Klengen Hantelniwwel
![]() | |
Stärebild | Perseus (Per) |
---|---|
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |
Rektaszensioun | 01h 42m 20s |
Deklinatioun | + 51° 34' 31"[1] |
Ausgesinn | |
Visuell Magnitude | 10,1[2] mag |
Visuell Magnitude (B-Band) | 12,2 mag |
Wénkelduerchmiesser | 2,7 × 1,8[2] |
Physikalesch Donnéeën | |
Distanz (Lj) | 3.400[2] |
Routverrécklung | −64 ∙ 10−6 |
Radialvitess | −19,1[1] |
Geschicht | |
Entdecker | Pierre Méchain |
Entdeckungsdatum | 5. September 1780 |
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |
GC | 385 |
M | 76 |
NGC | 650 |
PK | 130-10.1 |
De klengen Hantelniwwel (oder Messier 76 oder och NGC 650) ass e planetareschen Niwwel am Stärebild Perseus mat enger visueller Magnitude vun +10,10 mag. Den hellste Kärberäich miesst 1,45' × 0,7' Bouminutten. Deen eppes méi schwaache baussenzegen Deel huet knapps déi duebelt Gréisst. Wéinst hirer Form gëtt den Objet klengen Hantelniwwel genannt. Ganz baussenzeg ass en Halo, deen aus deem Gasmaterial besteet, deen de Stär schonns laang virun der Explosioun a senger Phas als Roude Ris ofginn hat. Dësen ass ronn 4,8 Bouminutte grouss. Dëse Wäert entsprécht an der Distanz vum Niwwel eng absolut Gréisst vun ongeféier 21 Liichtjoer.
Den Zentralstär erschéngt als Duebelstäresystem. Opgrond vuFotoen mam Hubble-Weltraumteleskop konnt awer gewise ginn, datt sech déi südlech Komponent tatsächlech ongeféier 20.000 Liichtjoer hannert dem Niwwel befënnt. Dës béid Stäre bilden also e sougenannt optescht Duebelstäresystem. Hir Distanz läit bei 1,4 Bousekonnen.
Laang Zäit huet dësen Objet als duebele Niwwel gegollt, wat dozou gefouert huet, datt et och zwou NGC-Nummere krut. Um Enn vum 19. Joerhonnert ass et mat Hëllef vu spektroskopeschen Analysen de Nowäis gelongen, datt et sech ëm e planetareschen Niwwel handelt.
Inhaltsverzeechnes
Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]
De planetaresche Niwwel NGC 650 gouf de 5. September 1780 vum franséischen Astronom Pierre Méchain entdeckt.
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Messier 76 – Biller, Videoen oder Audiodateien |