Gaspard-Théodore-Ignace de la Fontaine

Vu Wikipedia
Gaspard-Théodore-Ignace de la Fontaine
Gebuer 6. Januar 1787
Lëtzebuerg
Gestuerwen 11. Februar 1871
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Diplomat, Politiker, Affekot
Partei keng
Famill
Bestuet mat Joséphine Francq
Kanner Edmond de la Fontaine, Alphonse de la Fontaine, Léon de la Fontaine
Den Théodore de la Fontaine

De Gaspard-Théodore-Ignace (genannt: Théodore)[1] de la Fontaine, gebuer de 6. Januar 1787 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 11. Februar 1871, war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.

Vun 1807 bis 1810 huet den Théodore de la Fontaine Droit zu Paräis studéiert a gouf am selwechte Joer Affekot um Barreau an der Stad Lëtzebuerg.

Politesch Karriär[änneren | Quelltext änneren]

1816 gouf hie Member vun den États provinciaux. Wéi d'Belsch Revolutioun ausgebrach ass, stoung hien op der Säit vum Wëllem I. vun Holland a war an der Regierungskommissioun, déi d'Stad Lëtzebuerg kontrolléiert.

Vun 1841-1848 war hie Gouverneur vum Grand-Duché. Den 1. August 1848 gouf hien deen éischte Regierungspresident vu Lëtzebuerg, a war gläichzäiteg fir d'Aussebezéiungen, d'Justiz an de Kultus zoustänneg. Mä schonn den 2. Dezember fält d'Regierung.

Den de la Fontaine war vun 1849 bis 1851 am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg.

Den 28. November 1857 gouf hie President vum nei gegrënnte Staatsrot, a blouf dat bis den 10. Abrëll 1868[2].

1871 ass den de la Fontaine an der Stad Lëtzebuerg a senger Wunneng um Knuedler gestuerwen. Hien ass um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Hien huet sech de 25. Juni 1816 (net 1815, wéi een sou dacks liest) zu Déifferdang mat der Joséphine Francq bestuet. D'Hochzäitsmass war dee selwechten Dag an der Parkierch zu Uewerkuer.[3]

Hien ass de Papp vum:

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: De la Fontaine (Famill).

Den Gaspard-Théodore-Ignace de la Fontaine war e lëtzebuergesche Fräimaurer.[4]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Kuck z. B.: Arrêté royal grand-ducal, du 8 juin 1842, concernant la nomination du Gouverneur du Grand-Duché. Mémorial législatif et administratif du Grand-Duché de Luxembourg 1842, N° 35, S. 393. [1]
  2. Lëscht vun de Presidente vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot Gearchiveerd op 2015-09-23. Gekuckt de(n) 2013-01-21.
  3. A. Logelin-Simon: Le mariage des parents d'Edmond de la Fontaine. In: Galerie 27(2009), No 3, S. 427-433.
  4. Quelques francs-maçons luxembourgeois célèbres | Grande Loge de Luxembourg. www.grande-loge.lu. Gekuckt de(n) 2023-04-11.
  5. Dem Theodore Fontaine seng Auszeechnungen op luxemburgensia.bnl.lu