27. Mäerz
Ausgesinn
<< | Mäerz | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | ||||
4 | 5 | 6 | 7 | 8 | 9 | 10 |
11 | 12 | 13 | 14 | 15 | 16 | 17 |
18 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 |
25 | 26 | 27 | 28 | 29 | 30 | 31 |
2024 |
De 27. Mäerz ass de 86. Dag vum Joer (de 87. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Zanter 1961 ass de 27. Mäerz de Weltjoresdag vum Theater.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 1928: D'CEGEDEL (Compagnie Grand-Ducale d'Électricité du Luxembourg) gëtt zu Lëtzebuerg gegrënnt.
- 1958: De Nikita Chruschtschow gëtt Regierungschef vun der Sowjetunioun.
- 1968: De Generol Hadji Mohamed Suharto gëtt Staatspresident a Commandant-en-chef vun der Arméi an Indonesien.
- 1977: Kollisioun op Teneriffa tëscht 2 Jumbojeten; 583 Mënsche bleiwe leien.
- 1982: 40.000 Leit manifestéieren zu Lëtzebuerg géint d'Modulatioun vum Index.
- 1993: De Jiang Zemin gëtt Staatspresident vu China.
- 2020: Nordmazedonien gëtt NATO-Member.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 1948: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu London op den Olympesche Summerspiller 0:1 géint Holland.[1]
- 1960: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir déi Olympesch Summerspiller 1960, 0:0 géint Schwäiz.[2]
- 1976: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Esch-Uelzecht 0:2 géint Frankräich.[3]
- 1983: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1984, 2:6 géint Ungarn. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Jeannot Reiter a Romain Schreiner geschoss.[4]
- 1985: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Zenica, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1986, 0:1 géint Jugoslawien.[5]
- 1999: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Göteborg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2000, 0:2 géint Schweden.[6]
- 2002: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Hesper 0:3 géint Lettland.[7]
- 2015: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Žilina (Slowakei) am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 0:3 géint d'Slowakei.[8]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]-
Charles-Mathias Simon
-
Wilhelm Conrad Röntgen
-
Edward Steichen
-
Gloria Swanson
-
Mstislaw Rostropowitsch
-
Quentin Tarantino
- 1781: Charles Joseph Minard, franséische Bauingenieur, Pionéier vun der Infografik.
- 1802: Charles-Mathias Simons, Lëtzebuerger Politiker.
- 1809: Georges Eugène Haussmann, franséische Prefet, huet d'Ëmbauaarbechten zu Paräis geleet.
- 1817: Carl Wilhelm von Nägeli, Schwäizer Botaniker.
- 1818: Erminia Frezzolini, italieenesch Sopranistin.
- 1828: Charles Pêtre, franséische Sculpteur.
- 1845: Wilhelm Conrad Röntgen, däitsche Physiker (Nobelpräis fir Physik 1901)
- 1851: Richard Ernst Kepler, däitschen Illustrateur a Moler.
- 1871: Heinrich Mann, däitsche Schrëftsteller.
- 1879: Edward Steichen, lëtzebuergesch-amerikanesche Fotograf a Curateur.
- 1886: Ludwig Mies van der Rohe, däitsch-US-amerikaneschen Architekt.
- 1886: Émile Eischen, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Lokalpolitiker.
- 1899: Gloria Swanson, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1899: Jules Krüger, lëtzebuergesche Komponist.
- 1901: Carl Barks, US-amerikanesche Comic-Zeechner.
- 1909: Golo Mann, däitschen Historiker, Schrëftsteller a Philosoph.
- 1912: James Callaghan, brittesche Premierminister.
- 1913: Shōji Ueda, japanesche Fotograf.
- 1913: Ernest Mengel, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1917: Jean Stephany, lëtzebuergesche Resistenzler.
- 1925: Philippe Hiquily, franséische Sculpteur.
- 1925: René Kremer, lëtzebuergesche Liichtathleet.
- 1927: Mstislaw Rostropowitsch, russeschen Cellist an Dirigent.
- 1928: François Eisenbarth, lëtzebuergeschen Turner.
- 1928: Erny Schumacher, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1929: Claire Maurier, franséisch Schauspillerin.
- 1930: Henri-Jacques Huet, franséische Filmschauspiller.
- 1933: Robert Castel, franséische Soziolog.
- 1938: Hansjörg Schneider, Schwäizer Schrëftsteller.
- 1940: June Wilkinson, englesch Schauspillerin.
- 1941: Kurt Felix, Schwäizer Tëleesmoderateur a -journalist.
- 1941: Ivan Gašparovič, slowakesche Politiker.
- 1942: Michael York, englesche Schauspiller.
- 1945: Harry Rowohlt, däitschen Auteur, Iwwersetzer a Schauspiller.
- 1949: Dominique Roulet, franséischen Auteur, Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 1952: Maria Schneider, franséisch Schauspillerin.
- 1954: Thers Bodé, lëtzebuergesch Journalistin, Psychologin, Politikerin a Fraerechtlerin.
- 1955: Mariano Rajoy, spuenesche Politiker.
- 1961: Tony Rominger, Schwäizer Vëlossportler.
- 1963: Quentin Tarantino, US-amerikanesche Regisseur, Schauspiller an Dréibuchauteur.
- 1969: Mickey Hardt, lëtzebuergesche Schauspiller, Modell a Kampfsportler.
- 1971: David Coulthard, F1-Pilot.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 1482: Maria vun der Bourgogne, Herzogin vun der Bourgogne (vu 1477 un).
- 1625: James I., Kinnek vun England an Irland, als James VI. Kinnek vu Schottland.
- 1850: Wilhelm Beer, däitsche Banquier an Amateurastronom
- 1926: Otto Braunsberger, Jesuitt an Historiker
- 1938: William Stern, däitsche Psycholog.
- 1944: Pierre Hamer, lëtzebuergesche Politiker.
- 1968: Juri Alexejewitsch Gagarin, russeschen Astronaut, éischte Mënsch am Weltraum.
- 1972: M. C. Escher, hollännesche Kënschtler a Graphiker.
- 1975: Frantz Heldenstein, lëtzebuergesche Sculpteur a Bannenarchitekt.
- 1988: Renato Salvatori, italieenesche Schauspiller.
- 1998: Ferdinand Porsche, éisträichesch-däitschen Autosconstructeur an Entreprener.
- 2000: Ian Dury, englesche Schauspiller, Komponist a Sänger.
- 2002: Billy Wilder, US-amerikanesche Regisseur, Dréibuchauteur a Produzent.
- 2002: Dudley Moore, US-amerikanesche Schauspiller.
- 2007: Paul Lauterbur, US-amerikanesche Cheemiker; Nobelpäisdréier.
- 2010: Gaston Schaber, lëtzebuergesche Psycholog.
- 2011: Farley Granger, US-amerikanesche Schauspiller.
- 2015: Rik Battaglia, italieenesche Schauspiller.
- 2016: Alain Decaux, franséischen Historiker.
- 2018: Stéphane Audran, franséisch Schauspillerin.
- 2023: Marc Eicher, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
Feierdeeg
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 27. Mäerz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Holland-Lëtzebuerg de 27. Mäerz 1948 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz de 27. Mäerz 1960 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frankräich de 27. Mäerz 1976 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Ungarn de 27. Mäerz 1983 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Jugoslawien-Lëtzebuerg de 27. Mäerz 1985 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Schweden-Lëtzebuerg de 27. Mäerz 1999 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Lettland de 27. Mäerz 2002 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ De Lännermatch Slowakei-Lëtzebuerg vum 27. Mäerz 2015 op der Websäit eu-football.info