Op den Inhalt sprangen

Fokus (Lëtzebuergesch Partei)

Vu Wikipedia
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Fokus
President Marc Ruppert
Vizepresidenten Anne Lecuit
Luc Majerus
Parteispriecher Frank Engel
Generalsekretärin Anne Winter
Tresorier Ervin Zaljević
Gegrënnt 2022
Parteizentral Esch-Uelzecht
Faarf Turquoise
Chamber
0/60 Sëtz
Europaparlament
0/60 Sëtz
Websäit www.fokus.lu/

Fokus ass eng Lëtzebuerger politesch Partei. Si gouf den 21. Februar 2022 virgestallt.

Grënnungsmembere sinn de fréieren CSV-President Frank Engel, de fréieren DP-Generalsekretär Marc Ruppert, de fréiere President vun der Handelskonfederatioun an DP-Member Gary Kneip an den Affekot a grénge Gemengerot vun Esch-Uelzecht, Luc Majerus[1].

Gemengewalen 2023

[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Gemengewale vum 11. Juni 2023 hat Fokus an der Stad, zu Déifferdeng an zu Suessem mat jee enger Lëscht kandidéiert. An der Stad krute se 2,38 % vun de Stëmmen, zu Déifferdeng 2,3 % an zu Suessem 2,68 %. A kenger vun den 3 Gemengen huet e Kandidat et an de Gemengerot gepackt[2].

Chamberwalen 2023

[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 krut Fokus am ganzen 93.839 Stëmmen, wat 2,49 % vun alle Stëmmen entsprécht[3]; net genuch fir een Deputéiertemandat.

Europawalen 2024

[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Wale fir dat Europäescht Parlament, de 6. Juni 2024, krut Focus 22.222 Stëmmen (1,6 %), net genuch fir ee vun de 6 Sëtzer.[4]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. " 'Fokus', déi nei Partei vun Engel a Ruppert." rtl.lu, 21.02.2022.
  2. (fr)elections public.lu. elections.public.lu. Gekuckt de(n) 2023-06-16.
  3. elections.public.lu
  4. Resultats op elections.public.lu.