100 Bicher vum Joerhonnert
D'100 Bicher vum Joerhonnert sinn e franséischt Klassement vu Bicher, déi als honnert bescht Bicher vum 20. Joerhonnert ugesi ginn, an am Fréjoer 1999 am Kader vun enger vun der Fnac an dem Le Monde organiséierter Aktioun gewielt goufen.
Bicherbutteker a Journalisten haten eng Lëscht vun 200 Wierker zesummegestallt, aus där du 17.000 Fransousen déi erausgesicht hunn, déi hinnen am Verhalt bliwwe sinn (Originalfro: "Quels livres sont restés dans votre mémoire?").
De Palmarès vermëscht Romaner mat Gedichter, Theaterstécker a Comics. Déi fofzeg éischt Wierker vun der Lëscht sinn de Sujet vun engem Essai vum Frédéric Beigbeder (Dernier inventaire avant liquidation), an deem en notamment de franséischzentréierte Charakter vun der Lëscht ervirhieft (am Ganze 45 vun 100). Et sief och drop higewisen, datt keen eenzegt Wierk no 1981 et méi an d'Lëscht gepackt huet.