Whirlpool-Galaxis

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) NGC 5195)
Whirlpool-Galaxis / M 51 / NGC 5194
D'Whirlpool-Galaxis mat Begleeder
Stärebild Canes Venatici (CVn)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 13h 29m 52.37s
Deklinatioun + 47° 11' 40.8"
Ausgesinn
Hubble-Sequenz SA(s)bc pec;
HIISy2.5
Visuell Magnitude 8,1 mag mag
Visuell Magnitude
(B-Band)
8,9 mag mag
Wénkelduerchmiesser 11.2/6.9
Flächenhellegkeet mag/arcmin² 12,7
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj) (23 ± 4) Mio.
Routverrécklung (+1544 ± 10)  10−6
Radialvitess (463 ± 3)
Geschicht
Entdecker Charles Messier
Entdeckungsdatum 13. Oktober 1773
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
Arp 85
GC 3572
h 1622
IRAS 13277+4727
M 51
MCG +08-25-012
NGC 5194
PGC 47404
UGC 8493
VV 403
ZWG 246.8
KPG 379A
2MASX J13295269+4711429

D'Whirlpool-Galaxis (och Messier 51 oder NGC 5194/5195 bezeechent) ass eng bekannt Spiralgalaxis vum Hubble-Typ Sc, dat heescht mat däitlech opfälleger Spiralstruktur, am Stärebild Canes Venatici. Den M 51 huet eng visuell Magnitude vu +8,40 mag an eng Wénkelausdeenung vun 10.8' × 6.6'. Hir Distanz läit bei ronn 31 Millioune Liichtjoer, awer et gëtt och ofwäichend Miessungen an engem Beräich vun nëmme 15 bis hin zu 37 Millioune Liichtjoer. Et ass eng sougenannt Face-On-Galaxis.

Den M51 huet ee wiesselwierkende Begleeder. Am NGC-Katalog huet deen d'Nummer NGC 5195, den M51 selwer huet d'Nummer NGC 5194. D'Begleetgalaxis ass en irregulären Typ an huet eng Wénkelausdeenung vu 5.9' × 4.6' an eng Hellegkeet vu +9,6 mag.

Am M51 spillt sech am Ament eng aussergewéinlech aktiv Stäregebuert of, déi méiglecherweis duerch d'Gezäitewiesselwierkung mat dem NGC 5195 erbäigefouert gëtt. Dofir huet d'Galaxis en héijen Undeel vu jonken a masseräiche Stären, déi awer mat e puer Millioune Joer nëmme kuerzlieweg wäerte sinn. Am M51 goufe wärend 11 Joer zwou Supernovaen observéiert, d'SN 1994I am Abrëll 1994 an d'SN 2005cs am Juni 2005. Déi zwou Supernovaen hunn d'Enn vu masseräiche Stären als Explosioune vum Typ Ic a vum Typ II markéiert.

Den M 51 ass och dofir interessant, well et eng vun den nooste Galaxië mat aktivem galaktesche Kär ass, eng Seyfertgalaxis vum Typ II. An hirem Zentrum verstoppt sech ee supermassiivt schwaarzt Lach.

D'Galaxis a verschiddene Spektralberäicher[änneren | Quelltext änneren]

D'Galaxis gouf wéinst hirer Hellegkeet an de villen interessante Phenomeener mat verschiddenste Methode genee ënnersicht. Am Röntgenberäich kann een däitlech d'Begleetgalaxis gesinn, wougéint vum M51 selwer nëmmen de Kär geneesou hell ass. Dofir si verschidde Mechanisme verantwortlech. De Kär vum M51 ass hell, well et an him als aktive galaktesche Kär vill Kollisiounen tëscht Gase gëtt, also Stärewand, Supernovareschter géi expandéieren, an d'Akkretioun vun der Matière an dat zentraalt schwaarzt Lach. D'Röntgenstralung vum Begleeder dogéint staamt wuel vun de Koronae vun de sëllege Stäre vum Spektraltyp vun der Sonn a méi spéide Spektraltyppen of. Den ultraviolette Spektralberäich gëtt dogéint vun de Spiraläerm vum M51 dominéiert. Dat läit dorun, datt do aktiv Stäregebuertsgebidder leien an domat vill jonk Stäre vu fréien Typpen, also besonnesch waarm Stären, existéieren, déi am Ultraviolett staark stralen. D'Stäregebuertsgebitt am Spiralaarm tëscht M51 an dem Begleeder ass besonnesch däitlech ze gesinn. D'Stäre vun der Begleetgalaxis sinn an deem Spektralberäich dogéint sou gutt wéi net ze gesinn.

