Lëtzebuerger Constitutioun

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Lëtzebuerger Konstitutioun)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Luxembourg road sign diagram A 15.gif Opgepasst: Un dësem Artikel gëtt grad geschafft. Fir Versiounskonflikter ze vermeiden, waart wgl. mat Ären Ännerunge bis dëse Message verschwonnen ass, oder kontaktéiert de Benotzer (GilPe), dee grad dru schafft, op senger Diskussiounssäit.

Wa méi wéi zwéin Deeg näischt um Artikel geännert gouf, ka jiddwereen dru weiderschaffen. Wann der näischt wëllt um Artikel änneren, loosst wgl. d'Schabloun stoen. Wa bannent 6 Stonnen nodeems dës Schabloun an en Artikel gesat gouf, keng valabel Ännerung vum Benotzer gemaach gouf, da kann de Gebrauch vun der Schabloun als onnëtz ugesi ginn a ka vu jiddwerengem réckgängeg gemaach ginn. Bei repetitivem onnëtze Gebrauch kann de Benotzer gespaart ginn.

Lëtzebuerger Verfassung vun 1868

Déi haiteg Lëtzebuerger Constitutioun oder (Lëtzebuerger Verfassung) geet zréck op d'Joer 1868. Se definéiert den Opbau vum Staat, organiséiert de Fonctionnement vu sengen Institutiounen an hält d'Rechter an d'Fräiheete vun de Bierger fest. D'Constitutioun déi sech staark un der Belscher Constitutioun vun 1831 orientéiert, gouf de 17. Oktober 1868 publizéiert[1].

Historique[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerg ënnert der hollännescher a belscher Constitutioun[änneren | Quelltext änneren]

An den éischte Joerzéngte no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg als onofhängege Staat – an der Folleg vum Wiener Kongress vum 9. Juni 1815 – gouf et eng gewëssen Instabilitéit um constitutionelle Plang. Wéi 1815 dat hollännescht Grondgesetz ((nl) Grondwet) agefouert gouf, war dat och zu Lëtzebuerg applikabel, dëst well d'Groussherzogtum Lëtzebuerg – op Basis vum Wiener Vertrag –  ënner déi selwecht Souveränitéit wéi Holland gefall ass, mat Ausnam vu senge Bezéiungen zum Däitsche Bond.

No der belscher Revolutioun vun 1830 déi zur Grënnung vun engem onofhängege Kinnekräich Belsch geféiert huet, ass 1831 déi belsch Constitutioun a Kraaft getrueden, déi d'Kinnekräich ë. a. an néng Provënze opgedeelt huet. Eng dovu war d'Provënz Lëtzebuerg[2], woumat déi belsch Verfassung – mat Ausnam vun der Festung Lëtzebuerg – och bei eis gëlteg war.

D'Constitutioun vun de Stänn vun 1841[änneren | Quelltext änneren]

D'Constitutioun vun de Stänn ((fr) constitution d'états, (de) Ständeverfassung) vum 12. Oktober 1841 war déi éischt Lëtzebuerger Constitutioun déi agefouert gouf[3], zwee Joer, nodeem den Traité vu London de franséischsproochegen Deel vu Lëtzebuerg als Province de Luxembourg der Belsch zougesprach huet, an ee Joer, nodeems de Wëllem II. Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg gi war.

Titelsäit vun der Verfassung vun 1848.

D'Constitutioun vun 1848[änneren | Quelltext änneren]

De Groussherzog Wëllem II. huet den 20. Mäerz 1848 eng Revisioun vun der Constitutioun vun de Stänn an d'Weeër geleet[4]. Den neien Text dee sech am grousse Ganzen un der belscher Constitutioun vun 1831 orientéiert huet, gouf vun der Constitutiounsversammlung ausgeschafft[5], den 23. Juni 1848 vun de Stänn gestëmmt an den 9. Juli 1848 vum Groussherzog ënnerschriwwen[6].

