Hollerech

Vu Wikipedia
Versioun vum 23:50, 7. Jan. 2021 vum Melouresbot (Diskussioun | Kontributiounen) (Eifeler, replaced: → (5) using AWB).
Hollerech
Vue op Zéisseng (ënnen, virun den Zuchschinnen), Hollerech (hannert de Schinnen), Märel (hanne lénks) a Belair (hanne riets)
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Hollerich
de: Hollerich
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Awunner 7.699
  31.12.2022
Fläch 160,01 ha
Héicht 293,9 m
Koordinaten 49° 35’ 58’’ N
      06° 06’ 57.3’’ O
Hollerech (blo)
an der Stad Lëtzebuerg (gro)


Vun der Autobunn A4 a Richtung Hollerecher Kierch gekuckt (2016)

Hollerech ass e Quartier am Südweste vun der Stad Lëtzebuerg an eng fréier Gemeng.

Geschicht

Et gëtt ugeholl, datt déi éischt Uertschaft do tëscht dem 5. an dem 10. Joerhonnert entstanen ass. D'Par Hollerech gouf et schonn ëm 980. Deemools goufen Nimm wéi Holdrig oder Holrich gebraucht. Eng méiglech Erklärung vum Numm kéint och déi fréier St-Ulrichs-Kierch am Stadgronn sinn. De Gronn huet deemools zur Par Hollerech gehéiert an aus "Ulrich" kéint iwwer "Ullerich" an "Hullerich" schlussendlech "Hollerech" entstane sinn.

Hollerech war eng Zäit eng eegestänneg Gemeng, am Dall vunn der Péitruss.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gemeng Hollerech.

Laang Zäit war Hollerech eng industriell Plaz. D'Hollerecher Schmelz (Servais-Schmelz) huet mat hiren dräi Héichiewen am Joer 1883 de Produktiounsmaximum vun 19.270 Tonne Stol erreecht. 1886 ass d'Schmelz definitiv zougemaach ginn an 1898 huet sech op där Plaz e Gaswierk etabléiert, d'Hollericher Gaswerk A.G..

Am Zweete Weltkrich krut déi Hollerecher Gare eng traureg Reputatioun. Vun do aus sinn d'Zwangsrekrutéiert fortgefuer a Famille vu politesche Prisonéier an Nazi-Däitschland ëmgesidelt ginn. Nach haut erënneren den Deportatiounsmemorial an e Monument nieft der fréierer Gare un déi däischter Zäit aus der Lëtzebuerger Geschicht.

Haut ass Hollerech bekannt als Paart vun der Escher Autobunn (A4) an d'Stad eran, als de Quartier mam Park-and-Ride Bouillon, der Busgarage vun der Stad Lëtzebuerg, mam Sëtz vun der Banque internationale à Luxembourg (fréier Dexia-BIL), vun der Vereenegung vun de Krankekeesen, vun eeleren industrielle Sitten (Paul Wurth an Heintz Van Landewyck), awer och als Treffpunkt am Stater Nuetsliewen.

An der 2. Hallschecht vun den 2010er Joere goufe Pläng virgestallt, d'fréier Sittë vu Paul Wurth an Heintz Van Landewyck nei ze bebauen, mat virun allem Wunnege fir bis zu 4.000 Leit  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Nei Hollerech.
.

Awunner

Monument aux morts vum Lucien Wercollier, 1965 ageweit
Gebai vun der BIL a Foussgängerbréck iwwer d'Péitruss zu Hollerech

Enn 2010 hunn zu Hollerech 5.961 Leit gewunnt. Op den 31.12.2022 waren et der 7.699. Den Undeel vun de Lëtzebuerger louch bei 25,68 % géintiwwer 74,32 % Auslänner[1].

Hollerecher no Nationalitéit (31.12.2022)
Rang Nationalitéit Awunner Prozent
TOTAL 6 963 100,00%
1 Lëtzebuerg 1 679 24,11%
2 Frankräich 1 386 19,91%
3 Portugal 817 11,73%
4 Italien 522 7,50%
5 Belsch 290 4,16%
6 Däitschland 234 3,36%
7 Spuenien 204 2,93%
8 Rumänien 131 1,88%
9 Vereenegt Kinnekräich 123 1,77%
10 Griicheland 120 1,72%
Top 10 5 506 79,08%
Aner Nationalitéiten 1 457 20,92%

Bekannt Hollerecher

De fréiere Gasometer zu Hollerech (2011)
D'Gebaier vun de Sozialversécherungen op der Escher Strooss

Literatur

  • Etringer, Norbert, 1989. Liebes, altes Hollerich. Verlag Emile Borschette, 172 S. Dréckerei Joseph Beffort, Lëtzebuerg.
  • Etringer, N. (Koord.), 1983. 1000 Jor Por Hollerech 983-1983. Dréckerei J.M. Watgen, Hollerech, 156 S.
  • Etringer, Norbert, 1965. Hollerich. Tatsachen aus der Geschichte einer Vorstadtgemeinde. In: Inauguration du monument aux morts 1940-1945 Hollerich 26 septembre 1965, S. 17-63. Dréckerei Jos Ewen, Lëtzebuerg-Hollerech. 64 S.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Hollerech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. État de la population 2017 - Statistiques sur la population de la Ville de Luxembourg vdl.lu, der Websäit vun der Stad Lëtzebuerg (gekuckt den 8. Februar 2018)