Belair (Stad Lëtzebuerg)
Belair ass e Quartier am Weste vun der Stad Lëtzebuerg.
2010 hunn do 9.683 Leit gelieft.[1]
De Quartier krut 1956 säin haitegen Numm. Virdrun huet en offiziell Neumerl geheescht.
Inhaltsverzeechnes |
Den Numm [änneren]
Den Numm Belair oder Bel Air, gëtt associéiert mat Staddeeler déi Liicht, Loft an Uerdnung verspriechen.[1]
Wou den Numm Belair fir de Stater Quartier hierkënnt ass net sécher gewosst. Den Architekt Mathias Martin hat 1923 säin Haus an der haiteger Avenue Gaston-Diderich "Maison Bel Air" genannt, an och d'Strooss huet ursprénglech esou geheescht (Rue Bel-Air).[2] Et ass méiglech, datt den Numm vun dësem Haus 1957 och dem ganze Quartier säin Numm ginn huet.
Geographie [änneren]
De Quartier Belair ass 171,8 Hektar grouss.[1]
D'Grenze vum Quartier sinn:[1]
- am Osten de Boulevard Grande-Duchesse-Charlotte, vun der Stäreplaz (place de l'Étoile) bis op den Ufank vun der Escher Strooss (route d'Esch);
- am Süden an am Westen d'Avenue Guillaume an d'Avenue du X-Septembre bis op d'Place de France; vun do aus d'Rue Wurth-Paquet an d'Rue O'Bradley bis an d'Rue des Aubépines; vun der Kräizung Rue des Aubépines - Rue Val-Ste-Croix (Kräizgrënnchen) bis op d'Arelerstroos mécht d'Grenz mat der Gemeng Stroossen d'Grenz vum Quartier Belair (also net den nërdleche Rescht vun der Rue des Aubépines;
- am Norden d'Arelerstrooss bis erof op d'Stäreplaz.
Ausser an der Rue des Aubépines gehéieren all Kéier béid Stroossesäiten zum Quartier Belair.
Geschicht [änneren]
Bis an d'Mëtt vum 20. Joerhonnert gouf de Quartier ënner dem Numm Neimärel gefouert. 1956 gouf e vum deemolege Gemengerot a Belair ëmgenannt.[1] Entwécklung vun der Awunnerzuel[1]:
1887: 87
1900: 243
1934: 3200
1970: 8.851
1991: 7.687
2010: 9.683
Bekannte Leit vum Belair [änneren]
- Guillaume Kroll (1889-1973)[3]
- Léopold Reichling (1921-2009)
- Alain Meyer (*1949)[4]
- Renée Wagener (*1962)[5]
Literatur [änneren]
- ons stad Nr. 98, 2011
- Philippart, R.. Schickes Wohnviertel auf ehemaliger Industriebrache. S. 6-31.
- Kugener, H.. Mit dem Aeskulap-Stab unterwegs durch Belair. S. 22-27.
- Braun, J.. Besuch beim Boss um Belair. S. 29.
- Huberty, Fernand. D'Liewen am Kräizgrënnchen an de fofzeger Joeren. S. 30-35.
- Ney, M.. Le Val Sainte-Croix et ses Arquebusiers. S. 36-40.
- Haag. E.. Guillaume Kroll (1889-1973) et la Villa Leclerc. Un grand scientifique méconnu au Luxembourg.. S.41.
- Kugener, H.: Zur Geschichte der Villa Leclerc. S. 42-43.
- Meyer, A.. Souvenirs d'une jeunesse heureuse à Belair.. S. 44-47.
- Bange, E.. Diebe, Brandstifter und Kindsmörderinnen. Die Galgen der Stadt Luxemburg.. S. 48-51.
- Wagener, R.. Batman & Winnetou. Eng Belairer Säitestrooss an de Siechzegerjoren.. S. 52-54.
- Lascombes, Fr., 1985. À 50 ans la paroisse de Bel-Air se souvient. 50 Jor Por Belair. Lëtzebuerg.
- Schneiders, A., 2007. Stadtentwicklungsplanung Luxemburg, Stadtteilrahmenplan Belair. Ville de Luxembourg, CMT.
Kuckt och [änneren]
- Kierch Lëtzebuerg-Belair
- Christ Roi-Kapell zu Belair
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Belair (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Beggen | Belair | Bouneweg-Nord/Verluerekascht | Bouneweg-Süd | Clausen | Dummeldeng | Eech | Gare | Gaasperech | Gronn | Hamm | Hollerech | Kierchbierg | Lampertsbierg | Märel | Millebaach | Neiduerf/Weimeschhaff | Pafendall | Polvermillen | Rollengergronn/Belair-Nord | Uewerstad | Weimeschkierch | Zéisseng | Zens
Referenzen an Notten [änneren]
- ↑ 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 R. Philippart, ons stad 98 (2011), S. 6-21.
- ↑ 1947 gouf d'Strooss an Avenue Gaston-Diderich ëmgenannt, nom fréiere Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg. Cf. R. Philippart, ons stad 98, 2011, S. 7.
- ↑ Cf. É. Haag, ons stad Nr. 98, 2011, S. 41, an och H. Kugener, S. 42-43 ibidem.
- ↑ Cf. A. Meyer, ons stad Nr. 98, 2011, S. 44-47.
- ↑ Cf. R. Wagener, ons stad Nr. 98, 2011, S. 52-54.