Geographie vu Lëtzebuerg
Lëtzebuerg läit a Westeuropa tëscht der Belsch, Frankräich an Däitschland. Et huet eng Fläch vun 2.586 km².
Déi gréisst Distanz vun Norden no Süden (Huldang-Rëmeleng) ass 82 km, vu Westen no Oste sinn et der maximal 57 km (Pärel-Rouspert).
Grenzen
[änneren | Quelltext änneren]D'Grenze mat den Nopeschlänner hunn en Total vun 356 km[1]. Dovu sinn:
- 73 km Grenz mat Frankräich (Departementer Moselle a Meurthe-et-Moselle);
- 135 km Grenz mat Däitschland (Bundeslänner Rheinland-Pfalz a Saarland);
- 148 km Grenz mat der Belsch (Provënze Lëtzebuerg a Léck).
De Grenzverlaf tëscht Lëtzebuerg a Frankräich geet zeréck op den Traité vu Courtrai vum 28. Mäerz 1820. D'Grenz mat der Belsch gouf duerch eng Konventioun festgehalen, déi de 7. August 1843 zu Maastricht ënnerschriwwe gouf[2].
D'Grenz tëscht Lëtzebuerg an Däitschland gouf de 26. Juni 1816 an engem Traité zu Oochen festgehalen. Op Grond vun engem neie Vermoosse vun der Grenz, gouf den Traité den 19. Dezember 1984 geännert an duerch e Gesetz vum 27. Mee 1988 confirméiert[3]. D'Grenz mat Däitschland huet d'Eegenaart, datt se bei de Waasserleef e Kondominium ass, d. h. datt d'Our, d'Sauer an d'Musel ëmmer op hirer ganzer Breet zu den zwee Länner gehéieren.
Natierlech Regiounen
[änneren | Quelltext änneren]D'Land deelt sech an zwou geographesch Regiounen[4]:
Éislek
[änneren | Quelltext änneren]D'Éislek am Norde vum Land huet eng Fläch vun 828 km², wat ronn en Drëttel (32,02 %)vum Staatsterritoire ausmécht. D'Éislek ass duerchschnëttlech 450 m. héich an ass en Deel vun den Ardennen; den héchste Punkt vu Lëtzebuerg, „op Kneiff“, läit bei Wilwerdang an der Gemeng Ëlwen.
Op den Éisleker Koppe leien eng Rëtsch Dierfer, et fënnt een och eng Partie Flëss a Séien. Op de géien Häng wuessen Eechen- a Kiferebëscher. D'Klima ass méi rau wéi am Rescht vum Land. Déi Déi wichtegst Stied am Éislek si Wolz, Klierf a Veianen.[5]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Éislek.
Guttland
[änneren | Quelltext änneren]D'Guttland am Süden hëlt mat 1.758 km² gutt zwee Drëttel vum Territoire an a läit am Duerchschnëtt 215 m. iwwer dem Mier. Am Oste gëtt d'Guttland vun der Wäigéigend op der Musel ofgegrenzt; am Süde geet et an de Loutrenger Plateau iwwer, deen zu Lëtzebuerg Minettsgéigend genannt gëtt. Aner Regioune vum Guttland sinn de Mëllerdall mam Sandsteen-Plateau an den Dall vun de Siwe Schlässer.[5]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Guttland.
Extremitéiten
[änneren | Quelltext änneren]An der Gemeng Ëlwen läit déi héchst Plaz, Op Kneiff bei Wilwerdang mat 560 Meter an déi zweethéchst, d'Buergplaz zu Huldang mat 558,35 Meter[6],[7]. Den déifste Punkt ass do, wou d'Sauer an d'Musel leeft: op der Spatz zu Waasserbëlleg, op 130 m (NG-L). D'Stad Lëtzebuerg, méi genee d'Plëss d'Arem, läit op enger Héicht vu 304 Meter.
