Stater Tram

Vu Wikipedia
Zwou Urbos-3-Ramme vum Stater Tram.

De Stater Tram ass am Ament eng Tramslinn, déi vun der Firma LuxTram S.A. bedriwwe gëtt an där hiert éischt Deelstéck den 10. Dezember 2017 opgoung. Si markéiert en neit Kapitel vum Tram an der Stad, nodeems et schonn tëscht 1875 an 1964 ee gouf, deem um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg a verschiddenen Nopeschgemenge gefuer ass.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Fréiere Stater Tram.

D'Streck besteet einstweilen aus enger eenzeger Linn, der T1, a féiert virleefeg op enger Längt vun 8,6 Kilometer vun der Luxexpo iwwer de Kierchbierg, de Glacis, den Hamilius an d'Stater Gare bis bei de Lycée Bouneweg. Den Trajet huet 17 Halten, déi an der Moyenne 500 Meter auserneeleien. Eng Faart dauert 27 Minutten. Ufank 2025 soll déi definitiv Streck tëscht dem Fluchhafe Findel an dem Stadion vu Lëtzebuerg fäerdeg sinn. Deen Ament huet d'Linn da 24 Statiounen op ronn 16 Kilometer.

Wéi se opgoung, goung d'Linn vum T1 vun der Luxexpo nëmme bis bei de Funiculaire bei der Rouder Bréck. De 27. Juli 2018 gouf se bis op d'Stäreplaz verlängert, an den 13. Dezember 2020 viru bis op d'Stater Gare. Den 11. September 2022 gouf e weidert Deelstéck bis bei de Bouneweger Lycée offiziell opgemaach.[1]

An der 2. Hallschecht vun den 2020er Joere soll dermat ugefaange ginn, nei Strecken ze bauen, sou dass ee mëttelfristeg nees vun engem Tramsreseau schwätze kann.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Chronologie[änneren | Quelltext änneren]

  • 7. Mäerz 1991: Grënnung vun der TRAM A.s.b.l.[2]. D'Iddi vum Retour vum Tram kënnt eng éischt Kéier op.
  • 1994: Verëffentlechung vun der Luxtraffic Etüd,
  • 1995 Presentatioun vum Projet BTB (Bus-Tram-Bunn), mat enger “Tram-Bunn” (tram-train).
  • 1999: Wéinst ze vill staarker Oppositioun gëtt de BTB begruewen.
  • 2002: Presentatioun vum Projet mobiliteit.lu, als Evolutioun vum BTB.
  • 2003: De Projet gëtt am Detail presentéiert.
  • 2005: D'Iddi vum “Tram-Zuch” gëtt definitiv opginn.
  • 2006: D'Iddi vun engem klasseschen Tram kënnt op a gëtt vum Staat an der Stad Lëtzebuerg ugeholl.
  • 20. Juni 2007: Grënnung vum GIE LuxTram (Groupement d'intérêt économique)[3].
  • 2007 an 2008: D'Streck gëtt festgeluecht (Gare - Luxexpo).
  • 2010: wéinst der Finanzkris gëtt de Projet op Äis geluecht.
  • Mäerz 2012: D'Géigner vum Tram fuerderen e Referendum.
  • Januar 2014: Op en Neits fuerderen d'Géigner e Referendum.
  • Abrëll 2014: Ukënnegung vun der Extensioun vun der Linn (op d'Cloche d'or an op de Fluchhafen).
  • Mee 2014: Eng drëtt a lescht Fuerderung fir e Referendum gëtt vun der Chamber verworf.
  • 4. Juni 2014: D'Chamber stëmmt fir en Tram ze realiséieren[4].
  • 17. Oktober 2014: Den Numm vum GIE LuxTram gëtt a GIE Tramway Luxembourg[5] geännert.
  • 21. Oktober 2014: LuxTram gëtt als Société anonyme gegrënnt[6].
  • 15. Januar 2015: GIE Tramway Luxembourg gëtt vu LuxTram S.A. iwwerholl[7].
  • 2015 Januar: D'Viraarbechte vum neien Tramsschapp fänken un.
  • 18. September 2015: De Grondstee vum neien Tramsschapp gëtt geluecht.
  • Februar 2016: D'Viraarbechte vun der Linn fänken un.
  • Juli 2016: Déi éischt Schinne gi geluecht.
  • 24. August 2016: Déi éischt Schinne ginn zesummegeschweesst.
  • 8. Februar 2017: Den éischten Tram gëtt geliwwert.
  • 12. Juli 2017: Déi éischt Tester gi lass.
  • 23. / 24. September 2017: Den Tram an den Neien Tramsschapp ginn dem Publikum op enger „Porte ouverte“ virgestallt.
  • 2. November 2017: Testfaarten am normale Verkéier, awer ouni Passagéier.
  • 10. Dezember 2017: Den éischten Deel vun der Streck (Luxexpo-Rout Bréck) geet op.
  • 14. Dezember 2017: D'Chamber stëmmt fir den Ausbau vun der Linn op d'Cloche d'or an de Fluchhafen.
  • 21. Mee 2018: Éischt Testfaarten um Deelstéck Rout Bréck-Stäreplaz[8].
  • 27. Juli 2018: Verlängerung vun der Linn bis op d'Stäreplaz[9].
  • 29. Oktober 2018: Ufank vun den Aarbechten un der 3. Phas (Stäreplaz - Gare).
  • 5. Oktober 2020: Éischt Testfaarten op der Verlängerung vun der Linn bis op d'Gare.
  • 13. Dezember 2020: Ouverture vun der Verlängerung bis op d'Gare.
  • 11. Juli 2022: Éischt Testfaarten op der Verlängerung vun der Linn bis bei de Lycée Bouneweg[10].
  • 11. September 2022: Verlängerung bis op Bouneweg[10].
  • 1. Februar 2024: D'Chamber stëmmt fir den Ausbau vum Tramsreseau op den Deelstécker Rout Bréck – Laangfur a Stater Gare – Hollerech[11].
  • Enn Mee 2024 (geplangt): Testfaarten op der Streck Bouneweg-Stadion.
  • 7. Juli 2024 (geplangt): Verlängerung vun der Linn bis bei de Stadion[12].
  • Januar 2025 (geplangt): Verlängerung bis op de Fluchhafen[13].

Den ale Reseau[änneren | Quelltext änneren]

  Haaptartikel zu dësem Theema: Fréiere Stater Tram 

Eng Motrice vum Alen Tram, déi am Tramsmusée ausgestallt ass.

An der Stad Lëtzebuerg gouf et vun 1875 un en éischten Tramsreseau[14]. Am Ufank waren et Trammen déi vu Päerd gezu goufen (Päerdstram) a vun 1908 u gouf de Reseau elektrifizéiert. 1930 hat de Reseau 30 Kilometer. 1926 sinn déi éischt Bussen agesat ginn a lues a lues ass dunn den Tramsreseau zu Gonschte vun de Bussen ofgerappt ginn. De leschten Tram ass de 5. September 1964 gefuer.

Mëssgléckte Projet vun enger "Tram-Bunn"...[änneren | Quelltext änneren]

D'Saarbahn zu Saarbrécken; eng Maquette dervu war 1995 zu Lëtzebuerg ausgestallt ginn.

Zanter 1990 gouf et an der Stad Lëtzebuerg Bestriewungen, nees en Tram anzeféieren. Am Mäerz 1991 ass d'TRAM A.s.b.l. gegrënnt ginn, mam Zil fir z'ënnersichen ob dëst méiglech an ubruecht wier. Am Dezember 1991 ass d'TRAM A.s.b.l. den Tramsreseau op Düsseldorf besiche gaangen[15]; an den zwee Joerzéngten duerno, stoungen nach aner Visitte vun Tramsreseauen uechter Europa um Programm. Zesumme mam Mouvement écologique a mam Oekofonds huet d'TRAM A.s.b.l. am Joer 1992 d'Etüd "E modernen Tram fir Lëtzebuerg" virgestallt[15]. Virun de Gemengewale gouf eng Table-ronde mat de politesche Parteien organiséiert[15].