D'Constitutioun vun 1856[änneren | Quelltext änneren]

De Kinnek-Groussherzog Wëllem III. huet d'Constitutioun vun 1848 als zevill liberal gesi well se seng Rechter ageschränkt huet. Hie war der Meenung, datt se géint fundamental Prinzippie vum Däitsche Bond verstousse géif. 1853 huet hien eng nei Regierung nominéiert déi der Chamber 1856 e reforméierte Verfassungstext virgeluecht huet. D'Chamber huet awer refuséiert den neien Text z'analyséieren an huet der Regierung hiert Mësstrauen ausgeschwat. De Wëllem III. huet dat als Virwand benotzt fir de 27. November 1856 e Staatsstreech ze maachen, andeems en d'Chamber opgeléist an eng nei Constitutioun ordonéiert huet, mat där déi demokratesch Tendenzen aus där vun 1848 ofgeschaaft goufen[7].

Mat der neier Constitutioun gouf ë. a. d'Souveränitéit vum Kinnek-Groussherzog nees hiergestallt, d'Attributioune vun der Chamber goufe reduzéiert an de Walsystem gouf g'ännert. Dobäi koum et och nach zu enger Aschränkung vun der Pressefräiheet an dem Versammlungsrecht[8]. Op der aner Säit gouf mat der neier Verfassung vun 1856 awer och eppes agefouert wat bis haut bestoe blouf. Am Wëllem III. sengen Aen war déi Lëtzebuerger Constitutioun zevill demokratesch par Rapport zur belscher, well se en Eekummersystem virgesinn huet. Fir dem Feele vun enger zweeter Kummer entgéintzewierken an déi iwwermächteg Verwaltung ze bremsen, huet de Kinnek-Groussherzog mat der neier Constitutioun e consultatiivt Organ, de Staatsrot ageféiert, deen zanterhier d'Funktioun huet, an der legislativer Prozedur säin Avis ofzeginn.

D'Constitutioun vun 1868[änneren | Quelltext änneren]

Nodeems den Däitsche Bond 1866 opgeléist gouf, haten eng ganz Partie Bestëmmungen aus der Constitutioun vun 1856 keng Basis méi. Doduerch datt de Londoner Traité vun 1867 Lëtzebuerg als onofhängeg an neutral erkläert huet, war et néideg, datt en neie Verfassungstext ausgeschafft géif.

D'Constitutioun vun 1868 huet gréisstendeels d'Texter aus där vun 1848 iwwerholl, mam Ënnerscheed, datt dem neien internationale Status vum Groussherzogtum Rechnung gedroe gouf. All fréier Verknëppunge mam Däitsche Bond goufe gestrach, d'Neutralitéit vum Land gouf festgeschriwwen an de Staatsrot gouf confirméiert.

Ënnert der Herrschaft vum Wëllem III. sengen Nofollger Adolphe (1890-1905), Wëllem IV. (1905-1912) a Marie-Adélaïde gouf et keng constitutionell Ännerungen an am Fong ass d'Constitutioun vum 17. Oktober 1868[9] déi Constitutioun, déi haut nach gëllt, och wa s'eng sëllegemol ugepasst gouf. Déi lescht Ännerung ass vum 20. Oktober 2016[10].

Revisioun vun 1919[änneren | Quelltext änneren]

Nom Éischte Weltkrich stouch d'Lëtzebuerger Land an enger déiwer politesch-moralescher Kris, sief et um nationale wéi och um internationale Plang, absënns well et nach mat glëschteregen Noperen ze dinn hat, déi sech de Lëtzebuerger Territoire – direkt oder indirekt – uneegne wollten. Am November 1918 hunn déi Liberal an d'Sozialisten an der Chamber gefuerdert, d'Groussherzogin Marie-Adelheid ofzesetzen, well dës sech an d'Regierungsgeschäfter agemëscht hätt an ze däitschfrëndlech gewiescht wier. Den 13. November 1918 huet Chamber an engem Ordre du jour festgehalen, datt e Referendum iwwert d'Fro vun der Dynastie sollt ofgehale ginn.

Den 9. Januar 1919 koum et zu enger Zort Revolutioun, wéi eng Rëtsch Dynastie-Géigner – déi sech als Action républicaine ausginn hunn – eng Republik ausgeruff hunn. D'Manifestatioun um Knuedler gouf vu franséischen Truppen opgeléist a well e Groussdeel vun der Bevëlkerung sech net duerch d'Manifestatioun beandrocke gelooss huet, hat d'Regierung d'Situatioun bannent zwéin Deeg nees am Grëff.

