Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Klengbetten Grenz
Kaart vun der Linn 5 | |
Linnennummer | 5 |
---|---|
Besëtzer | Lëtzebuerg |
Bedreiwer | CFL |
vu(n) | Gare Lëtzebuerg |
op | Klengbetten Grenz |
iwwer | Gare Hollerech, Gare Bartreng-Stroossen, Gare Mamer Lycée, Gare Mamer, Gare Capellen, Gare Klengbetten |
opgaangen | 15. September 1859 |
Technesch Donnéeën | |
Längt | 18,8 km |
Gréisst Steigung | 5 ‰ |
Klengste Radius | 190 m |
Spuerbreet | Normalspuer |
Fuerrichtung | lénks |
Vitesslimitatioun | 130 km/h, 60 km/h |
Stroumsystem | 25kV Wiesselstroum |
Zuchsécherungssystem | European Train Control System |
Garen - Uschlëss - Brécken Tunnellen - Barriären |
PK | |
Gare Lëtzebuerg | - | |
Lëtzebuerg-Triage | ||
Hollerech | 1,4 | |
A4 | ||
A6 | ||
Ofzweigung Q8 | ||
Ofzweigung Shell | ||
Bartreng-Stroossen | 6,2 | |
Mamer-Lycée | 8,7 | |
Mamer | 9,8 | |
A6 | ||
Ofzweigung NAMSA | ||
Capellen | 13,0 | |
Ofzweigung Klengbettener Millen | ||
Atertlinn | ||
Klengbetten | 17,9 | |
Klengbetten Grenz | 18,8 |
D'Linn 5 vun der lëtzebuergescher Eisebunnsgesellschaft CFL, féiert vu Lëtzebuerg op Klengbetten, a vun do weider op d'belsch Grenz wou se Uschloss un dat belscht Eisebunnsnetz huet, iwwer d'Infrabel-Linn 162 Arel - Namur.
D'Trass fir d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Klengbetten Grenz gëtt vun der Administration des chemins de fer verdeelt. D'CFL bedreift a geréiert d'Infrastruktur vun der Streck, déi am Besëtz vum Lëtzebuerger Staat ass.
Linn
[änneren | Quelltext änneren]D'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Klengbetten Grenz gëtt als Linn 5 bezeechent; am kommerzielle Passagéierverkéier ass se als Linn 50 bekannt[1].
Déi zweegleiseg banaliséiert Streck ass 18,77 km laang. D'Linn 5 ass signaltechnesch gesinn déi modernst Streck vun der CFL; si huet déi neist Stellwierkstechnik, souwéi modern Baussenanlagen (Signalschiermer mat LEDen, Achsenzieleren, digital gesteiert Weichenundriffer, asw.)
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]De Startschoss fir d'Streck ze bauen ass am Mäerz 1858 gefall, wéi d'Vertrieder vum Wëllem sech bei Sterpenich mat deene vum belsche Grand Luxembourg getraff hunn, fir d'Plaz festzehale wou déi zwou Strecke sech treffe sollten. De Kontrakt fir d'Streck ze baue gouf am Mee vum selwechte Joer mat de Bridder Waring ënnerschriwwen. De 15. September 1859 konnt d'Streck a Betrib goen, an déi feierlech Aweiung war de 4. Oktober. Am Ufank war d'Streck eegleiseg mat Passéiergleiser zu Bartreng, Mamer a Klengbetten.
Mëtt der 1950er Jore gouf d'Streck grad wéi déi Belsch Linn 162 elektrifizéiert, an den éischten elektreschen Zuch ass den 28. September 1956 gefuer. Et war bis September 2018 déi eenzeg Streck zu Lëtzebuerg déi mat 3000 Volt Gläichstroum elektrifizéiert war. Zanterhier ass se wéi déi aner Strecken zu Lëtzebuerg mat 25.000 Volt 50 Hz Wiesselstroum elektrifizéiert. D'Linn 5 war och déi lescht Streck déi mam ETCS ekipéiert gouf.
CFL-Uschlëss op der Streck:
- Klengbetten: Atertlinn an Direktioun Hoen (deklasséiert)
Aner Uschlëss:
Iwwer d'Streck fueren den InterCity J an d'Regionalzich vum CFL.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Tëscht Lëtzebuerg an Hollerech
-
D'Gare Mamer-Lycée.
-
Vu Mamer a Richtung Capellen
-
An der Klengbettener Gare vum Polvertuerm aus gesinn. Riets d'Gleis vun der Brëtell vun der Atertlinn
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Klengbetten Grenz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Donnéeën iwwer d'Streck: Réseau Ferré Luxembourgeois - Document de Référence du Réseau 2024, Version 2.0.