Am Joer 1994 sollt dunn - duerch eng Initiativ vum Transportministère zesumme mat der Stad Lëtzebuerg - mat der Luxtraffic Etüd erausfonnt ginn, wat fir e Verkéiersmëttel am beschte gëeegent wier fir den ëffentleche Verkéier am Land ze verbesseren. Als Konklusioun aus der Etüd ass de Projet BTB (Bus-Tram-Bunn) ervirgaangen[16].

1995 ass dunn de Projet BTB vun der Regierung un d'Rulle bruecht ginn, mat deem et haaptsächlech drëm goung fir eng sougenannt "Tram-Bunn" an d'Liewen ze ruffen. Eng Maquette vu sou enger Bunn wéi se zu Saarbrécken fiert (Saarbahn) gouf am September an der Stad ausgestallt[15]. Déi éischt Kriticke géint en Tram koumen am Joer 1998 op, absënns duerch d'Aktioun vum Automobile-Club am Auto-Moto-Magazine (¿¿¿)[17]. Doropshin hu sech eng Rëtsch Politiker[Wien?] schwéier gedoe fir sech fir den Tram anzesetzen, wat mat sech bruecht huet, datt de Projet BTB schlussendlech gestuerwen ass[15]. De Budget fir de BTB gouf sengerzäit op 760 Milliounen Euro geschat[18].

Am Januar 2002 huet den Transportminister Henri Grethen en neie Projet „mobilitéit.lu“ presentéiert. Dëse Projet huet dat wesentlecht aus dem BTB iwwerholl, goung awer méi wäit, andeem och eng nei Verbindung vun der Stad bis op Esch-Uelzecht proposéiert gouf. Et goung awer net am Detail riets vum schwieregen Tracé duerch d'Stad[15]. E Joer méi spéit, de 14. Januar 2003, huet de Minister dunn den Uschloss vum Kierchbierg un den Eisebunnsreseau virgestallt[19]. Zwou Verbindunge ware virgesinn:

  • eng éischt sollt op der Héicht vun der Rouder Bréck vun der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen aus iwwer e gekréngelten Tracé op de Kierchbierg an da weider iwwer d'Avenue John F. Kennedy bis bei d'Luxexpo féieren. Dësen Deel sollt am Tram-Bunn-Modus gefuer ginn.
  • eng zweet sollt vun der Streck Lëtzebuerg-Waasserbëlleg aus duerch en Tunnel bis op de Findel an duerno iwwerierdesch weider bis op de Fluchhafe féieren. Dësen Deel vun der Streck hätt solle mat Tram-Bunnen a klasseschen Zich gefuer ginn.

Dëse Projet mat enger Längt vu 14 km, gouf op 389,68 Milliounen Euro geschat. Als Optioun war och nach eng Verlängerung bis op de Lampertsbierg virgesinn. De Projet de loi gouf de 14. Januar 2003 virgestallt[19] an d'Gesetz den 18. Dezember 2003 vun der Chamber gestëmmt[20]. D'Aarbechte sollten an e puer Phase gemaach ginn. Den éischten Deel (Dummeldeng - Kierchbierg) hätt sollen Enn 2006 / uganks 2007 fäerdeg sinn an duerno hätt den zweeten Deel (Iergäertchen - Findel) ufänke kënnen. Dësen Deel wier dann 2012 / 2013 fäerdeg gewiescht.

2004 gouf et du vun der A.s.b.l. RER Luxembourg eng nei Initiativ géint d'Konzept vun der Tram-Bunn[21], déi dofir agetrueden ass den ëffentlechen Transport deelweis bis ronn 60 Meter ënnert dem Buedem duerch d'Stad ze féieren. Dëse Projet ass méi spéit och ënner dem Numm „City-Tunnel“ vun der ADR opgegraff ginn[22]. Zesumme confirméieren awer de Staat an d'Stad Lëtzebuerg am Joer 2005, datt si weiderhin hannert dem Projet Tram-Bunn stinn.

De Projet ass awer definitiv den 10. November 2005 gestuerwen, wéi d'CFL erklären, datt si net capabel sinn en Tram-Bunn-Reseau ze bedreiwen[15].

... zu Gonschte vun engem klasseschen Tram[änneren | Quelltext änneren]

Den Tram ersetzt verschidde Buslinnen, dorënner déi vill benotzt Linn 16.

D'Iddi fir en Tram ze baue fir domat d'Stad z'entlaaschten, ass am Juni 2005 opkomm an et gouf en Aarbechtsgrupp « Extension du réseau ferré dans la Ville de Luxembourg » gegrënnt. Den neie Projet gouf den 10. Mäerz 2006 am Regierungsrot an de 27. Mäerz am Stater Gemengerot presentéiert[23]. D'Regierung grad ewéi d'Stad Lëtzebuerg stoungen allebéid hannert deem neie Projet an e gouf am Abrëll vun der Chamber validéiert[24]. Domat konnt de Projet du konkreet ulafen[23]. Déi ursprénglech Iddi vun der Tram-Bunn gëtt deemno opginn zu Gonschte vun der Realiséierung vun engem klasseschen Tram, kombinéiert mat enger Verbesserung vum Schinnennetz[15][24].

Den Tracé vum Tram gouf 2007 definéiert. De Prinzip vun enger Verbindung vum Kierchbierg iwwer d'Avenue Kennedy gouf bäibehalen, et gouf awer eng Verlängerung duerch d'Uewerstad bis op d'Gare virgeschloen. D'Oppositioun aus dem Camp vun de Aktivisten déi fir den Tunnel agetruede sinn, war hefteg. Si sinn esou wäit gaange fir den Tram als eng „folkloristesch Variante vum Bus“[25] ze qualifizéieren a fir d'Kritiker vum Tunnelprojet ze diskreditéieren. D'Regierung war gezwongen ze reagéieren an huet widderholl, datt si géint de „Bus-Bunn-Projet“ wier.

Den 21. Juni 2007 gouf de GIE LuxTram gegrënnt, dee Pläng ausschaffe sollt, fir en Tram duerch d'Stad fueren ze loossen. De GIE besteet zu gläichen Deeler aus Vertrieder vum Staat an der Stad Lëtzebuerg. Den „Avant-projet sommaire“ gesouch eng Tramslinn vir, déi vun der Gare Houwald iwwer d'Gare Zéisseng - d'Gare Centrale an d'Uewerstad op de Kierchbierg bis bei d'Luxexpo féiere sollt. Se sollt kombinéiert gi mat enger Eisebunnsverbindung vun der CFL-Linn 3 iwwer de Fluchhafe Findel mat enger Endstatioun bei der Luxexpo[24].

Am Mee 2008 gouf eng Maquette vun engem Tram (vun der Linn 1 vum Tram vun Nice) an der Stad ausgestallt fir der Bevëlkerung esou de Projet vum Tram virzestellen[26]. Den Tracé tëscht der Stater Gare an der Uewerstad gouf 2008 festgehalen, nodeems et dräi Variante goufen: eng iwwer d'Nei Avenue (déi och duerno zeréckbehale gouf), eng aner iwwer d'Al Avenue an eng drëtt iwwer déi zwou Avenuen, awer allkéiers nëmmen an enger Richtung[27].

Wéi am Joer 2010 Lëtzebuerg d'Finanzkris ze spiere krut, war d'Regierung verflicht, eng Rëtsch Spuermoossnamen z'ergräifen a verschidde Projeten hu missen op Äis geluecht ginn. Dorënner och de Projet vum Tram. De Premier Jean-Claude Juncker huet a senger Ried zur Lag vun der Natioun de 4. Mee 2010 ugekënnegt, datt den Tram net virun 2014 kéint realiséiert ginn[15],[28]. Ursprénglech war virgesinn, datt d'Aarbechten uganks 2011 sollten ufänken, soudatt d'Linn 2014 hätt kënnen opgoen[29]. Am August goufen am Zentrum vun der Stad geotechnesche Buerunge fir de Bau vum Tracé gemaach, fir déi genee Positioun vun de Statioune kënne festzeleeën[30].

