3. November
Ausgesinn
<< | November | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | ||||
4 | 5 | 6 | 7 | 8 | 9 | 10 |
11 | 12 | 13 | 14 | 15 | 16 | 17 |
18 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 |
25 | 26 | 27 | 28 | 29 | 30 | |
2024 |
Den 3. November ass den 307. Dag vum Joer (308. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 1793: Frankräich: Schluecht vu Fougères.
- 1903: Panama gëtt vu Kolumbien onofhängeg.
- 1918: D'Donaumonarchie gëtt opgeléist.
- 1935: De griichesche Kinnek Georgios II. kënnt op de griicheschen Troun a léist d'Republik of.
- 1957: Mam Mupp Laika gëtt, an der Sputnik 2, dat éischt Liewewiesen op Orbit bruecht.
- 1964: De Lyndon B. Johnson gewënnt d'amerikanesch Presidentschaftswalen.
- 1970: De Salvador Allende gëtt als President vum Chile vereedegt.
- 1992: Den Demokrat Bill Clinton gewënnt d'Presidentschaftswalen an den USA géint den deemolege President George H. W. Bush an den onofhängege Kandidat Ross Perot.
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]-
André Malraux
-
Marika Rökk
-
Charles Bronson
-
Monica Vitti
-
F. K. Waechter
- 1631: Henri de Lambert, franséische Militär, Gouverneur vu Lëtzebuerg.
- 1861: Johann Peter Kirsch, lëtzebuergesch-italieenesche Kierchenhistoriker an Archeolog.
- 1861: Joseph Wurth, lëtzebuergeschen Affekot.
- 1882: Frantz Clément, lëtzebuergesche Journalist a Schrëftsteller.
- 1885: Ernest Schneider, lëtzebuergeschen Zänndokter, Fräimaurer an Hobbyarcheolog.
- 1895: Pierre Richard-Willm, franséische Schauspiller.
- 1900: Henri Pensis, lëtzebuergeschen Orchesterchef.
- 1901: Leopold III., Kinnek vun de Belsch.
- 1901: André Malraux, franséische Schrëftsteller.
- 1912: Alfredo Stroessner, Staatspresident vu Paraguay.
- 1913: Marika Rökk, däitsch-ungaresch Dänzerin a Schauspillerin.
- 1918: Claude Barma, franséischen Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 1921: Charles Bronson, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1926: Valdas Adamkus, litaueschen Ingenieur a Staatspresident.
- 1930: Tsutomu Seki, japaneschen Hobby-Astronom.
- 1931: Monica Vitti, italieenesch Schauspillerin.
- 1933: John Barry, brittesche Filmkomponist.
- 1937: F. K. Waechter, däitsche Schrëftsteller a Graphiker.
- 1939: Armand Bruck, lëtzebuergeschen Offizéier.
- 1944: John Castegnaro, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 1944: Eva Renzi, däitsch Schauspillerin.
- 1945: Gerd Müller, däitsche Foussballspiller.
- 1956: Emilio Garcia, spuenesche Boxer.
- 1962: Antti Rinne, finnesche Politiker a Gewerkschaftler.
- 1969: Robert Miles, Schwäizer Museker.
- 1969: Petteri Orpo, finnesche Politiker.
- 1974: Ralf Schmitz, däitsche Komiker.
- 1975: Alexander De Croo, belsche Politiker.
- 1982: Max Steffen, lëtzebuergesche Moler an Industriedesigner.
- 1988: Diane Faber, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 1990: Sascha Marzadori, lëtzebuergesch Handballspiller.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 1584: Carlo Borromeo, italieenesche Kardinol.
- 1643: Paul Guldin, Schwäizer Astronom a Professer fir Mathematik.
- 1793: Louis Marie de Lescure, franséische Generol.
- 1794: François-Joachim de Pierre de Bernis, franséische Kardinol, Auteur an Diplomat.
- 1912: John Grün, lëtzebuergesche Kraaftmënsch.
- 1914: Georg Trakl, éisträichesche Dichter.
- 1921: Louis Kuschmann, lëtzebuergesche Moler.
- 1924: Alexis Brasseur, lëtzebuergeschen Industriellen, Affekot a Komponist.
- 1949: Solomon Guggenheim, US-amerikaneschen Industriellen a Mäzen.
- 1950: Eugène Ruppert, lëtzebuergeschen Ingenieur.
- 1950: Chrétien Angelsberg, lëtzebuergesche Bauer a Politiker.
- 1954: Henri Matisse, franséische Moler.
- 1957: Wilhelm Reich, éisträichesch-amerikanesche Psychoanalytiker.
- 1960: Harold Spencer Jones, britteschen Astronom.
- 1973: Marc Allégret, Filmregisseur.
- 1996: Jean-Bédel Bokassa, President a Keeser vun der Zentralafrikanescher Republik.
- 1997: François Gillen, lëtzebuergesche Moler, Zeechner a Sculpteur.
- 2002: Ulrika Babiaková, slowakesch Astronomin.
- 2005: Aenna Burda, däitsch Editrice.
- 2006: Nicolas Leyder, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 2010: Wiktor Stepanowitsch Tschernomyrdin, russesche Politiker.
- 2015: Roger Michel Erasmy, lëtzebuergeschen Auteur.
- 2018: Sondra Locke, US-amerikanesch Schauspillerin a Regisseurin.
- 2020: Claude Giraud, franséische Schauspiller a Synchronspriecher.
- 2024: Quincy Jones, US-amerikaneschen Jazzmuseker, Komponist a Produzent.
Feierdeeg
[änneren | Quelltext änneren]- Nationalfeierdag op Dominica an a Panama.
- Haupeschdag: hellegen Hubert, Patréiner vun de Jeeër.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 3. November – Biller, Videoen oder Audiodateien |