6. November
Ausgesinn
<< | November | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | ||||
4 | 5 | 6 | 7 | 8 | 9 | 10 |
11 | 12 | 13 | 14 | 15 | 16 | 17 |
18 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 |
25 | 26 | 27 | 28 | 29 | 30 | |
2024 |
De 6. November ass den 310. Dag vum Joer (311. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]Europa
[änneren | Quelltext änneren]- 1880: De franséischen Dokter Charles Laveran entdeckt de Malaria-Virus.
- 1921: D'ungaresch Nationalversammlung déklaréiert offziell datt d'Habsburger enttrount sinn. Den István Bethlen gëtt Premier.
Lëtzebuerg
- 1915: D'Regierung Loutsch gëtt vereedegt.
- 1919: D'Groussherzogin Charlotte vu Lëtzebuerg bestit sech mat hirem Koseng, dem Prënz Felix.
- 1956: Honnerte vu Leit protestéiere géint d'Nidderschloe vum Ungaresche Volleksopstand; dobäi gëtt d'sowjetesch Ambassade zu Beggen gestiermt an d'Ariichtung deelweis zerstéiert.
- 1977: 4.000 Leit demonstréieren zu Diddeleng fir d'Erhale vun den Aarbechtsplazen an der Forge du Sud.
- 2002: De Fluch 9642 vun der Luxair verongléckt bei Nidderaanwen, 20 Leit kommen ëm d'Liewen.
Afrika
[änneren | Quelltext änneren]- 1913: Fir géint d'Politik vun der Rassentrennung an der Südafrikanescher Unioun ze protestéieren, passéieren, ënner der Féierung vum Mahatma Gandhi, 2.200 Awanderer vun indeschen Originnen déi fir si gespaarte Grenz tëscht de Provënzen Natal an Transvaal.
- 1975: Ongeféier 350.000 Marokkaner besetzen déi spuenesch Kolonie West-Sahara fir de marokkaneschen Usproch op d'Regioun ze manifestéieren.
Amerika
[änneren | Quelltext änneren]- 1813: No der Rebellioun vun indianeschen Onofhängegkeetskämpfer gëtt d'Onofhängegkeet vu Mexiko ausgeruff. D'Revolutioun brécht 1815 zesummen.
Arabesch Welt
[änneren | Quelltext änneren]- 1979: Den iranesche Premier Mehdi Basargan gëtt op, grad sou wéi all seng Ministeren, an dat fir dem Revolutiounsrot Plaz ze maachen.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 1932: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg 2:2 géint d'Schwäiz. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Robert Theissen a Jean Kremer geschoss.[1]
- 1949: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Charleroi 2:3 géint Belsch. Déi zwéi Goler fir d'Lëtzebuerger huet de François Muller geschoss.[2]
- 1965: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Marseille, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1966, 1:4 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Louis Pilot geschoss.[3]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]-
Carlos II.
-
Adolphe Sax
- 1661: Carlos II., Kinnek vu Spuenien.
- 1781: Giovanni Antonio Amedeo Plana, italieeneschen Astronom a Mathematiker.
- 1807: Hubert Brialmont, belschen Ingenieur.
- 1814: Adolphe Sax, belsche Museksinstrumentebauer, Erfinder vum Saxophon.
- 1857: Émile Prüm, lëtzebuergeschen Industriellen a Politiker.
- 1872: Michel Frédérick, Schwäizer professionelle Vëlossportler.
- 1878: Hubert Loutsch, lëtzebuergesche Politiker.
- 1880: Robert Musil, éisträichesche Schrëftsteller.
- 1881: Guillaume Salomon, lëtzebuergesche Geschäftsmann an Hobby-Zauberer.
- 1886: Joseph Hackin, lëtzebuergesch-franséischen Archeolog.
- 1901: Robert Theis, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1913: Charles Wagner, lëtzebuergeschen Dokter a Politiker.
- 1915: François Dumont, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1921: Yvonne Useldinger, lëtzebuergesch Politikerin a Resistenzlerin.
- 1923: Donald Houston, brittesche Schauspiller.
- 1925: Michel Bouquet, franséische Schauspiller.
- 1931: Mike Nichols, US-amerikanesche Theater- a Filmregisseur.
- 1935: Mathis Wildanger, lëtzebuergesche Moler.
- 1936: Jacques Charrier, franséische Schauspiller.
- 1946: George Young, australesche Rockmuseker.
- 1948: Glenn Frey, US-amerikanesche Rockmuseker.
- 1949: Joseph Zangerle, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1955: Maria Shriver, US-amerikanesch Tëleesjournalistin.
- 1955: Cécile Hemmen, lëtzebuergesch Politikerin.
- 1959: Josée Kirps, lëtzebuergesch Historikerin a Linguistin.
- 1962: Georg Uecker, däitsche Schauspiller an Auteur.
- 1963: Barbara Eligmann, däitsch Moderatorin.
- 1966: Gérard Anzia, lëtzebuergesche Politiker.
- 1970: Ethan Hawke, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1974: Frank Vandenbroucke, belsche Vëlossportler.
- 1977: Dan Biancalana, lëtzebuergesche Politiker.
- 1982: Marc Oberweis, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1988: Tom Neuwirth, éisträichesche Sänger.
- 1993: Jeangu Macrooy, surinamesche Sänger a Lidderschreiwer.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 1691: Marie de Zorn, Grënnerin vum Zivilhospiz zu Lëtzebuerg.
- 1836: Charles X., Kinnek vu Frankräich.
- 1878: André Biver, lëtzebuergeschen Dokter.
- 1893: Pjotr Iljitsch Tschaikowski, russesche Komponist.
- 1916: Jean-Baptiste Didier, lëtzebuergesche Politiker.
- 1951: Thomas Francis Kiely, iresche Liichtathleet.
- 1964: Hugo Koblet, Schwäizer Vëlossportler.
- 1989: Margarete Buber-Neumann, däitsch Publizistin a Schrëftstellerin.
- 1997: Josef Pieper, däitsche Philosoph.
- 1998: Niklas Luhmann, däitsche Soziolog.
- 2002: Michel Majerus, lëtzebuergesche Kënschtler.
- 2002: René Kremer, lëtzebuergesche Liichtathleet.
- 2012: Clive Dunn, brittesche Schauspiller.
- 2014: Manitas de Plata, franséische Gittarist.
- 2015: Fons Kontz, lëtzebuergesche Sänger, Schauspiller, Theaterregisseur an Auteur vun Theaterstécker.
- 2015: Horst Keitel, däitsche Schauspiller.
- 2017: Karin Dor, däitsch Schauspillerin.
- 2019: René Hoffmann, lëtzebuergesche Foussballspiller
- 2023: Antoni Martí, andorranesche Politiker.
Feierdeeg
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 6. November – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz de 6. November 1932 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg de 6. November 1949 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg vum 6. November 1965 op der Websäit vun European Football