Oppositioun an alternativ Projeten[änneren | Quelltext änneren]

Am Mäerz 2012 hu verschidde Volleksvertrieder vum ADR a besonnesch den Deputéierte Jacques-Yves Henckes - déi vu vir era géint den Tram an éischter fir de „City-Tunnel“ agetruede sinn - verlaangt, datt e Referendum sollt organiséiert ginn, mat deem d'Bevëlkerung sech fir déi eng oder aner Iddi kéint ausschwätzen[31],[32]. Déi aner Parteien hunn de Virschlag vum ADR kritiséiert, mat der Begrënnung, datt en nationale Referendum iwwer e lokale Sujet géint d'Gesetz verstousse géif. D'Iddi vum Referendum ass am Mee vun der Regierung verworf ginn, well de „City-Tunnel“ nëmme schwéier realiséierbar wier, souwuel a Bezuch op d'Käschten, wéi och op déi technesche Machbarkeet[33].

Am Juni huet den deemolege Minister fir nohalteg Entwécklung, Claude Wiseler, confirméiert, datt den Tram en Deel vun der Regierung hirem Plang fir eng nohalteg Mobilitéit wier an datt de Schantje fir den Tram ze bauen 2014 ufänke géif. Déi geschate Käschte fir déi éischt Phas géife bei 320 Milliounen Euro leien. Et gouf awer och nach preziséiert, datt de Schantje fir déi éischt Phas eréischt kéint ufänken nodeems eng Ëmwelt-Impaktstudie gemaach gi wier[34]. D'Géigner vum Projet hunn en ze deier an net néideg fonnt[35]. De Projet géif et erlaben déi 270 Bussen déi pro Stonn iwwer d'Nei Avenue fueren do erauszehalen. Haaptsächlech déi regional Buslinne solle ronderëm der Stad op Statiounen nieft der Tramslinn gekappt gi wou een dann ëmklamme kann[36]. Am September 2013 huet de Regierungsrot gréng Luucht gi fir datt de Staat sech finanziell um Bau vun der Tramslinn bedeelege kann[37].

De Projet stoung am Januar 2014 erëm am Vierdergrond. De Staatsrot war nämlech der Opfaassung - entgéint der Meenung vun der Regierung zwee Joer virdrun - datt den Tram tëscht dem Kierchbierg an der Gare d'Problematik déi duerch de staarke Voyageursverkéier entsteet, net léise kann[38]. Fir effikass ze sinn, misst den Tram capabel si fir och op der Schinneninfrastruktur vum Zuch ze fueren. De François Bausch - Nofollger vum Claude Wiseler - huet dem Conseil d'état erkläert, datt dëse Projet eleng d'Verkéiersproblemer net léise kéint, ma datt een en als Deel vun engem ganze Pak vu Léisunge betruechte misst, deen d'Regierung am Kader vun engem nohaltege Mobilitéitsplang (MoDu) virgesäit[39]. Den ADR huet nach eng Kéier e Referendum gefuerdert[40].

Am Mäerz 2014 gouf d'Nei Bréck fir de Verkéier zou gemaach well se - fir datt den Tram driwwer fuere kann - komplett restauréiert a méi breet gemaach muss ginn. De Schantjen huet dräi Joer gedauert. Wärend där Zäit gouf niewendrun eng provisoresch Bréck gebaut déi - wéinst hirer Faarf - am Volleksnumm d'„Blo Bréck“ genannt gouf[41]. D'Nei Bréck ass am Mäerz 2017 erëm opgaangen[42].

Am Abrëll 2014 haten de François Bausch an d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer informéiert, datt den Tram um Tracé duerch d'Stad ouni Catenaire fuere géif. Dëst war drop zeréckzeféieren, well d'Géigner vum Tram sech ëmmer drop behaapt hunn, datt d'Catenairen d'Vue vun der Stad verschampeléiere géifen. Den Ufank vun den Aarbechte gouf fir 2015 ugekënnegt[43]. Si hunn och matgedeelt, datt d'Linn am Endausbau bis op den Houwald an op de Fluchhafe Findel verlängert géif ginn. Dës zwou Verlängerunge géifen deemno zousätzlech zum urspréngleche Projet (Kierchbierg-Gare) gebaut ginn[44]. Dës Ukënnegung huet d'Buergermeeschtere vun Hesper, Nidderaanwen a Sandweiler op de Plang bruecht, déi gemengt hunn, se wiere vum Nohaltegkeetsminister beduckst ginn[45]. De Projet fir eng Verbindung vun der Eisebunnslinn vun Dummeldeng op de Kierchbierg ze baue schéngt definitiv net méi aktuell ze sinn.

Tëscht November an Dezember 2013 hat LuxTram eng Meenungsëmfro organiséiert an där hir Resultater goufen am Mee 2014 virgestallt. Dobäi koum eraus, datt nëmmen 23 % vun de Befrote géint de Projet waren, 7 % waren nach onentschloss[46]. Dës Resultater hu gewëssermoossen iwwerrascht, well grad an där Zäit eng ëffentlech Petitioun um Internet am Gaang war, déi e Referendum géint den Tram gefuerdert huet. Well d'Petitioun déi néideg 4500 Ënnerschrëften zesumme kritt hat, huet de Sujet missen an der Chamber diskutéiert ginn[47]. No der Debatt tëscht den Deputéierten an de Petitionären ass de Referendum majoritär vun den Deputéierte refuséiert ginn, aus Angscht datt d'Organiséiere vun engem Referendum de Projet nach weider verspéide géif. Den Deputéierte Claude Adam huet dobäi bemierkt, datt bei de Parlamentswalen 2013 90 % vun de Wieler fir eng Partei gestëmmt haten, déi fir den Tram war[48]. De 4. Juni 2014 huet d'Chamber mat 56 vu 60 Stëmmen de Gesetzprojet 6626 gestëmmt, mat deem 230 Milliounen Euro bewëllegt goufen, fir en Tram vun der Luxexpo op d'Stater Gare ze bauen[49]. Dobäi kommen eng 124 Millioune vun der Stad Lëtzebuerg, soudatt d'Gesamtkäschten (inklusiv den Ënnerhalt fir 4 Joer) bei 354 Milliounen Euro leie géifen.

En alternative Projet fir de Bau vun enger Seelbunn déi tëscht der Stater Gare an dem Kierchbierg fuere kéint, an deen och vun der Handwierkerkummer ënnerstëtzt gouf, ass awer vum Minister François Bausch ofgeleent ginn, well hien en als onrealistesch ugesinn huet[50]. D'Gesetz iwwer de Bau vun der Tramslinn tëscht der Stater Gare an der Luxexpo um Kierchbierg ass de 24. Juli 2014 ënnerschriwwen[49] an de 6. August publizéiert ginn[4].

Den 21. Oktober 2014 hunn de Minister fir Nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen, François Bausch, fir de Lëtzebuerger Staat, souwéi d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer an déi Éischt Schäffin Sam Tanson fir d'Stad Lëtzebuerg den Akt ënnerschriwwen, fir aus dem Groupement d'intérêt économique (GIE) eng Aktiegesellschaft ze maachen[5][6][51].

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: LuxTram.

De Choix fir aus dem GIE eng privat a keng ëffentlech Gesellschaft ze maachen ass - den Autoritéiten no - drop zeréckzeféieren datt et mat enger ëffentlecher Gesellschaft méi deier a méi komplizéiert gi wier, absënns wat d'Prozedure vun den ëffentlechen Aarbechten ugaange wier. Dës Entscheedung gouf besonnesch vum Landesverband, der gréisster Gewerkschaft vun den Eisebunner bedauert[52].

D'Linn T1: Déi éischt Linn vum Neien Tram[änneren | Quelltext änneren]

  Haaptartikel zu dësem Theema: Luxtram-Linn T1 

Streck vun der T1

Déi éischt Linn, déi gebaut gouf, T1 genannt, fiert zanter September 2022 provisoresch op der Streck vun der Luxexpo bis bei de Bouneweger Lycée. Wa se Enn 2024 bis fäerdeg gebaut ass, féiert d'Streck vum Fluchhafe bis op d'Cloche d'or.

De Bau vun der Streck huet den 18. September 2015 ugefaangen. Dat éischt Deelstéck vun der Streck, vun der Luxexpo bis bei d'Rout Bréck, ass den 10. Dezember 2017 opgaangen. Duerno goufen et Verlängerunge bis op d'Stäreplaz (27. Juli 2018), op d'Gare (13. Dezember 2020) a bis op Bouneweg (11. September 2022).

