerg Lëtzebuerg Albanien 2:1 FrS
2015 13. November Lëtzebuerg Lëtzebuerg Lëtzebuerg Griicheland 1:0 FrS
2015 5. September Lëtzebuerg Lëtzebuerg Lëtzebuerg Nordmazedonien 1:0 EMQ
2013 10. September Lëtzebuerg Lëtzebuerg Lëtzebuerg Nordirland 3:2 WMQ
2013 14. August Lëtzebuerg Lëtzebuerg Lëtzebuerg Litauen 2:1 FrS
2012 29. Februar Lëtzebuerg Lëtzebuerg Lëtzebuerg Nordmazedonien 2:1 FrS
2011 6. September Lëtzebuerg Lëtzebuerg Lëtzebuerg Albanien 2:1 EMQ
2011 9. Februar Lëtzebuerg Lëtzebuerg Lëtzebuerg Slowakei 2:1 FrS
2008 10. September Zürich CHECHE Schwäiz CHECHE Schwäiz Lëtzebuerg 1:2 WMQ
2007 13. Oktober Homel Wäissrussland Wäissrussland Lëtzebuerg 0:1 EMQ
2007 07. Februar Lëtzebuerg Lëtzebuerg Lëtzebuerg Gambia 2:1 FrS
1995 06. September Lëtzebuerg Lëtzebuerg Lëtzebuerg Malta 1:0 EMQ
1995 07. Juni Lëtzebuerg Lëtzebuerg Lëtzebuerg Tschechesch Republik 1:0 EMQ
1995 22. Februar Ta' Qali Malta Malta Lëtzebuerg 0:1 EMQ
1980 09. Mee Medan Indonesien Lëtzebuerg Südkorea 3:2 MHC
1980 01. Mee Medan Indonesien Lëtzebuerg Thailand 1:0 MHC
1973 04. November Lëtzebuerg Lëtzebuerg Lëtzebuerg Norwegen 2:1 FrS
1972 22. Oktober Lëtzebuerg Lëtzebuerg Lëtzebuerg Tierkei 2:0 WMQ
1969 10. Abrëll Lëtzebuerg Lëtzebuerg Lëtzebuerg Mexiko 2:1 FrS
1963 30. Oktober Rotterdam Holland Holland Lëtzebuerg 1:2 EMQ
1961 08. Oktober Lëtzebuerg Lëtzebuerg Lëtzebuerg Portugal 4:2 WMQ
1951 04. November Lëtzebuerg Lëtzebuerg Lëtzebuerg Finnland 3:0 FrS
1948 26. Juli Brighton England Lëtzebuerg Afghanistan 6:0 Oly
1946 28. Juli Lëtzebuerg Lëtzebuerg Lëtzebuerg Norwegen 3:2 FrS
1945 13. Mee Lëtzebuerg Lëtzebuerg Lëtzebuerg Belsch 4:1 FrS
1940 31. Mäerz Rotterdam Holland Holland Lëtzebuerg 4:5 FrS
1939 26. Mäerz Lëtzebuerg Lëtzebuerg Lëtzebuerg Däitschland 2:1 FrS
1914 8. Februar Lëtzebuerg Lëtzebuerg Lëtzebuerg Frankräich 5:4 FrS

Notten:
WMQ: Weltmeeschterschaftsqualifikatioun
EMQ: Europameeschterschaftsqualifikatioun
NL: UEFA Nations League
MHC: Marah Halim Cup
Oly: Olympia
FrS: Frëndschaftsspill

Spiller no der Zuel vu Matcher (Top-10)[änneren | Quelltext änneren]

(Stand : Juni 2019)

# Spiller Matcher Period
1. Mario Mutsch 102 2005–19
2. Daniel Da Mota Alves 101 2007–2021
3. Jeff Strasser 98 1993–2010
4. René Peters 93 2000–2013
5. Jonathan Joubert 90 2006–2017
6. Eric Hoffmann 89 2002–2014
7. Carlo Weis 87 1978–1998
8. François Konter 77 1955–1969
9. Aurélien Joachim 76 2005–19?
10. Roby Langers 73 1980–1998
Ben Payal 73 2006–2016

Notten:
fettgedréckt: nach en Nationaleqippespiller

Spiller no der Zuel vu Goler (Top-10)[änneren | Quelltext änneren]

(Stand : 25. September 2022)

# Spiller Goler Period
1. Léon Mart 16 1933–1945
2. Gusty Kemp 15 1938–1945
Gerson Rodrigues 15 2017–0000
Aurélien Joachim 15 2005–2013
Nicolas Kettel 15 1946–1959
3. Camille Libar 13 1938–1947
4. Menn Müller 12 1949–1954
5. Léon Letsch 11 1947–1963
6. Gilbert Dussier 9 1971–1978
Danel Sinani 9 2017–0000
8. Nico Braun 8 1970–1980
Johny Léonard 8 1962–1970
Roby Langers 8 1980–1998
Camille Dimmer 8 1957–1967
9. Jeff Strasser 7 1993–2010
Louis Pilot 7 1959–1977
Daniel Da Mota Alves 7 2007–2021

Notten:
fettgedréckt: nach en Nationaleqippespiller

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Zukünfteg Matcher[änneren | Quelltext änneren]

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

(Stand : bis zum Enn 2019)

Datum an Zäit Turnéier Match Resultat Plaz
22. Mäerz, 20:45 (CET) EMQ LUXLUX Lëtzebuerg vs. LTULTU Litauen 2:1 Lëtzebuerger Haaptstad
25. Mäerz, 20:45 (CET) EMQ LUXLUX Lëtzebuerg vs. UKRUKR Ukrain 1:2 Lëtzebuerger Haaptstad
02. Juni, 20:00 (CEST) FrS LUXLUX Lëtzebuerg vs. MDGMDG Madagaskar 3:3 Lëtzebuerger Haaptstad
07. Juni, 20:45 (CEST) EMQ LTULTU Litauen vs. LUXLUX Lëtzebuerg 1:1 Vilnius (Litauen)
10. Juni, 20:45 (CEST) EMQ UKRUKR Ukrain vs. LUXLUX Lëtzebuerg 1:0 Lwiw (Ukrain)
05. September, 19:45 (CEST) FrS NIRNIR Nordirland vs. LUXLUX Lëtzebuerg 1:0 Belfast (UK)
10. September, 20:45 (CEST) EMQ LUXLUX Lëtzebuerg vs. SRBSRB Serbien 1:3 Lëtzebuerger Haaptstad
11. Oktober, 20:45 (CEST) EMQ PORPOR Portugal vs. LUXLUX Lëtzebuerg Lissabon (Portugal)
15. Oktober, TBD (CEST) FrS DNKDNK Dänemark vs. LUXLUX Lëtzebuerg (Dänemark)
14. November, 20:45 (CET) EMQ SRBSRB Serbien vs. LUXLUX Lëtzebuerg onbekannt
17. November, 15:00 (CET) EMQ LUXLUX Lëtzebuerg vs. PORPOR Portugal onbekannt

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den 10. Abrëll 1932 huet Lëtzebuerg an engem Frëndschaftsspill allerdéngs 12-0 géint Italie verluer.
  2. https://web.archive.org/web/20080519044519/http://www.uefa.com/uefa/news/Kind%3D256/newsId%3D130150.html
  3. http://www.flf.lu/Equipes-nationales/Equipe-nationale-A.aspx
  4. 4,0 4,1 http://www.rsssf.com/tablesl/lux-intres.html