Déi geographesch Extremitéite vum Land sinn[8]:
Gemeng | Sektioun | Koordinaten | Bemierkung | |
---|---|---|---|---|
nërdlechste Punkt | Ëlwen | Huldang | 50° 10’ 58.06’’ N 06° 01’ 29.22’’ O | D'Grenz ass an der Achs vun der Strooss; d'Maark LB286 steet um Bord vun der Strooss, op Belscher Säit |
ëstlechste Punkt | Rouspert-Mompech | Rouspert | 49° 48’ 20.67’’ N 06° 31’ 52.51’’ O | D'Grenz ass - wéinst dem Kondominium - de Bord vun der Sauer op der Däitscher Säit |
südlechste Punkt | Keel | Téiteng | 49° 26’ 51.90’’ N 6° 02’ 30.06’’ O | bei der Grenzmaark FL-96 |
westlechste Punkt | Bauschelt | Sir | 49° 53’ 48.84’’ N 5° 44’ 08.44’’ O | bei der Gossemaark LB183 |
Vegetatioun
[änneren | Quelltext änneren] Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Bësch zu Lëtzebuerg.
Geologie
[änneren | Quelltext änneren] Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geologie vu Lëtzebuerg.
Waasserleef
[änneren | Quelltext änneren]Ausser der Kuer, mat hiren Niewebaachen, der Rouerbaach, der Mierbaach an der Maragole, am Süde vum Land, an der Fooschtbaach am Éislek, déi an d'Meuse lafen (2 %), gehéieren all d'Waasserleef zu Lëtzebuerg zum Baseng vun der Musel (98 %).
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Hydrographie vu Lëtzebuerg.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Storoni, A., 2010. Les Paysages Géologiques du Luxembourg. 57 S. Éditions Schortgen, Esch-Uelzecht. ISBN 978-2-87953-096-3
- Bousch, P., T. Chilla, P. Gerber, O. Klein, C. Schulz, C. Sohn & D. Wiktorin (Koord.), 2009. Der Luxemburg Atlas. Atlas du Luxembourg. 224 S. emons: (=Hermann-Josef Emons Verlag). ISBN 978-3-89705-692-3 (D'Artikele sinn zu engem Deel op Franséisch, déi aner op Däitsch geschriwwen).
- Goerens, Jean-Mathias, Jean-Claude Muller, Yves Robert, Gian Giuseppe Simeone, Gilbert Trausch, Danièle Wagner & Frank Wilhelm, 1995. Grand-duché de Luxembourg. Le guide. Éditions Saint-Paul. 239 S. ISBN 2-87963-206-4. (En Iwwerbléck iwwer d'Geschicht, d'Geographie an d'Economie vum Land).
- Back, Nicolas, 2001. Unsere Bergnamen. In: Lëtzeburger Sonndesblad. - Jg. 134 (2001), Nr. 39, S. 14; Nr. 40; S. 14; Nr. 41, S. 14; Nr. 42, S. 14.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Territoire. statistiques.public.lu. Gekuckt de(n) 25.07.2020.
- ↑ Arrêté du Gouvernement en Conseil du 23 janvier 1844 concernant la délimitation du Grand-Duché et de la Belgique. (Convention de limites conclue à Maestricht le 7 août 1843). legilux.public.lu (14.02.1844). Gekuckt de(n) 25.07.2020.
- ↑ Loi du 27 mai 1988 portant approbation du Traité entre le Grand-Duché de Luxembourg et la République fédérale d'Allemagne sur le tracé de la frontière commune entre les deux Etats et de l'échange de lettres, signés à Luxembourg, le 19 décembre 1984. legilux.public.lu (07.06.1988). Gekuckt de(n) 25.07.2020.
- ↑ Territoire et environnement. statistiques.public.lu. Gekuckt de(n) 25.07.2020.
- ↑ 5,0 5,1 (fr)Service information et presse du gouvernement, Tout savoir sur le Grand-Duché de Luxembourg, p.. sip.gouvernement.lu (03.2015). Gekuckt de(n) 09.11.2024.
- ↑ A. Storoni, 2010, S. 15: 560 m fir op Kneiff, 559 m fir d'Buergplaz.
- ↑ Le point culminant du Luxembourg. act.public.lu (18.01.2010). Gekuckt de(n) 24.07.2020.
- ↑ Informatioun vum Kadaster (27/07/2020), op Nofro per E-mail