Lescht Deelstécker[änneren | Quelltext änneren]

D'Aarbechte fir d'Verlängerung vun der Streck vu Bouneweg bis bei de Stadion op d'Cloche d'or (Tronçon D) sinn am September 2022 lassgaangen a ginn op zwéi parallelle Schantercher gemaach. Déi éischt Schinne goufe Mëtt Oktober 2022 um Boulevard de Kockelscheuer, op der Héicht vum zukünftegen Arrêt Waassertuerm, geluecht. De 7. Juli 2024 soll d'Deelstéck opgoen[12][53].

Am Norde gëtt, vun 2021 bis viraussiichtlech bis Januar 2025, d'Streck ëm 4,5 km vun der Luxexpo bis op de Fluchhafe Findel verlängert (Tronçon E).

Ausbaupläng[änneren | Quelltext änneren]

Den 22. Abrëll 2022 huet den Transportminister François Bausch den neien Nationale Mobilitéitsplang 2035 virgestallt. Seng Nofollgerin Yuriko Backes sot am Mäerz 2024 an engem Interview, si wéilt, wat den Tramsreseau betrëfft, d'Ziler vun deem Plang och ënnert der Regierung Frieden-Bettel anhalen.[54]

Fir den Tram gesäit den Nationale Mobilitéitsplang 2035, nieft der Linn T1 Fluchhafe Findel[55] - Stadion, déi et scho (bal ganz) gëtt, nach follgend nei Linne vir[56]:

Geplangten Ausbau bis 2035[änneren | Quelltext änneren]

Geplangte Reseau vum Stater Tram fir d'Joer 2035

Giel Linn: Luxexpo - Pôle d'échanges West[änneren | Quelltext änneren]

Déi giel Linn[57] fiert um Trajet Luxexpo - Pôle d'échanges (PE) West, via Boulevard K. Adenauer, Gare, Hollerech a P+R Bouillon. Vun der geplangter Linn gouf den 10. Mäerz 2023 de Bau vun den zwee éischten Deelstécker virgestallt, déi vum Regierungsrot gestëmmt gi waren[58]. D'Finanzéierungsgesetz fir béid Streckendeeler gouf den 23. Mee 2023 an der Chamber deposéiert[59] an den 1. Februar 2024 gestëmmt[11].

  • Rout Bréck - Laangfur

Déi nei Streck Rout Bréck - Kierchbierg / Laangfur (en Deel vun der gieler Linn am Osten[60]) béit ëstlech vun der Halt Rout Bréck-Pafendall op de Boulevard Konrad-Adenauer of, leeft iwwer dee Boulevard virun an dréint dann no der Europaschoul a Richtung Norde bis an de Flouer Laangfur. D'Aarbechten um Kierchbierg solle vun 2025 bis 2027 goen, mat enger Ouverture vun der Linn fir Enn 2027 / Ufank 2028. D'Streck mat 2,3 km a mat dräi Halten ass mat 106 Milliounen Euro budgetiséiert[61].

D'Aarbechte fir d'Verlängerung Laangfur - Kuebebierg - Luxexpo si fir 2031 - 2033 geplangt[59].

  • Gare - Nei Hollerech

Den éischten Tronçon um westlechen Deel vun der gieler Linn[62] leeft no der Garer Plaz, virun der Ramp vun der Buchler-Bréck, a südwestlecher Richtung duerch de geplangten neie Quartier Nei Hollerich bis op d'Héicht vun der aktueller Kräizung Route d'Esch / Rue de l'Aciérie. Den Tracé huet 1,1 Kilometer an et komme fir den Ufank zwéin Arrêten dohin. Fir de Bau vun dëser Streck sinn 29 Milliounen Euro virgesinn[61].

D'Aarbechten si fir 2026 bis 2028 geplangt, mat enger Ouverture vun der Linn fir Enn 2027 / Ufank 2028[59].

Tëscht 2030 an 2031 ginn d'Aarbechte fir d'Streck no Weste virun an de Quartier Porte de Hollerich, dee vu Mëtt vun den 2020er Joren u soll bebaut ginn, a wou um neie Boulevard de Hollerich zwou Halte virgesi sinn.

Am grousse Ganze wäert de Projet ëm déi 135 Milliounen Euro ouni TVA kaschten, vun deenen de Staat der 90 an d'Stad Lëtzebuerg 45 Milliounen iwwerhëlt[63][61].

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Luxtram-Linn Luxexpo - Pôle d'échanges West.

Hellblo Linn: Luxexpo - Pôle d'échanges (PE) Bouillon[änneren | Quelltext änneren]

Déi hellblo Linn[57] ass vun der Luxexpo iwwer déi aktuell Streck via d'Avenue John F. Kennedy an d'Rout Bréck bis op de Rond-point Schuman geplangt an da via Neipuertsgaass, Arsenalstrooss, Stäreplaz, CHL, dann iwwer nei Boulevarden am Weste vun der Stad (Boulevard de Merl, Boulevard de Cessange) bis op de Pôle d'échanges (PE) Bouillon.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Luxtram-Linn Luxexpo - Pôle d'échanges Bouillon.

Mof Linn: Fluchhafen - Bieles[änneren | Quelltext änneren]

Déi mof Linn[57] (deels och nach séieren Tram genannt) fiert vum Fluchhafe bis bei d'Stadhaus zu Bieles, via Luxexpo, Boulevard K. Adenauer, Hamilius, Gare, Nei Hollerech, Escher Strooss, Stadion, Leideleng, Féiz, Esch-Schëffleng, Esch-Rämerech a Belval. Op enger Deelstreck – tëscht Leideleng a Féiz – kann d'Linn mat héijer Vitess (bis 100 km/h) bedriwwe ginn.

Wann de séieren Tram vun Esch iwwer de Kierchbierg bis op de Fluchhafe fiert, hält d'Linn T1 bei der Luxexpo op. D'Käschte fir d'Linn an den Express-Vëloswee nieft der Streck, déi vun der Cloche d'or bis op Bieles fuere soll, gëtt op iwwer 3 Milliarden Euro geschat.[64]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Luxtram-Linn Fluchhafen - Bieles.

Eventuellen Ausbau no 2035[änneren | Quelltext änneren]

Bei déi genannt Pläng kéinten no 2035 nach weider Linnen oder Verlängerungen derbäikommen:

  • hellblo Linn: Verlängerung vum Pôle d'échanges (PE) Bouillon iwwer en neie Boulevard am Weste vun der Stad bis op d'Cloche d'or
  • mof Linn: nei, direkt Streck tëscht der Stäreplaz an der Cloche d'or iwwert d'Escher Strooss amplaz iwwer d'Nei Avenue an d'Gare
  • donkelblo Linn[57]: Gare - Mamer, via Nei Avenue, Hamilius, Stäreplaz an d'Areler Strooss (aus Capacitéitsgrënn eréischt méiglech wann déi mof Linn net méi duerch d'Nei Avenue fiert)

Fréier Pläng[änneren | Quelltext änneren]

An de Jore virdru gouf et schonn déi eng oder aner Propos fir en Ausbau: Am Joer 2016 waren ufanks dräi Extensiounen a Betruecht gezu ginn: eng éischt op Leideleng, eng zweet op Bartreng an eng drëtt bei de Mediapark um Kierchbierg, an der Géigend vum Wunnquartier Domaine du Kiem. D'Linn kéint gespléckt ginn, soudatt eng Faart iwwer déi aner vun der Luxexpo aus bei de Mediapark fuere géif an déi aner op de Fluchhafen[65],[66]. Am Juni 2017 gouf d'Prioritéit dunn awer vum Nohaltegkeetsminister éischter op eng zweet Linn geluecht, déi op enger Längt vu 16 km iwwer Mamer bis op de Wandhaff fuere kéint[67].

En iwwerschaffte Projet gouf Enn 2020 virgestallt: Ewell soll eng nei Linn vun der Gare iwwer Hollerech (duerch de Quartier Nei Hollerech), bis bei de P+R Bouillon goen; eng weider vun der Cloche d'Or no Norden iwwer Zéisseng a Märel bis op d'Areler Strooss, wou s'op déi nei Linn trëfft, déi vun der Stäreplaz laanscht den CHL weider no Weste goe soll; an och d'Pläng fir eng 2. Linn um Kierchbierg, iwwer de Boulevard Konrad-Adenauer a laanscht den neie Quartier Laangfur bis bei den Tramsschapp goufe reaktivéiert.[68]

D'2020er Projete goufen da gréisstendeels an där Form am Mobilitéitsplang 2035 iwwerholl.

