Hamm (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Quartier Hamm vun der Stad Lëtzebuerg. Fir aner Plaze mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Hamm.
Hamm
Vue op Hamm, vun Osten aus
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Hamm
de: Hamm
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Awunner 1.566
  31.12.2022
Fläch 407,62 ha
Héicht 360,6 m
Koordinaten 49° 36’ 18’’ N
      06° 09’ 24.1’’ O
Hamm (blo)
an der Stad Lëtzebuerg (gro)

Hamm ass e Quartier am Oste vun der Stad Lëtzebuerg. Vun 1874 bis 1920 gouf et och eng Gemeng Hamm.

Geographesches

Hamm steet op engem Plateau am Oste vun der Stad Lëtzebuerg, tëscht dem Hammerdällchen am Norden an dem Uelzechtdall. De Fluchhafe Lëtzebuerg um Findel mécht am Nordosten d'Grenz. Ee vun de gréisste Bëscher vun der Gemeng ass den Hammer Bësch, dee mat sengen 130 ha op der Sandweiler Säit läit. Do ass och den amerikaneschen Zaldotekierfecht ze fannen.

Geschicht

Den Numm Hamm gouf fir d'éischt am Joer 1238 an engem Akt vun der Gräfin Ermesinde ernimmt.

Gemeng Hamm

Den 1. Januar 1874 (Gesetz vum 20. Dezember 1873) ass d'Gemeng Hamm aus der Sektioun Hamm (mat den Uertschaften Hamm, Schläifmillen, Fetschebur[1], Hammerdällchen, Scheedgronn, Zens an Tawioun) an aus der Sektioun Polvermillen, wat bis zu deem Zäitpunkt zwou Sektiounen vun der Gemeng Sandweiler waren, entstanen.

De Paul Godchaux (1844 - 1888) gouf éischte Buergermeeschter vun der Gemeng Hamm a war dat vun 1874 bis zu sengem Doud am Joer 1888. Säi Cousin, de Jules Godchaux (1845 - 1917), war duerno vun 1888 bis 1917 Buergermeeschter. Den Émile Godchaux (1864 - 1942) war vun 1917 bis 1918 Buergermeeschter. Hien huet als Buergermeeschter demissionéiert, well hien an d'Chambre de Commerce erakomm ass. Säin Nofollger gouf de Pierre Kohner (1858 - 1927), e Bauer vum Zens.

D'Gemeng Hamm huet den 1. Juni 1920 (Gesetz vum 26. Mäerz 1920), zesumme mat de Gemengen Hollerech a Rollengergronn mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert.

Buergermeeschteren

Awunner

Demographie iwwer d'Zäit

Joer 1803 1890 2018
Awunnerzuel 95 668 1 456

Awunner haut

Op den 31.12.2022 hunn zu Hamm 1.566 Leit gewunnt. Den Undeel vun de Lëtzebuerger louch bei 43,52 % géintiwwer 56,48 % Auslänner[2].

Hämmer no Nationalitéit (31.12.2022)
Rang Nationalitéit Awunner Prozent
TOTAL 1 456 100,00%
1 Lëtzebuerg 639 43,89%
2 Portugal 247 16,96%
3 Frankräich 164 11,26%
4 Italien 63 4,33%
5 Belsch 47 3,23%
6 Indien 28 1,92%
7 Spuenien 27 1,85%
8 Däitschland 23 1,58%
9 China 20 1,37%
10 Vereenegt Kinnekräich 12 0,82%
Top 10 1 270 87,23%
Aner Nationalitéiten 186 12,77%

Veräiner

Zu Hamm gëtt et follgend Veräiner

Literatur

  • Marx, Hubert: Leben in Hamm einst und jetzt, ons stad N° 28 / Juli 1988, Stad Lëtzebuerg

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Hamm (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. "Fetschebour" an der Lescht vum Institut grand-ducal.
  2. État de la population 2017 - Statistiques sur la population de la Ville de Luxembourg vdl.lu, der Websäit vun der Stad Lëtzebuerg (gekuckt den 8. Februar 2018)