Ugëeekelt wéinst den Ugrëff op hir Persoun a well se sech och vu verschiddenen auslänneschen Staatscheffen net verstane gefillt huet, huet d'Marie-Adelheid ofgedankt; hir Schwëster Charlotte gouf déi nei Grande-duchesse.

Den 12. Mäerz 1919 huet d'Chamber mat 30 géint 20 Stëmme (d'Sozialisten an déi Liberal) beschloss, e Referendum iwwer déi zukünfteg Staatsform ofzehalen, woubäi et am Fong drëm goung, erauszefannen ob d'Lëtzebuerger d'Monarchie wéilte bäibehalen oder léiwer eng Republik wéilten. De Referendum gouf den 28. September 1919 ofgehalen.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Referendum vum 28. September 1919 iwwer de Statut vum Land.

Nach virum Referendum, am Mee 1919, huet d'Chamber fir wichteg Ännerungen an der Constitutioun gestëmmt: d'allgemengt Walrecht gëtt agefouert[11], d'politesch Pouvoire vum Grand-Duc ginn zréckgeschnidden a geheim Traitéë ginn ofgeschaaft[12] an d'Deputéiert kréien eng järlech Indemnitéit vu maximal 4.000 Frang zougestanen[13]. De Projet fir den Art. 114 z'änneren an dem Vollek iwwert e Referendum méi Matsproocherecht bei de Verfassungsännerungen ze ginn, ass net ëmgesat ginn[14].

Revisioun vun 1948[änneren | Quelltext änneren]

Nom Enn vum Zweete Weltkrich huet d'Assemblée consultative – déi an d'Liewe geruff gi war well d'Chamber hir constitutionell Aufgaben net erfëlle konnt – de 14. September 1945 festgehalen, datt eng Rëtsch Ännerungen an der Constitutioun gemaach misste ginn. D'Assemblée huet deementspriechend 28 Gesetzer gestëmmt[15] a gouf duerno opgeléist, wéi dat sengerzäit nach am Artikel 114 vun der Verfassung virgesi war[16].

Déi nei Chamber déi aus de Wale vum 21. Oktober 1945 ervirgaangen ass, huet 1948 – zesumme mat der Grande-Duchesse – iwwert déi proposéiert Ännerungen vun der Constitutioun debattéiert. Se hu festgestallt, datt de Statut vun der „éiweger Neutralitéit“ wéi en am Artikel 1 vun der Verfassung stoung[17] net méi bäibehale kéint ginn, fir d'Bestoe vum Land am Fall vun engem arméierte Konflikt ze garantéieren. Aner Bestëmmungen déi g'ännert sollte ginn, hunn ë. a. den Indigenat, de Gebrauch vun de Sproochen, de Grand-Duc, d'Walgesetzt an d'Chamber betraff. Eng Rei Artikelen, déi och fir eng Revisioun virgesi waren, blouwen awer onverännert. Net manner wéi 15 Artikele goufe g'ännert, op Basis vun de Revisioune vum 28. Abrëll[18], 6. Mee[19], 15. Mee[20] an 21. Mee[21].

Revisioun vun 1956[änneren | Quelltext änneren]

Revisioun vun 1972[änneren | Quelltext änneren]

Revisioun vun 1974[änneren | Quelltext änneren]

Revisioun vun 1979[änneren | Quelltext änneren]

Revisiounsprojet[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht 2004 an 2009 goufen Ännerungsvirschléi vun der Commission des institutions et de la révision constitutionnelle ausgeschafft an den 21. Abrëll 2009 vum Paul-Henri Meyers, hirem President, virgeluecht ginn[22]. Iwwer si soll d'Chamber ofstëmmen, déi aus de Wale vum 7. Juni 2009 ervirgaangen ass. Dozou ass et awer net komm, an du war et un der Chamber déi aus de Wale vum 20. Oktober 2013 ervirgoung, eng nei Verfassung virzeleeën an driwwer ofzestëmmen. Zu verschiddene Froen huet d'Regierung Bettel-Schneider decidéiert, de 7. Juni 2015 e Referendum ofhalen ze loossen. Am Virfeld war d'Verfassungskommissioun vun der Chamber sech schonn driwwer eens ginn, duerch en neien Artikel 117 d'Artikele 26 an 106 ofzeschafen an z'ersetzen, an deenen et ëm d'Bezéiungen tëscht Reliounen a Staat geet.[23]

D'Constitutioun selwer schreift an hirem Artikel 114 vir, wéi se geännert ka ginn: D'Chamber, déi dat wëlles huet, muss zweemol iwwer de selwechten Text ofstëmmen an engem Intervall vun dräi Méint. Dofir mussen op d'mannst zwee Drëttel fir d'Ännerunge stëmmen.