Ekipement vun de Statiounen[änneren | Quelltext änneren]

All d'Statioune si mat Informatiounssaile fir d'Passagéier ekipéiert, wou ee gesäit wéini den nächsten Tram kënnt oder wa Stéierungen op der Linn sinn. D'Statioune sinn all accessibel fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit, och fir Leit am Rollstull. Se hu meeschtens säitlech Quaie mat enger Längt vu 45 Meter déi vis-a-vis ee vun deem aneren ugeluecht sinn.

D'Tramshaisercher op de Statioune goufe vun der franséischer Gesellschaft MobilConcepts, am Kader vun engem Kontrakt vun 2 Milliounen Euro installéiert[69]. Se goufe vum Designer Marc Aurel entworf a si stolgro fir sech gutt an d'stättescht Ëmfeld z'integréieren[69]. Just op der Statioun Place de Metz sti keng Tramshaisercher. Den Entretien an d'Gestioun vun de Reklamme gëtt fir 10 Joer vun IP Luxembourg Broadcasting Center Europe, enger Filial vum RTL Grupp assuréiert[69].

Uganks war am Februar 2009 en internationalen Architekteconcours organiséiert gi wou et drëm goung fir e personaliséierte Mobilier (Haisercher, Vëlosstänner, Dreckskëschten, asw.) ze definéieren. De Concours war deemools vum Londoner Büro Lifschutz Davidson Sandilands Island Studios gewonne ginn[70]. Schlussendlech gouf awer decidéiert kee personaliséierte Mobilier ze huelen, ma dees vun der Staang, absënns fir mam existente Mobilier an der Stad ze harmoniséieren[71].

Vereenzelt ginn et och zousätzlech Installatiounen:

  • Bei der Halt Luxexpo gouf e 60 Meter laangen a 95 Tonne schwéieren Daach aus Glas gebaut, dee queesch driwwer geet, an dee vum Peter Latz an der Julie Conrad entworf gouf[72].
  • Bei der Halt Theater gouf eng Installatioun vum Michel Leonardi opgeriicht, déi aus enger Zort Maste mat uewendrop faarwegen, duerchsiichtegen Diecher, déi um Buedem faarweg Flecke maachen, wann d'Sonn duerch schéint (änlech wéi déi vun him bei der Kräizung beim Pont d'Avroy zu Léck).

Am Februar 2017 goufen déi offiziell Nimm vun 11 Statioune bekannt gemaach: vun den 8 déi vun 2017 un ugefuer ginn a vun deenen dräi bis op d'Stäreplaz. D'Nimm bezéie sech op Plazen déi ugefuer ginn a sinn deels op Franséisch, Lëtzebuergesch oder an deenen zwou Sproochen[73].

Rullmaterial[änneren | Quelltext änneren]

Viischt Vue vun enger Ramm.

D'Linn gëtt mat Urbos 3-Rammen exploitéiert, vun deenen déi éischt néng am Laf vun 2017 geliwwert goufen[51]. Déi zéngt gouf am Mäerz 2019 am Tramsschapp ofginn[74]. Bis Enn 2020, wann d'Linn bis op d'Gare verlängert ass, solle 27 Rammen a Betrib sinn, a wann déi ganz Streck bis op ass sollen et der 33 sinn[75].

Se gi vun der spuenescher Firma CAF (Construcciones y auxiliar de ferrocarriles) gebaut, déi hire Sëtz zu Beasain am Spuenesche Baskeland huet[76]. Déi éischt néng Ramme goufen zu Zaragoza gebaut, déi dono an der CAF-Fabrick zu Bagnères-de-Bigorre, a Frankräich.[77] A priori ginn d'Ramme vun 101 bis 133 nummeréiert[78],[79].

Géint de Konkurrent Alstom huet CAF den 18. Mee 2015 den Zouschlag kritt fir d'Rullmaterial vum neien Tram ze liwweren an domat eng Commande am Wäert vun 83 Milliounen Euro. Den Optrag ëmfaasst 21 Ramme vun allkéiers 45 Meter Längt (déi awer nach - wann néideg - 10 Meter méi laang gemaach kënne ginn[80]) an enger Breet vun 2,65 Meter. Pro Ramm kënne 450 Leit transportéiert ginn.

Eng technesch Eegenaart ass, datt d'Zich sou ekipéiert sinn, datt se deen Deel vun der Streck, deen duerch de Stadzentrum féiert (3,6 km), ouni Catenaire fuere kënnen. Dobäi gi se mat Stroum aus Superkondensatore vum Typ Rapid Charge Accumulator ugedriwwen, déi déi spuenesch Firma schonn an den Tramsreseauen zu Saragossa an zu Sevilla am Gebrauch huet. Den Tram gëtt dann iwwer e System opgelueden deen an der Plattform vun der Statioun agebaut ass[81],[82]. D'Ramme sinn all klimatiséiert, hunn USB-Steckeren an eng tramstypesch Schell fir d'Foussgänger ze warnen. Dës Schell kléngt esou, wéi déi vum fréieren Tram[83].

De spezifeschen Design vun de Ramme gouf vum Erich Rhinn mat der Agence Avant-première entworf. Owes sinn d'Diere faarweg beliicht, mat allkéiers enger anerer Faarf pro Module. Déi Beliichtung gouf vun de Kënschtler Michel Léonardi an Isabelle Corten entworf. Den Eric Rhinn huet virdrun den Design vun de Ramme vum Tram vu Besançon, wou de selwechte Modell vun CAF fiert, entwéckelt[84][85]. Den Design fir Lëtzebuerg gouf zeréckbehale well en d'Architektur vun den eenzele Stater Quartiere respektéiert[86]. Eng Maquette am Moossstaf 1:1 gouf der Ëffentlechkeet tëscht Enn 2015 an Ufank 2016 virgestallt[85],[87]. D'Awunner konnten deemools déi bannenzeg Amenagementer entdecken a verschidden Doleance konnten nach berécksiichtegt ginn (Sëtzer, Plaz vun de Staange fir sech unzehalen, asw.)[88].

Déi éischt Ramm (2 Kabinnen a 7 Modullen) gouf den 8. Februar 2017 an der Nuecht geliwwert[78],[89]. De Rescht vun der Serie gouf progressiv duerno geliwwert. Fir den éischten Deel vun der Streck waren néng Rammen néideg[51]. RTL Radio Lëtzebuerg hat am Mäerz 2017 e Concours lancéiert fir e Spëtznumm fir den Tram ze sichen; de Choix war op "Siggi" gefall[90].

LuxTram huet och e puer Streckegefierer ugeschaaft, dorënner e Mercedes-Unimog fir Stroossen- a Schinneverkéier. D'Gefier ass eng Zort Leederwon, kann awer och eng Ramm ofschleefen[91].

Lëscht vun de Rammen
(Stand: August 2019)[92]
Nummer Liwwerdatum Nummer Liwwerdatum Nummer Liwwerdatum
101 Februar 2017 102 Mäerz 2017 103 Abrëll 2017
104 Mee 2017 105 Juli 2017 106 August 2017
107 September 2017 108 Oktober 2017 109 November 2017
110 Mäerz 2019[93] 111 Mee 2019[94] 112 Juli 2019
113 bis 116 bis Dezember 2019 117 bis 121 bis Dezember 2020 122 bis 133 dono

Tramsschapp[änneren | Quelltext änneren]

Vue vum Neien Tramsschapp: d'Verwaltungsgebai an am Hannergrond den Depot (lénks) an d'Atelieren (riets).

Den Entretien vun den Tramme gëtt am Neien Tramsschapp (offiziell: Centre de remisage et de maintenance, gekierzt CRM) gemaach. Den Tramsschapp läit nordëstlech vun der Halt Luxexpo an ass vun do aus iwwer en Accès un d'Linn ugeschloss iwwer dee méi spéit och d'Verlängerung a Richtung Findel gebaut gëtt.

