René Van Den Bulcke

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) René Van den Bulcke)
René Van Den Bulcke
(1957)
Gebuer 15. November 1913
Gestuerwen 4. Januar 1987
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei LSAP

De René Van Den Bulcke, gebuer de 15. November 1913 zu Bouneweg a gestuerwen de 4. Januar 1987, war e lëtzebuergesche Politiker.[1]

Hie kënnt aus enger Bauerefamill. No senger Première gouf e Beamten an der Postverwaltung.

1949 ass hie Member vun der LSAP ginn. Hie war och aktiv am Scoutissem an am Sportwiesen. Sou war hie President vun der Union Luxembourg, Commissaire aux sports tëscht 1958 an 1968, President vum Conseil supérieur de l'éducation physique vun 1959 bis 1969, President vun der FLF tëscht 1969 an 1981 a Vizepresident vum COSL.

Hien huet 1957 fir d'éischt bei de Gemengewale kandidéiert, gouf awer eréischt déi Kéier drop, 1963 an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt, a war do bis 1969 Schäffen an der Ekipp vum Paul Wilwertz. Duerno war e bis 1977 Gemengeconseiller.

Bei de Chamberwale vum 15. Dezember 1968 gouf de René Van Den Bulcke an d'Chamber gewielt, an 1974 an 1979 erëmgewielt. Vun 1975 bis 1979 war hie Chamberpresident. An der Period 1971 – 1972 war hie President vum Benelux-Parlament.

Hie war den Neveu vum Franz Neu.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell vun dësem Artikel: lsap.lu.