Emil
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Virnumm Emil. Fir de lëtzebuergesche Film, kuckt wgl. Emil (Film). |
Emil oder Émile och Emile[Source?] ass e männleche Virnumm, deen och zu Lëtzebuerg geleefeg ass. Variante sinn Ëmmel, Mil a Mulles
Den Numm kënnt vum Laténgeschen Aemilius, engem Familljennumm (Nomen gentile). No der Antiquitéit gouf den Numm kaum nach gebraucht a war sou gutt wéi vergiess. Dat huet sech op ee Coup geännert, wéi 1762 dem Jean-Jacques Rousseau säin Erzéiungsroman Émile ou De l'éducation erauskoum.
Duerno gouf den Numm an Europa verbreet. Aner Varianten wéi déi uewe sinn Emilio (am Italieeneschen a Spueneschen), Emiel (am Hollänneschen) oder Eemil, resp. Eemeli am Finneschen.
Déi weiblech Form ass Emilie, Emli oder Milli, Emilia oder Emily (Englesch)