Wann déi Linn am Joer 2024 bis fäerdeg gebaut ass, ginn am Tramsschapp déi 32 Ramme geparkt déi fir de Betrib gebraucht ginn. Hei gëtt och den Entretien vun de Gefierer gemaach an et gëtt eng zentral Kontrollstatioun vun der Linn installéiert. Den Neien Tramsschapp läit op enger Fläch vun 3,3 ha (dovun 1,39 ha Verwaltungsgebaier) tëscht der Luxexpo an der Autobunn, am Gréngewald, op der Grenz vun der Stad Lëtzebuerg an der Gemeng Nidderaanwen[95].

De Komplex begräift dräi Gebaier, déi - fir sech gutt an d'Ëmfeld vum Gréngewald unzepassen - Fassaden aus net-traitéiertem Holz hunn. D'Diech gi begréngt a mat Sonnekollekteren ekipéiert[96],[97]. Dat éischt Gebai ass den iwwerdaachten Depot mat aachte Gleiser wou déi 45 Meter laang Rammen ofgestallt kënne ginn[96][98][99]. Am zweete Gebai ass den Entretiensatelier[99], deen am Fong an zwéin Deeler opgedeelt ass[98]: en éischten Deel mat zwéi Gleiser mat enger Wäschmaschinn fir d'Rammen. Dräi Véierel vum Waasser wat an dëser Wäschmaschinn gebraucht gëtt, gëtt nees recycléiert[80]. Hei ginn d'Ramme bannen a bausse gebotzt, op enger Fosse kënne s'inspizéiert a gefléckt ginn, d'Sandkëschte kënnen opgefëllt[96][98] an d'Rieder reprofiléiert ginn. Am zweeten Deel sinn dräi Entretiensgleiser wou et och en Accès op den Daach vun de Ramme gëtt. Eent vun de Gleiser ass mat engem mobillen Hydraulikzylinder ekipéiert fir d'Dréigesteller wiesselen ze kënnen[98]. Am drëtte Gebai ass d'Verwaltung, d'Iwwerwaachungszentral vun der Linn an zënter Januar 2017 de Siège vu LuxTram SA, dee virdrun an der Arsenalstrooss war[96][98][99]. De ganze Komplex, deen 2015 ugefaangen ze baue gouf, ass zënter dem Fréijoer 2017 a Betrib[99]. Uganks 2020 goung eng Solaranlag um Daach un d'Netz; si produzéiert am Joer den Equivalent u Stroum, deen den Tram bannent engem Mount Betrib verbraucht.[100]

Fueren a Signalisatioun[änneren | Quelltext änneren]

Op der Tramslinn gëtt „op Siicht“ gefuer, dat heescht, datt et op der Streck just Schëlter fit d'Vitess-Limitatioun, fir d'Sécherung vun der Streck oder fir d'Iwwerfuere vu Kräizunge gëtt.

Wat d'Verkéiersluuchte fir d'Iwwerfuere vu Kräizungen ugeet, sou gëlle fir den Tram dem Lëtzebuerger Code de la route no déi speziell Verkéiersluuchte wéi se och op de Busspuere gebraucht ginn:

  • En horizontale Stréch heescht, datt een obligatoresch stallhale muss;
  • E vertikale Stréch heescht, datt ee fräi fuere kann; weist de Stréch no uewe riets oder uewe lénks, da kann een nëmmen an déi Richtung fräi fuere wou de Stréch hiweist. Wann de Buschauffer deenen anere Chaufferen d'Virfaart iwwerloosse muss, da gëtt dëst mat engem wäissen Dräieck ugewisen, deen d'Spëtzt no ënnen huet;
  • E Rondel weist un, datt et drop an drun ass, datt d'Richtung wiesselt an där de Verkéier fléisst an datt et verbueden ass weider ze fueren. Dëse Verbuet gëllt net fir déi Chaufferen déi - am Ament wou de Rondel opliicht – sou no derbäi sinn, datt se net méi an den néidege Sécherheetskonditioune stoe bleiwe kënnen. De Rondel weist awer och nach deene Chaufferen, déi an der Kräizung stinn, un datt se d'Kräizung fräi maache mussen;
  • En Dräieck mat der Spëtz no ënnen ersetzt de vertikale Stréch am Fall wou ee fuere kann, awer dem anere Verkéier d'Virfaart iwwerloosse muss.

Dës speziell Luuchte liichte wäiss oder hellgiel.

Zwéin aner Signaler déi spezifesch fir den Tram sinn, bestinn aus Buschtawen a si vun der däitscher Tramssignalisatioun iwwerholl ginn:

  • „A“ (angemeldet): gëtt iwwer dem horizontale Stréch ubruecht a weist un, datt jee nodeem, den Tram vum Prioritéitssystem fir d'Verkéiersluuchten erkannt gouf;
  • „T“ (Türen schließen): kann tëscht dem horizontalen a vertikale Stréch ubruecht ginn a weist - op de Statiounen déi direkt virun enger Kräizung leien - am Luuchtenzyklus den idealen Ament u fir d'Diere vum Tram zou ze maachen, fir gläich kënne fort ze fueren.

Fir d'Signaler virun de Weiche gëllen dës Aspekter: rout fir stoen ze bleiwen, gréng fir eng fräi Streck an orange, wann d'Streck fräi ass, d'Weich awer an eng aner Richtung gestallt ass. D'Signaler weisen eng giel Zuel „750 “un, wann d'Catenairen ënner Stroum stinn a blénke giel wa kee Stroum dran ass.

Annonce vun de Statiounen[änneren | Quelltext änneren]

An de Gefierer gëtt all Statioun mat engem eegenen Jingel ugekënnegt. Dës goufe vum Pianist Michel Reis komponéiert. All Jingel dauert 15 Sekonnen (ausser op den Terminussen) an den Numm gëtt zweemol hannereneen, allkéiers vun enger anerer Persoun, gesot[101].

Personal[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Bedreiwe vun der Linn sinn an enger éischter Phas 30 Tramschaufferen am Asaz, déi aus 900 Kandidaturen eraus gesicht goufen[83]. Anescht wéi zum Beispill bei de Stater Bussen oder beim TICE wou d'Buschauffere Fonctionnairë sinn, ass d'Fuerpersonal vum Tram als Salarié agestallt well LuxTram eng Gesellschaft ënner privatem Recht ass. D'Tramschauffere mussen awer capabel sinn am Tram Matdeelungen an den dräi Sprooche Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch ze maachen[102].

Bei enger Protestaktioun, bei der Aweiung vum 2. Deelstéck, hunn d'Gewerkschaften OGBL an FNCTTFEL den ënnerschiddleche Status vis-à-vis zu Chauffeuren am ëffentlechen Déngscht kritiséiert; d'Paie léich 30 % bis 50% méi déif bei Luxtram, an et géif manner Congésdeeg[103]. Den 3. Oktober 2019 ass den éischte Kollektivvertrag tëscht de Gewerkschaften (OGBL a Landesvernand) a Luxtram ënnerschriwwe ginn, an deem ë.a. eng Erhéijung vum Salaire vu 4 %, en 13. Mount, zwéin zousätzlech Congésdeeg, Chéque-repasen asw. festgehale goufen[104].

Entwécklung vum Personal[105][änneren | Quelltext änneren]

(Mataarbechter pro Joer, am Duerchschnëtt)

Tarifikatioun a Finanzement[änneren | Quelltext änneren]

Wéi de Rescht vum ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass d'Fuere mam Tram zanter dem 1. Mäerz 2020 gratis.

Virdrun huet am Tram déi selwecht Tarifikatioun gezielt wéi och soss am ëffentlechen Transport am Land, deemno dee sougenannten Eenheetstarif, deen et zënter dem 1. Januar 1991 gouf[106]. Fir d'Ouverture vun der Streck waren d'Faarte mam Tram bis den 31. Januar 2018 gratis[107].

