Op den Inhalt sprangen

Messier 32

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Arp 168)
Messier 32
Foto vum Messier 32, opgeholl vum Hubble-Weltraumteleskop
Stärebild Andromeda (And)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 00h 42m 41,9s
Deklinatioun +40° 51' 57,2"
Ausgesinn
Hubble-Sequenz cE2
Visuell Magnitude +8,1m
Wénkelduerchmiesser 9,1 × 6,6
Flächenhellegkeet
mag/arcmin2 
+12,5
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zu   Lokal Grupp
Distanz   zirka 2,3 Mio. Lj(Lj)
Routverrécklung  0,00069 ± 0,00011
Radialvitess  (−206 ± 32) km/s
Absolutten Duerchmiesser  8000
Mass  3  109M
Geschicht
Entdecker  Guillaume Le Gentil
Entdeckungsdatum  29. Oktober 1749
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
NGC  221
PGC  2555
Arp  168
UGC  452
MCG  +7-2-15
ZWG  535.16
GC  117
h  51
IRAS  00399+4035

De Messier 32 (och als NGC 221 bezeechent) ass eng elliptesch Zwerggalaxie mat de Moossen 9,1'  × 6,6' an der visueller Hellegkeet vun 8,1 mag am Stärebild Andromeda.

Den M 32 ass e Begleeder vun der Andromedagalaxie (M 31) a sou Deel vun der lokaler Grupp. De Messier M 32 ass 2,3 Millioune Liichtjoer vun eis ewech, huet en Duerchmiesser vu ronn 8000 Liichtjoer an huet eng Mass vun zirka 3 Milliarde Sonnemassen. An der Géigend vum Zentrum gi mat 5000 Sonne pro Kubikparsec Stärendichte wéi an der Zentralregioun vun der Andromeda-Galaxie erreecht. Och d'Mass vun der Zentralregioun gläicht mat 100 Millioune Sonnemassen där vum Zentralgebitt vun der Andromeda-Galaxie.

De Messier 32 gouf den 29. Oktober 1749 vum franséischen Astronom Guillaume Le Gentil entdeckt.

Portal Astronomie

Commons: Messier 32 – Biller, Videoen oder Audiodateien