Chamberwale vum 26. Oktober 1919

Vu Wikipedia

Bei de Chamberwale vum 26. Oktober 1919 handelt et sech ëm déi éischt Chamberwalen zu Lëtzebuerg, bei deenen 48 Deputéiert fir an d'nationaalt Parlament duerch dat allgemengt Walrecht gewielt goufen: Eng éischte Kéier hunn och d'Fraen däerfe wielen, an eng éischte Kéier gouf et keng Restriktiounen, datt ee misst eng bestëmmten Zomm Steiere bezuelen, fir däerfe wielen ze goen (Zensus-Walrecht).

D'Allgemengt Walrecht war eng laangjäreg Revendicatioun vun de Sozialisten, an d'Ironie vun der Geschicht wëll et, datt duerch säin Aféieren ausgerechent hire politesche Géigner, d'Rietspartei, staark profitéiert huet: Obwuel d'Zuel vun de Sëtzer vun 53 op 48 erofgaange war, konnt d'Rietspartei hiert Resultat vun 18 op 27 Sëtzer ëm d'Hallschecht verduebelen an domat d'absolut Majoritéit kréien. Si huet sech dann och an der Folleg als traditionell stäerkst Partei am Land kënnen etabléieren.

Resultater[1]

Resultater vun de Chamberwale vum 26. Oktober 1919
Partei Sëtz
  Rietspartei 27
  Sozialdemokratesch Partei 9
  Liberal Liga (oder Radikal Lëscht) 7
  Onofhängeg Nationalpartei (oder Partei Prüm, N.) 3
  Fräi Vollekspartei 2
  Lëscht Mark (S) 0
  Lëscht Joh. Kayser (S) 0
  Onofhängeg Aarbechterpartei (S) 0

{{{1}}}

Sëtzer no Walbezierk [1]

Riets Soz. Lib. On. Nat. Volleks Mark Kayser On. Aarb.
Zentrum 5 3 4 - 0 - - -
Süden 7 4 3 - 2 0 0 0
Osten 7 1
Norden 8 1 3

Gewielt Deputéiert

Gewielt goufen (Situatioun virun der Ernennung vu Ministeren):[1]

Rietspartei

Sozialistesch Partei

Radikal Liberal Partei

Onofhängeg National Partei

Fräi Vollekspartei

Referenzen

  1. 1,0 1,1 1,2 "Die Kammerwahlen vom 26. Oktober." Luxemburger Wort Nr. 272, 29. Oktober 1919, S.1.