Am siichtbare Liicht sinn d'Undeeler vun de verschiddene Stären ausgeglach. Et erkennt een awer och do un der roudelzeger Faarf vum Begleeder, datt do kaum fréi Spektraltyppen existéieren. D'Gasniwwelen, normalerweis H-II-Gebitt, déi vum rosae Liicht vun de Waasserstofflinnen Hα bis Hδ dominéiert ginn, sinn am Kontrast däitlech verstäerkt, se wiere fir d'A net sou opfälleg. Dës Niwwele stëmme ganz gutt mat de méi hellen Ultraviolettgebidder iwwereneen, wat doru läit, datt d'Waasserstofflinne vun der Balmer-Serie liichten, well d'Niwwelen duerch d'ultraviolett Liicht vun de jonke Stären zum Liichten ugereegt ginn. Am noen Infrarout ass dogéint d'Verdeelung vun de Stäre vu méi spéide Spektraltyppen ze gesinn, déi nëmme wéineg 1000 Kelvin waarm sinn. Si sinn eenzel zwar net sou hell wéi d'Stäre vu méi fréien Typpen, et sinn der awer méi. Am mëttleren Infrarout ass d'Verdeelung vum interstellare Stëbs an der galaktescher Scheif bei verschiddenen Temperature vu wéinegen honnert Kelvin ze gesinn. Sou erschéngt zum Beispill d'Stëbsband um Spiralaarm lénks ënnen, dat d'siichtbart Liicht absorbéiert, donkel virun dem Spiralaarm, wärend et am mëttleren Infrarout selwer liicht. Dat klengt Stäregebuertgebitt, wat do läit ass däitlech siichtbar am Ultaviolett an am Visuellen am Niwwel. Et zeechent sech och am Stëbs als méi waarm wéi d'Ëmgéigend of.

Am Radioberäich, bestëmmen dann erëm Gaswolleken d'Bild, allerdéngs souer mat neutralem Gas a Moleküllen, woubäi d'Stralung vun ënnerschiddlechen Emissiounslinnen och staark ënnerschiddlech verdeelt ass, an doduerch Réckschlëss op Temperatur an Dicht vum Gas erlaabt. Ausserdeem trëtt do den aktive Kär däitlech ervir. De Begleeder ass am Radioband nees däitlech méi donkel wéi den M 51 selwer, well do d'Radiostralung kaum vun de Stäre vu méi engem spéiden Typ, ofgesi vum Wand vu eenzelen AGB-Stären, oder dem Stëbs emittéiert gëtt.

Den aktive Kär[änneren | Quelltext änneren]

Den aktive Kär vum M51

Déi hell Regioun ëmfaasst den aktive Kär vun der Galaxis. Um Bild vun der ganzer Galaxis uewen ass déi Regioun nëmmen e puer Pixel grouss am Zentrum vun der Spiral. Bei enger Distanz vun 30 Millioune Liichtjoer huet déi Regioun een Duerchmiesser vu ronn 120 Liichtjoer. Dat donkelt Band um Bild ass en Torus aus Stëbs, dee mer bal genee op d'Kant gesinn. Op bessere Biller gouf en helle Kär nieft dem donkele Band siichtbar.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Whirlpool-Galaxis – Biller, Videoen oder Audiodateien