Naturschutzgebitt Brill

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Naturschutzgebitt Am Brill)
Naturschutzgebitt
Brill
Land Lëtzebuerg
Plaz Schëffleng
Fläch 19,7 ha
Koordinaten 49°30'32"N, 6°0'18"O
Status Geschützt Zon vun nationalem Intressi
Geschützt zanter 5. Februar 2007
D'Vulleberéngungsstatioun am Schëfflenger Brill. D'Statioun gouf 2017 ageweit.
Weier am Brill (2017).

De Brill ass en Naturschutzgebitt (réserve naturelle) an der Gemeng Schëffleng. An der natierlecher Iwwerschwemmungszon vun der Uelzecht an direkter Noperschaft mat der Uertschaft Schëffleng erstreckt sech e Fiichtgebitt, wouvun zirka 20 ha zanter 1988 ënner Naturschutz stinn.

Den Numm Brill (wéi och dat däitscht Wuert "Brühl") steet fir eng naass Wiss an der Noperschaft vun engem oder e puer Dierfer.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

1988 gouf de Schëfflenger Brill duerch e Règlement grand-ducal vum 20. Dezember als zone protégée ausgewisen.[1]

2007 gouf de Brill (Gemeng Schëffleng) zesumme mam Naturschutzgebitt Am Pudel an de Gemenge Esch-Uelzecht a Schëffleng duerch e Règlement grand-ducal vum 5. Februar 2007 op der Basis vum Naturschutzgesetz vun 2004 als Naturreservater ausgewisen.[2]

Béid Reservater hunn zesummen eng Fläch vu ronn 35 ha.

Am Mee 2017 gouf a Presenz vun der Ëmweltninistesch Carole Dieschbourg eng Statioun fir d'Berënge vu Vigel ageweit.[3]

Renaturéierung[änneren | Quelltext änneren]

Am Schëfflenger Brill (2017).

De Schëfflenger Brill ass eent vun de wéinegen erhalene Fiichtgebidder am staark industrialiséiertem Dall vun der Uelzecht. Duerch d'Industrialiséierung ass e klengen Deel vum suppege Fiichtgebitt zougeschott an ufanks der 1960er Jore mat Drainagen a Pëppeluplanzunge reduzéiert ginn. Am erhalenen Deel goufen an den 1980er Joren éischt Weieren an en Däich ugeluecht, deen d'Uelzecht an hirem sechs Meter déiwe Baachbett laanscht d'Fiichtgebitt gedréckt huet.

Am Joer 2000 ass am Kader vun engem europäesche LIFE-Nature Projet mat der Renaturéierung vun der Uelzecht am Schëfflenger Brill ugefaange ginn, nodeem Bestgener Millen an direkter Noperschaft reegelméisseg bei Héichwaasser iwwerschwemmt gouf. An enger éischter Phas ass de poulriichte Laf vun der Uelzecht op ongeféier engem Kilometer staark verännert an ëm 140 m verlängert ginn. Duerch d'Ofdroe vun de géien Uferen an d'Schafe vun engem grousse breede Baachbett, ass, nodeem sech d'Uelzecht hire Wee selwer gesicht huet, e Summer- an e Wanterbett entstanen. Am neie schlaangefërmegem Bett ass d'Waasserstréimung an domat d'Erosioun reduzéiert ginn. Duerch d'Verschibe vun de Buedemmassen ass d'Bett gehuewe ginn, wou duerch en ettlech Flaachwaasserzonen a Bullisflächen entstane sinn. Si schafen nei Liewensraim a solle gläichzäiteg bei staarkem Héichwaasser als Héichwaasserspäicher déngen.

Scho virun der Renaturéierung, mat där Gebitt ekologesch nei opgewäert ginn ass, ass de Schëfflenger Brill wéinst senger grousser ornithologescher Bedeitung mam groussherzoglechem Reglement vum 20. Dezember 1988 [4] mat 12,5 ha an enger 7,2 ha grousser Pufferzon als Naturschutzgebitt ausgewise ginn. D'Reserv gehéiert gläichzäiteg am Kader vun der EU-Vulleschutzdirectiv 79/409/CE zum Natura 2000-Netz.