Par Rapport zum System vu virun 2004, no deem d'Chamber déi eng Constitutiounsännerung wëlles hat fir d'éischt huet missen deklaréiere wat fir Artikele geännert solle ginn, a sech dann huet missen opzeléisen (a sief et och just wa souwisou geschwë Walen ustoungen), an nëmmen déi nei gewielt Chamber iwwer déi vun hirer Virgängerin bestëmmt Artikele mat enger zwee Drëttel Majoritéit fir Ännerunge stëmme konnt, ass deen neie System sou "liicht", datt d'Constitutioun bal op den Niveau vum engem einfache Gesetz gefall ass.

Opbau[änneren | Quelltext änneren]

Déi haiteg Constitutioun besteet aus 126 Artikelen[24], déi an 13 Kapitelen opgedeelt sinn a beschreift, wat d'Land ausmécht, wat de Bierger hir Rechter a Fräiheete sinn, a wéi d'Muecht am Staat verdeelt ass.

Déi eenzel Kapitelen hunn dës Theemen:

Kapitel Artikel lëtzebuergesch offiziell franséisch Bezeechnung
I 1–8 Iwwer den Territoire an de Groussherzog De l’Etat, de son territoire et du Grand-Duc
II 9–31 Iwwer d'Lëtzebuerger an hir Rechter Des libertés publiques et des droits fondamentaux
III 32–49 Iwwer d'souverän Muecht De la Puissance souveraine
IV 50–75 Iwwer d'Chamber vun den Deputéierten De la Chambre des Députés
V 76–83 Iwwer d'Regierung vum Groussherzogtum Du Gouvernement du Grand-Duché
Vbis 83bis Vum Staatsrot Du Conseil d’Etat
VI 84–95ter Iwwer d'Justiz De la Justice
VII 96–98 Iwwer d'ëffentlech Muecht De la Force publique
VIII 99–106 Iwwer d'Finanzen Des Finances
IX 107–108 Iwwer d'Gemengen Des Communes
X 108bis D'ëffentlech Ariichtungen Des Etablissements publics
XI 109–115 Allgemeng Bestëmmungen Dispositions générales
XII 116–121 Iwwergangs- an zousätzlech Bestëmmungen Dispositions transitoires et supplémentaires

Prozedur fir eng Verfassungsrevisioun[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Revisioun vun der Constitutioun gëllt eng méi komplex Prozedur wéi fir d'Modifikatioun vun engem einfache Gesetz. Et geet nämlech drëm, dem Verfassungstext, dee jo vu fundamentaler Bedeitung ass, eng maximal Stabilitéit ze ginn.

Fir all Revisioun vun der Constitutioun sinn zwee separat Votten noutwendeg, tëschent deenen en Zäitraum vun op d'mannst dräi Méint leie muss. Fir béid Votten ass eng Zweedrëttelmajoritéit néideg an de Vote par procuration ass net zougelooss. Den zweete Vott kann duerch e Referendum ersat ginn, wann ee Véierel vun den Deputéierten, also op d'mannst 16 Deputéiert, oder awer 25.000 Wieler dat froen.

Gëtt d'Revisioun vun der Constitutioun net vun de Wieler acceptéiert, da ginn och d'Modifikatiounen net zréckbehalen. D'Constitutioun gëtt an deem Fall also net geännert[25].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Majerus, P., Majerus, M., L'État Luxembourgeois : Manuel de droit constitutionnel et de droit administratif. 5e éd., complétée et mise à jour., 1983, imprimerie centrale, Luxembourg