De Finanzement vun der Linn (Entretien, Material, Personalkäschten) gëtt vu LuxTram assuréiert. Wéi een nach huet misse bezuelen, goungen d'Recette vum Billjeesverkaf laang net duer, fir d'Käschten ze decken an de Staat huet d'Differenz iwwerholl.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Stater Tram – Biller, Videoen oder Audiodateien

Wéi funktionéiert den Tram?[änneren | Quelltext änneren]

Erklärungen iwwer d'Funktiounsweis vum Stater Tram op science.lu, der Internetsäit vum Fonds national de la recherche(fr):

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. "Vom 11. September an: In drei Minuten und 40 Sekunden mit der Tram nach Bonneweg." wort.lu, 03.06.2022.
  2. Memorial C, Nr 120/2001, S. 5721
  3. Memorial C, Nr 2458/2007, S. 117458
  4. 4,0 4,1 Loi du 24 juillet 2014 portant sur la construction d'une ligne de tramway à Luxembourg entre la Gare Centrale et le Circuit de la Foire Internationale au Kirchberg Memorial A, 154/2014, S. 2348 op legilux.lu (gekuckt den 12. August 2014)
  5. 5,0 5,1 Memorial C, 3450/2014, S. 165599
  6. 6,0 6,1 Memorial C. 3544/2014, S.170072 Memorial C. 3544/2014, S.170072
  7. Memorial C, 393/2015, S. 18836
  8. "Le tram a déjà franchi le Pont rouge." lessentiel.lu, 22 mai 2018 18:44; Act: 23.05.2018 09:52.
  9. "Den Tram fiert vum 27. Juli u bis op d'Stäreplaz." rtl.lu, 04.06.2018, 11:08:48.
  10. 10,0 10,1 "D'Erweiderunge vun der Tramsstreck lafen op Héichtouren." rtl.lu, 03.06.2022.
  11. 11,0 11,1 "Chamber gibt grünes Licht für Ausbau der Tram." wort.lu, 2024-02-01.
  12. 12,0 12,1 (de)In vier Monaten fährt die Tram zum Stadion. luxemburger-wort-online (2024-02-29). Gekuckt de(n) 2024-02-29.
  13. (lb)Mam Tram op de Findel: Tunnel fir d'Sortie Findel/Sennengerbierg kënnt haut op seng Plaz. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2024-02-17.
  14. Il y a cinquante ans disparaissait le dernier tram op wort.lu de 4. Juli 2014 (gekuckt den 31. Juli 2017)
  15. 15,0 15,1 15,2 15,3 15,4 15,5 15,6 15,7 15,8 "Historique" op der Websäit vun der TRAM A.s.b.l. (gekuckt den 3. August 2017)
  16. E modernen Tram fir Lëtzebuerg - eng Investitioun an d'Zukunft op rail.lu (gekuckt den 3. August 2017)
  17. Vorsicht! Tram am Lëtzebuerger Land, de 5. Juni 1998, Säit 3 (gekuckt de 7. August 2017)
  18. Ville de Luxembourg: le tram léger sur de bonnes voies op Paperjam.lu de 24. Mäerz 2006 (gekuckt den 3. August 2017)
  19. 19,0 19,1 Raccordement ferroviaire de Kirchberg et de Findel op gouvernement.lu den 13. Januar 2003 (gekuckt de 5. August 2017)
  20. Loi du 18 décembre 2003 modifiant la loi du 10 mai 1995 relative à la gestion de l'infrastructure ferroviaire. am Memorial A 195 vum 31/12/2003 (gekuckt de 5. August 2017)
  21. Memorial C 1093/2004, S. 52418
  22. Der City-Tunnel ist DIE Lösung op adr.lu (gekuckt de 5. August 2017)
  23. 23,0 23,1 Dossier Luxtram: Ce que l'on sait, ce que l'on ne sait pas op 5minutes.lu de 6. Februar 2017 (gekuckt de 6. August 2017)
  24. 24,0 24,1 24,2 La constitution du GIE « LuxTram » Dossier de presse op mt.public.lu (gekuckt de 6. August 2017)
  25. « Le tram n'est rien d'autre qu'une variante folklorique du bus! » "Historique" op der Websäit vun der TRAM A.s.b.l. (gekuckt den 3. August 2017)
  26. Projet de tramways de la Ville de Luxembourg, op rail.lu (gekuckt de 6. August 2017)
  27. Luxtram: le futur tram de Luxembourg, op gtf.be, Websäit vum Groupement belge pour la promotion et l'exploitation Touristique du transport ferroviaire (gekuckt de 6. August 2017t
  28. Patrick Théry, On a beau dire, le tram est bel et bien sur les rails op lessentiel.lu de 26. September 2010 (gekuckt de 6. August 2017)
  29. Le tram va redessiner les artères de Luxembourg op lessentiel.lu de 15. September 2009 (gekuckt de 6. August 2017)
  30. Des forages sur le futur tracé du tram op lessentiel.lu den 23. August 2010 (gekuckt de 6. August 2017)
  31. Référendum sur le tram: il faudra attendre l'avis du gouvernement op wort.lu de 14. Mäerz 2012 (gekuckt de 6. August 2017)
  32. L'ADR veut un référendum sur le tram op wort.lu de 14. Mäerz 2012 (gekuckt de 6. August 2017)
  33. City-tunnel vs tram: il n'y aura pas de référendum op wort.lu de 25. Mäerz 2012 (gekuckt de 6. August 2017)
  34. 320 millions d'euros pour la première phase du tram op wort.lu de 15. Juni 2012 (gekuckt de 6. August 2017)
  35. Parfois jugé trop cher ou inutile, le tram circulera à Luxembourg en 2017 op wort.lu de 27. Juni 2012 (gekuckt de 6. August 2017)
  36. Un réseau de bus adapté à la future ligne de tram op lessentiel.lu de 24 Abrëll 2012 (gekuckt de 6. August 2017)
  37. Feu vert pour le tram qui reliera la gare centrale à Luxexpo op wort.lu den 28. September 2013 (gekuckt de 6. August 2017)
  38. Le tram n'est pas une solution, selon le Conseil d'Etat op www.wort.lu den 22. Januar 2014 (gekuckt den 10. August 2017)
  39. Tram à Luxembourg: le Conseil d'Etat pinaille, le Ministre lui répond den 30. Januar 2014 op wort.lu (gekuckt den 10. August 2017
  40. L'ADR veut un référendum sur le tram, op www.wort.lu de 25. Februar 2014 (gekuckt den 10. August 2017)
  41. Le pont Adolphe au chômage technique à partir du premier week-end de mars op wort.lu den 11. Februar 2014 (gekuckt den 12. August 2017)
  42. Prett fir weider 100 Joer: Reouverture de 25. Mäerz op rtl.lu am Mäerz 2017 (gekuckt den 12. August 2017)
  43. Luxembourg: le tram enlève le haut op wort.lu den 30. Abrëll 2014 (gekuckt den 12. August 2017)
  44. Tram à Luxembourg: le tracé initial doit être prolongé op wort.lu den 30. Abrëll 2014 (gekuckt den 12. August 2017)
  45. Tram: trois bourgmestres ont l'impression d'avoir été dupés op wort.lu de 4. Abrëll 2014 (gekuckt den 12. August 2017)
  46. Sept personnes sur dix se disent favorables au tram op lessentiel.lu de 15. Mee 2014 (gekuckt den 12. August 2017)
  47. Le référendum sur le tram obtient 4 500 signatures op lessentiel.lu den 2. Mee 2014 (gekuckt den 12. August 2017)
  48. Laurence Bervard, Les députés rejettent l'idée d'un référendum op lessentiel.lu de 27. Mee 2014 (gekuckt den 12. August 2017)
  49. 49,0 49,1 [1] „Projet de loi portant sur la construction d'une ligne de tramway à Luxembourg entre la Gare Centrale et le Circuit de la Foire Internationale au Kirchberg“ op chd.lu, der Websäit vun der Chambre des députés (gekuckt den 12. August 2017)
  50. La Chambre des métiers défend le téléphérique op lessentiel.lu den 2. Abrëll 2014 (gekuckt den 12. August 2017)
  51. 51,0 51,1 51,2 Maurice Fick, "Premier tronçon du Tram mis en service au second semestre 2017" op wort.lu den 21. Oktober 2014 (gekuckt de 17. August 2017)