Duerch Gesetz vum 5. Februar 2007 [5] gouf de Protektiounsstatus vun der Parzell 4172/8275 a vun engem Dell vun der Parzell 4180/8276 geännert.

Ekologie[änneren | Quelltext änneren]

De Brill zu Schëffleng ass a Bezuch op d'Waasservullewelt vu grousser Bedeitung a gouf zu engem wichtegem Duerchzuchsgebitt a Raschtplaz fir vill Vullen, déi op hirer Duerchrees sinn. Waren an de leschte Joerzéngte virun der Uelzechtrenaturéierung Äisvull (Alcedo atthis), Stackint (Anas platyrhynchos) a Waasserhéngchen (Gallinula chloropus) ze gesinn, sou hu sech d'Aarbechte vun der Ëmännerung vum Flossbett positiv op d'Vullewelt ausgewierkt. Um naturnoe Waasserlaf konnte wärend de follgenden Zäiten éischt Vulle wéi Sandpäifer (Tringa hypoleucos), Bekassinn (Gallinago gallinago) a Giele Wanterpanestäerzchen (Motacilla cinerea) observéiert ginn.

D'Schwaarzt Waasserhong (Fulica atra), de Schwaarze Wisekriibs (Rallus aquaticus) an de Klenge Jäizert (Acrocephalus scirpaceus) bréie gär an de Lëtschen. D'Flaachwaasserzonen am Uferberäich vun de Weiere si vun dichte Lëtschegebidder ageholl, an deenen d'Lëtschen (Phragmites communis) an de Christusstaf (Typha latifolia) dominéieren. Si breede sech wéinst hirer immenser Wuesskraaft lues a lues och am oppene Waasser aus an hunn net nëmmen eng besonnesch Bedeitung als Bréiplaz, mä déngen och als Raschtplaz fir Zuchvullen.

An de Pëppeluplanzungen, an deene sech d'Uelzecht neierdengs hire Wee selwer gesicht huet, bréit de Jhackert (Turdus pilaris) an iwwerwantert déi Kleng Wanterint (Anas crecca) an de Kublang (Tringa ochropus). Dësem Pëppelbësch, deen elo am Iwwerschwemmungsberäich läit an et hei ze naass gëtt, wäert lues a lues verfaulen a sech am Laf vun der Zäit an en natierleche Flossdeltebësch mat senger typescher Vegetatioun entwéckelen. Dat doudegt Holz bitt enger Villfalt vun Insekten en neie Liewensraum.

Naturléierpad[änneren | Quelltext änneren]

An der Reserv ass en Naturléierpad vun ongeféier 3 km mat néng thematesche Statiounen amenagéiert ginn. De Circuit féiert vun der Bestgener Millen aus zum Deel iwwer Holzsteeën duerch d'Lëtschegebitt, de Flossdelltebësch a laanscht zwee Observéierungsstänn nees zeréckt op den Ausgankspunkt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Règlement grand-ducal vum 23. Dezember 1988
  2. Règlement grand-ducal du 5 février 2007 déclarant zone protégée d'intérêt national sous forme de réserve naturelle la zone humide «Am Pudel» englobant des fonds sis sur les territoires des communes d'Esch-sur-Alzette et de Schifflange et modifiant le règlement grand-ducal du 20 décembre 1988 déclarant zone protégée la zone humide «Brill» englobant des fonds sis sur le territoire de la commune de Schifflange. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2020-01-09.
  3. Schmit, R., 2017. Von Schifflingen nach Uganda. Neue Beringungsstation im Naturschutzgebiet Brill soll neue Erkenntnisse über Zugvögel liefern. Luxemburger Wort vum 27./28 Mee 2017, S. 33.
  4. Gesetz vum 20. Dezember 1988 Gearchiveerd op 2016-03-04. Gekuckt de(n) 2009-05-19.
  5. Art. 5. Le régime de protection institué par le présent règlement grand-ducal s'applique également à la parcelle cadastrale 4172/8275 anciennement parcelles cadastrales 4172/8275 et 4180/8276 (partie) qui font partie intégrante de la zone protégée «Brill» déclarée en tant que telle par règlement grand-ducal du 20 décembre 1988. Gearchiveerd op 2016-09-18. Gekuckt de(n) 2009-05-19.