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Europäisches Justizportal - Recht der Mitgliedstaaten. e-justice.europa.eu. Gekuckt de(n) 2022-01-21.
  2. den haitege Grand-Duché an déi belsch Provënz Lëtzebuerg ware vun 1815 bis 1839 ee Ganzt
  3. (fr)Ordonnance royale grand-ducale du 12 octobre 1841, N° 20, portant Constitution d'Etats pour le Grand-Duché de Luxembourg. - Legilux. legilux.public.lu (12.10.1841). Gekuckt de(n) 21.01.2022.
  4. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 20 mars 1848, N° 12, ordonnant la révision de la Constitution d'États. - Legilux. legilux.public.lu (20.03.1848). Gekuckt de(n) 21.01.2022.
  5. Kuck: Bumb, Christoph, 2011. Verfassungsgeschichte: Das liberal-parlamentarische Experiment von 1848 in Luxemburg. Lëtzebuerger Journal 2011, Nr. 214 (5./6.) November, S. 5. [1]
  6. (fr)Constitution du 9 juillet 1848 du Grand-Duché de Luxembourg. - Legilux. legilux.public.lu (09.07.1848). Gekuckt de(n) 21.01.2022.
  7. (fr)Ordonnance royale grand-ducale du 27 novembre 1856 portant révision de la constitution. - Legilux. legilux.public.lu (27.11.1856). Gekuckt de(n) 22.01.2022.
  8. Ordonnance royale du 2 décembre 1856
  9. (fr)Loi du 17 octobre 1868 portant révision de la Constitution du 27 novembre 1856. - Legilux. legilux.public.lu (17.10.1868). Gekuckt de(n) 22.01.2022.
  10. (fr)Loi du 18 octobre 2016 portant révision de l'article 32, paragraphe 3 de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (18.10.2016). Gekuckt de(n) 22.01.2022.
  11. (fr)Loi du 15 mai 1919 portant révision de l'article 52 de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (15.05.1919). Gekuckt de(n) 22.01.2022.
  12. (fr)Loi du 15 mai 1919 portant révision de l'article 37 de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (15.05.1919). Gekuckt de(n) 22.01.2022.
  13. (fr)Loi du 15 mai 1919 portant révision de l'article 75 de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (15.05.1919). Gekuckt de(n) 22.01.2022.
  14. (fr)Loi du 19 octobre 1919 portant révision de l'article 114 de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (19.10.1919). Gekuckt de(n) 22.01.2022.
  15. (fr)Lois du 14 septembre 1945 portant révision de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (14.09.1945). Gekuckt de(n) 23.01.2022.
  16. « Le pouvoir législatif a le droit de déclarer qu’il y a lieu de procéder à la révision de telle disposition constitutionnelle qu’il désigne. – Après cette déclaration, la Chambre est dissoute de plein droit. »
  17. « Le Grand-Duché de Luxembourg forme un État indépendant, indivisible et inaliénable et perpétuellement neutre »
  18. (fr)Revision de l'article 1er de la Constitution - Legilux. (kuckt och aner Gesetzer mam selwechten Datum). legilux.public.lu (28.04.1948). Gekuckt de(n) 23.01.2022.
  19. (fr)Révision des articles 10,29,34,43,44,53,60,72 et 75 de la Constitution. (Art. 75) - Legilux. (kuckt och aner Gesetzer mam selwechten Datum). legilux.public.lu (10.05.1948). Gekuckt de(n) 23.01.2022.
  20. (fr)Loi du 15 mai 1948 portant révision de l'article 54 de la Constitution. - Legilux. (kuckt och aner Gesetzer mam selwechten Datum). legilux.public.lu (15.05.1948). Gekuckt de(n) 23.01.2022.
  21. (fr)Révision de la Constitution - Art. 11. - Legilux. (kuckt och aner Gesetzer mam selwechten Datum). legilux.public.lu (29.05.1948). Gekuckt de(n) 2022-01-23.
  22. (fr)6030 - Proposition de révision portant instauration d'une nouvelle Constitution. www.chd.lu (21.04.2009). Gekuckt de(n) 21.01.2022.
  23. "Miraculés". In: d'Lëtzebuerger Land, 23. Januar 2015, S.2.
  24. Nummeréiert vun 1 bis 121, woubäi verschidden Artikelen ofgeschaaft goufen an d'Nummer eidel bliwwen ass. Aner Artikelnummeren hunn e Suffix (bis, ter, …) hannendrun.
  25. Quell: Brochure d'information « Révisions de la Constitution », Chambre des Députés, 2022.