  52. Tram: le syndicat des cheminots prépare déjà son implantation auprès des futurs conducteurs op lequotidien.lu den 9. Juli 2015 (gekuckt den 12. August 2017)
  53. >Christophe Hochard: "Ausbau vum Tram: Mëtt des Joers vu Bouneweg bis op d'Cloche d'Or." rtl.lu, 15.02.2024 (Videoreportage).
  54. Frank Weyrich: "Yuriko Backes will Bau der Tram nach Esch beschleunigen." wort.lu, 6.3.2024.
  55. d'Linn T1 hält um Kierchbierg op wann de séieren Tram vun Esch iwwer de Kierchbierg bis op de Fluchhafe fiert
  56. Ministère de la Mobilité et des Travaux publics: "PNM 2035 - Plan national de mobilité", S. 53 – 56, 22/04/2022.
  57. 57,0 57,1 57,2 57,3 Aarbechtstitel, no der Faarf déi um Plang gebraucht gëtt, cf.: Ministère de la Mobilité et des Travaux publics: "PNM 2035 - Plan national de mobilité", S. 54 + 56, 22/04/2022
  58. Sabrina Backes: "Vun der Gare op Hollerech, vun der rouder Bréck an de Quartier "Laangfur". rtl.lu, 10.03.2022.
  59. 59,0 59,1 59,2 (fr)Projet de loi portant sur la construction des extensions de la ligne de tramway à Luxembourg entre les stations Rout Bréck- Pafendall et Laangfur au Kirchberg et entre les stations Gare Centrale et Hollerich. www.chd.lu. Gekuckt de(n) 2023-11-27.
  60. am Finanzéierungsgesetz als « extension K2A » bezeechent
  61. 61,0 61,1 61,2 (fr)Extension de la ligne de tramway au Kirchberg et vers Hollerich: Présentation du projet de financement. gouvernement.lu (2023-10-03). Gekuckt de(n) 2023-11-28.
  62. am Finanzéierungsgesetz als « extension HOA » bezeechent
  63. David Thinnes: "'Portes de Hollerich': So sieht das zukünftige Hollericher Ökoviertel aus." wort.lu [w+], 26.11.2023.
  64. (lb)Bis 2035: De séieren Tram zu Lëtzebuerg gëtt Realitéit. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2023-10-06.
  65. Erwan Nonet, Tram: trois extensions sont déjà envisagées op lequotidien.lu de 27. Oktober 2016 (gekuckt den 20. August 2017)
  66. Vierte Tram-Erweiterung geplant op wort.lu den 23. Mäerz 2017 (gekuckt de 15. August 2017)
  67. Le tram ira à Mamer après 2021 op lessentiel.lu den 20. Juni 2017 (gekuckt den 20. August 2017)
  68. Christophe Lemaire: "Les projets d'extension du tram de Luxembourg." paperjam.lu, 13.12.2020 • Édité le 14.12.2020.
  69. 69,0 69,1 69,2 "Quel mobilier urbain pour le tram du Luxembourg ?" constructioncayola.com, 7. Mäerz 2017 (gekuckt de 15. August 2017)
  70. Concours d'architecte de la ligne de tram: deux projets à égalité op paperjam.lu de 6. Februar 2009
  71. Jean-Michel Hennebert, «Nous avons quitté la logique du sur-mesure» op paperjam.lu den 28. Juli 2016 (gekuckt de 15. August 2017)
  72. "Un auvent de 60 m pour le tram au Kirchberg." lessentiel.lu, 11. oct. 2017
  73. Les noms des stations de tram sont connus op lessentiel.lu den 20. Februar 2017 (gekuckt de 15. August 2017)
  74. "Un nouveau tram est arrivé au Luxembourg." rtl.lu/fr, 29.03.2019 15:18.
  75. "An der Woch fuere méi wéi 20.000 Leit pro Dag mam Tram." rtl.lu, 13.09.2019 11:12.
  76. Ateliers et bureaux op caf.net (gekuckt de 17. August 2017)
  77. "Les rames du tram en balade sur l'autoroute A6." lessentiel.lu, 04-12-2019.
  78. 78,0 78,1 Keith Barrow, CAF delivers first Luxembourg tram op railjournal.com den 10. Februar 2017 (gekuckt de 17. August 2017)
  79. Fuhrpark Luxtram op bus-an-zuch.de (gekuckt de 17. August 2017)
  80. 80,0 80,1 (fr)A quoi ressemble le centre de maintenance du tram?. virgule-online (2023-12-11). Gekuckt de(n) 2023-12-11.
  81. Marc Fressoz, Luxembourg fait le choix du tram de CAF à alimentation mixte op mobilicites.com den 19. Mee 2015 (gekuckt de 14. August 2017)
  82. Michel Chlastacz, Luxembourg: le "Luxtram" sera à la fois espagnol et sans fil ! op busetcar.com den 22. Mee 2015 (gekuckt de 17. August 2017)
  83. 83,0 83,1 Jörg Tschürtz, Un «ding, ding» rétro et des ports USB pour le tram op lessentiel.lu de 14. Juni 2017 (gekuckt de 17. August 2017)
  84. Avant Première et CAF conçoivent le tramway de Luxembourg op constructioncayola.com den 3. Juli 2015 (gekuckt de 17. August 2017)
  85. 85,0 85,1 Robert Viennet, Luxembourg dévoile la maquette grandeur nature de son futur tramway op mobilicites.com de 7. Dezember 2015 (gekuckt de 17. August 2017)
  86. Les premières images du nouveau tram op wort.lu den 1. Juli 2015 (gekuckt de 17. August 2017)
  87. Présentation des rames de tramway de Luxembourg: une nouvelle identité visuelle pour Luxtram op corporatenews.lu den 2. Juli 2015 (gekuckt de 17. August 2017)
  88. Le chantier du tram passe la vitesse supérieure op lessentiel.lu den 19. Februar 2016 (gekuckt de 17. August 2017)
  89. Den Tram ass do! 1. Rame ass zu Lëtzebuerg ukomm op rtl.lu den 10. Februar 2017 (gekuckt de 17. August 2017)
  90. Siggi: le futur tram a enfin un nom op 5minutes.rtl.lu den 28. Mäerz 2017 (gekuckt de 17. August 2017)
  91. Eng Foto vun dësem Gefier op rail.lu (gekuckt de 17. August 2017)
  92. "Fuhrpark" op bus-an-zuch.de
  93. "Un nouveau tram est arrivé au Luxembourg."| 5minutes.rtl.lu, 28 mars 2019
  94. |"Arrivée de la rame 111."| 14. Mee 2019 op luxtram.lu
  95. (fr)Tram: place au futur centre de maintenance. virgule-online (2023-12-11). Gekuckt de(n) 2023-12-11.
  96. 96,0 96,1 96,2 96,3 CRM - Centre de Remisage et de Maintenance à Luxembourg-Kirchberg op aucarre.lu (gekuckt den 20. August 2017)
  97. Erwan Nonet, Voilà le futur Tramsschapp ! op lequotidien.lu den 13. Februar 2015 (gekuckt den 20. August 2017)
  98. 98,0 98,1 98,2 98,3 98,4 Christelle Brucker, Neien Tramsschapp: le chantier va bon train op wort.lu den 13. Oktober 2016 (gekuckt den 20. August 2017)
  99. 99,0 99,1 99,2 99,3 LUXTRAM - Centre de remisage et de maintenance du tramway. op perrard.lu (gekuckt den 20. August 2017)
  100. "Visitt vum neien Tramsschapp um Kierchbierg." rtl.lu, 25.09.2020 09:53.
  101. Joseph Gaulier: "|titre=Le public va pouvoir embarquer dans le tram." lessentiel.lu, 19. sept. 2017
  102. Jean-Michel Hennebert, Les futurs «traminots» ne seront pas fonctionnaires op paperjam.lu den 2. Juli 2015 (gekuckt den 20. August 2017)
  103. " 'Unzumutbare Arbeitsbedingungen'." Luxemburger Wort, 27. Juli 2018.
  104. (fr)Luxtram, Rapport d'activité 2019. Gekuckt de(n) 11.12.2023.
  105. Quell: Rapports d'activité op luxtram.lu
  106. Chambre des députés, [2]« Dossier thématique tram régional » S. 119 op rail.lu am Mee 1999 (gekuckt den 20. August 2017)
  107. Journée d'inauguration op mobiliteit.lu, der Websäit vum Verkéiersverbond; gekuckt den 3. Dezember 2017